Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Op de Loyer vun de Geschäftslokaler an der Stad Lëtzebuerg verzichten!
Money Neiegkeeten

Op de Loyer vun de Geschäftslokaler an der Stad Lëtzebuerg verzichten!

An dëser Zäit vun den drastesche Restriktiounen, déi der Pandemie

money
Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten
Money Neiegkeeten

Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten

De Generalsekretär vun der OECD, Angel Gurria, huet um Donneschdeg

Och am Bësch kann der gehollef ginn
Money Neiegkeeten

Och am Bësch kann der gehollef ginn

En Tour duerch d‘Gréngs a besonnesch een duerch d‘Bëscher vun

money

Gëschter hunn d‘Solden ugefaangen

Gëschter hunn d‘Solden ugefaangen

Mat bis zu 50% reduzéierte Präisser hunn um Freideg d‘Solden ugefaangen, an den éischten Androck schéngt sech ze bestätegen: D‘Leit hunn drop gewaart! Mee och d‘Geschäftsleit sou frou iwwert den Ëmwee vun de Solden nees frëscht Geld an d‘Keess ze kréien. Op dat allerdéngs elo d‘Perte vum Confinement kann opweien? Wuel kaum, mee et zitt jo emol d‘Clienten un.

Och bei der CLC (Lëtzebuerger Geschäftsverband) wot keen de Bléck an d‘Kristallkugel, mee am grousse Ganze wier de Feedback zum Start vun de Solden „zefriddestellend“. Besonnesch an eiser Haaptstad gëtt begréisst, datt och d‘Gemeng hei eng Hand mat ugeluecht huet. Hei dierfen all d‘Geschäfter bis e Sonndeg 19. Juli hir dieren ophalen, d‘Parkinge Stade a Schumann sinn dann och all Sonndeg gratis.

Elo ass dann d‘Hoffnung grouss, datt dat wat d‘Leit am Confinement gespuert hunn, net dem Onlinehandel, mee de Geschäfter zerguttst kënnt. Bei engem Tour duerch d‘Uewerstad, hat een dann och den Androck, datt d‘Konsumenten tatsächlech de mënschleche Kontakt virzéien. Wou een higekuckt huet, ware d‘Leit mat groussen Tuten ënnerwee oder hunn sech – mat hiren Tuten – eng Paus op der Terrass gegënnt.

Hei gouf erwisenermoossen net gezéckt, wann de gewëschte Produit dee richtege Präis ugewisen huet. Mee et gëtt och net bei allem „elo schonn“ zougegraff. Vill Konsumenten, an hei dierften d‘Dammen an der Majoritéit sinn, ginn d‘Solde mat beduecht un a wëllen op déi zweet Präis- Reduktioun waarden. Kaf ginn also an éischter Linn Saachen, bei deenen ee sech net esou sécher ass, datt si nach bei der zweeter Phas ugebuede sinn.

d‘Solden

© Artem Beliaikin / unsplash

Et ass och kee Geheimnis, datt alles wat mat Moud ze dinn huet, also vu Schong bis Kleeder, a firwat och net, ee flotten Hutt, am Fokus steet. Et war entspriechend eng lass an der Stad, mee net nëmmen do. Och zu Esch, Diddeleng an Déifferdeng, waren um Freideg nees méi Leit an de Stroossen an och hei kaum eng Damm ouni Tut. Erfrëschend no dräi Méint Aschränkungen nees esouvill gutt gelaunte Mënschen ze gesinn.

D‘Mask ass nach ëmmer Flicht an all d‘Geschäfter hunn sech mat Desinfektiounsmëttel fir d‘Hänn agedeckt. Dat gëtt genotzt, ass awer d‘Konditioun, besonnesch wann ee Kleeder wëll an de Grapp huelen iert een an der Kabinn préift, ob och alles esou sëtzt wéi ee sech dat virgestallt huet. Wann dann elo nees d‘Laun vun de Konsumenten an de Geschäftsleit endlech besser ginn ass, esou hunn awer och vill Leit nach Ängschten…

Bei der Commerçante leeft am Hannerkapp nach de méiglechen Zeenario vun enger zweeter Well of, wat zu engem neie Lockdown féiere kënnt. Si setzen hir Hoffnung op d‘Vernonft an de Verstand vun de Leit. An dat och eigentlech och dat eenzegt, wat eiser „neier Normalitéit“ dauerhaft hëlleft. De Covid19 ass, an d‘Gesondheetsministesch kann et net oft genuch widderhuelen, jo net Fort, an och wann den Etat de Kris eriwwer ass, et muss ee weider Uecht doen.

Illustratioun: © Artem Beliaikin / unsplash

Ähnlech Sujeten Konsum, Markenartikel, Solden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel