Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours
Crazy International Neiegkeeten

ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours

Israel huet gëschter Owend bei der Final zu Lissabon, fir

NATO-Ausseminister blécken zu Bréissel an d‘Zukunft
Crazy International Neiegkeeten

NATO-Ausseminister blécken zu Bréissel an d‘Zukunft

Zwee Deeg laang hu sech d‘Ausseminister vun de NATO-Länner zu

angry
Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?
Crazy International Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer

tongue

Groussbritannien: Gesetz fir den EU-Austrëtt vun den Deputéierten ugeholl

Groussbritannien: Gesetz fir den EU-Austrëtt vun den Deputéierten ugeholl

Um Mëttwochowend hunn déi britesch Deputéiert e Gesetzprojet vun der Regierung ugeholl, deen ausschlaggebend ass fir de Brexit ëm- an duerchzesetzen. Et war allerdéngs eng schwéier Gebuert. D‘Exekutive huet dann och net ëmmer gutt ausgesinn, a muss d‘Gesetz elo och nach an der europafrëndlecher „Chamber of Lords“ duerchgesat kréien.

D‘Gesetz fir den Austrëtt aus der EU ass dann och (nëmmen) mat enger klenger Majoritéit vun 29 Stëmmen ugeholl ginn. 324 Deputéiert hunn dofir, 295 haten dergéint gestëmmt.

Et ass datt awer och ee noutwennegt Gesetz, well et Groussbritannien erlabe muss normal ze funktionéieren, wann d‘Nuebelschnouer mat Bréissel ofgetrennt gëtt. Datt ass bekanntlech den 29. Mäerz 2019 de Fall. D‘Gesetz beendegt dann och d‘Virmuechtstellung vum europäesche Recht, soll awer och Gemeinschaftsrecht am britesche Gesetz verankeren.

„Dëst Gesetz ass essentiell fir d‘Land op déi historesch Etapp vum Réckzuch aus der europäescher Unioun virzebereeden“, hat virum Vott de Brexitminister David Davis, den Deputéierte géintiwwer gesot. „Et garantéiert datt mir vum éischten Dag un, eng Legislatioun hunn déi funktionéiert, an en doucen a geuerdenten Austrëtt erméiglecht, so wéi et vum Vollek an den Entreprisen am Kinnekräich gewënscht ginn ass“.

Fir d‘Regierung, déi während den Debatten uerdentlech bei d‘Lisette gelooss ginn ass, huet de Vott allerdéngs och Symbolcharakter, a muss als Victoire esou ugeholl ginn. Et bleift awer eng wackeleg Victoire, well d‘Gesetz och nach den 30. Januar an der „Chamber of Lords“ gepréift gëtt a gestëmmt muss ginn. Net déi einfachst Affär, wann ee bedenkt datt hei eng Majoritéit besonnesch EU-Frëndlech opgestallt ass.

Schonn am „House of Commons“ waren d‘Debatten net einfach, wat och déi grouss bestoend Diskrepanze verdäitlecht, déi et och an der konservativer Majoritéit gëtt. Et sollt ee sech also roueg op „grouss Schluechten“ astellen, besonnesch am Bezuch op d‘Froen zur Verfassung. Déi lénks „Labour“ dierft et dem David Davis net einfach maachen.

Verbessert Versioun

Am Dezember hat déi konservativ Premierministesch Theresa May eng zolidd hannert d‘Läffele kritt, wéi eelef vu „sengen“ Deputéiert mat der Oppositioun gestëmmt haten, wat d‘Regierung gezwongen huet, dem Parlament d‘Modalitéite vun der Scheedung zur Ofstëmmung virzeleeën.

Fir engem erneiten Affront aus de Féiss ze goen, hat d‘Cheffin en Amendement vun dräi Deputéierte mussen unhuelen, deen et erlaabt den Datum vum Austrëtt ze verréckelen, falls d‘Gespréicher mat de 27 EU-Länner sech iwwer Mäerz 2019 erauszéien.

Den David Davis huet ënnerstrach, datt den Text iwwer 80 Stonne laang debattéiert ginn ass, an net manner wéi 500 Amendementer erdroen huet. Hie wier elo ganz frou den Text an der „Chamber of Lords“ virzeleeën, deen elo an enger verbesserter Versioun virläit. De Brexitminister erhofft sech dann och, datt den Text an der zweeter Instanz genee esou „konstruktiv“ gepréift an ugeholl gëtt.

Et läit an der Natur vun der Saach, datt d‘Oppositioun dat anescht gesäit. Esou ass de Referent fir de Brexit vu Labour, de Keir Starmer, nach ëmmer der Usiicht, datt den Text nach ëmmer net de verfollegten Objektiver gerecht gëtt. An och aus den eegene Reien ass d‘Exekutive op e neits kritiséiert ginn.

D‘Justine Greening, déi nach Ufanks Joer op de Posten als Erzéiungsministesch verzicht huet, warnt, datt wann de Brexit fir déi Jonk net favorabel wier, si et kéinten drop ukomme loossen a et versiche géife „ze verbesseren oder ze zerleeë wat mir gemaach hunn“.

Aus dem selwechten Holz ass den Tory Kenneth Clarke geschnëtzt, e passionéierte Verfechter vun der europäescher Iddi, dee sech vun der „Chamber of Lords“ erhofft eng ganz rëtsch Ännerungen um Text virzehuelen.

Gesäit een emol dovunner of, datt sech d‘Theresa May elo an der „Chamber of Lords“ muss duerchsetzen, esou ass déi britesch Regierungscheffin och gehale weider mat Bréissel ze verhandelen, notamment wat d‘Transitiounsperiod ugeet. Ass dat gekläert, ka Groussbritannien an d‘Verhandlungen antrieden, déi sech de Bestëmmunge vum neien Handelsaccord unhuelen.

Keng einfach Situatioun fir d‘Premierministesch, déi méi huet hir eegen Equipp zesummenzehalen. Do ass ee gedeelter Meenung wat eng privilegiéiert Handelsbezéiung, respektiv e „klore“ Schnëtt, ubelaangt. Bréissel hat um Dënschdeg awer verséchert, datt een d‘Dier nach e Sputt ophält, sollt een op der Insel kal Féiss kréien, an zréckrudderen.

mam Martine Pauwels/AFP

Foto: De britesche Brexitminister David Davis, huet eng éischt kleng Victoire ze verzeechnen, well säi Gesetzprojet am Parlament duerchgaangen ass. An der Chamber of Lords, déi besonnesch europafrëndlech agestallt ass, dierft et net méi esou „einfach“ sinn. © Daniel Leal-Olivas/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, David Davis, EU-Austrëtt, Groussbritannien, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    1

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    4

  • Crazy

    10

  • Love

    0