Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees
Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum
Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum
Wéi geet et der Lëtzebuerger Sprooch? Dat ass eng vun
D‘Finanzmakler vun der Wall Street, hu mat vill Freed déi
Geschicht ass eis all allgéigenwäerteg, sou och fir d’Membere vum Lëtzebuerger Veräin Lucilinburhuc. De Club, den nom ale Wuert fir Lëtzebuerg benannt ass, beschäftegt sech mat der Geschicht tëschent 800 viru Christus bis 1500 no Christus. D’Membere probéiere sech dobäi méiglechst genee mam zivillen an militaristesche Liewen auserneen ze setzen.
An der ziviller Duerstellung probéiert den Club dat alldeeglecht Liewen sou genau wéi méiglech ze rekonstruéieren. Dobäi ginn d’Géigestänn, aus dem alldeegleche Liewe vun der Zäit nogebaut an och genotzt. D’Wëssen, fir déi Saachen nozebaue, gëtt aus historeschen, wéi och moderne Quellen aus der aktueller Wëssenschaft geholl.
De Fokus vum Club gëtt dobäi ob déi héchst méiglechst historesch Duerstellung, wéi se aus den aktuellsten archeologeschen an geschichtleche Fuerschunge bekannt sinn, gesat. Presentéiert gëtt dat Ganz dann och ob Lageren an Evenementer, déi bis zu 12 Mol am Joer sinn, meeschtens souguer op historesche Platzen, déi vu verschidde Muséeën aus Europa zur Verfügung gestallt ginn.
Mais net nëmme schéin an historesch auszegesinn ass dem Club wichteg. Och déi militäresch Duerstellung sollt an hirer Form komplett sinn. Fir den Léit ob den Evenementer an Lageren den deemolege Militärtraining sou genee wéi méiglech ze weisen, üben sech d’Clubmemberen och an der aler Fechtkonscht.
D’Kampftechnik gi mat Hëllef vun historesche Fenn a Schrëften an eng visuell Form iwwersat. Onwëssenheeten duerch net komplettéiert Quelle ginn duerch Interpretatiounen an Experimentéiere rekonstruéiert. De Club bitt de Kampfsport och als einfach Trainingsunitéit un, déi Samschdes Owes ofgehale ginn.
A Punkto Mobilitéit schéngt et fréier besser gewiescht ze sinn wéi hautdesdaags. Den heitegen Auto war deemools d’Päerd. Mais net all Mënsch hat déi finanziell Mëttel eent ze besëtzen. Aus dësem Grond stellt de Club och d’Reidkonscht aus den eenzelen Epochen sou gutt ewéi méiglech duer.
Offiziell gëtt et den Club säit 2011 an ass aus Léit entstane, déi sech an hirer Fräizäit gäeren mat der Geschicht ausernaner setzen. Mais net nëmme Geschicht war dobäi wichteg, mee och d’Frëndschaft an d’Zesummekommen ënnert den Memberen huet dësem Club zu senger Grënnung verhollef.
Wien Interessi un Geschicht huet oder och en Kampfsport ob engem aneren Niveau sicht ass ëmmer gäre wëllkomm. Weider Informatioune fannt Dir ënnert www.lucilinburhuc.org
Foto: © Laurent Mehlen /moien.lu