Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!
International Neiegkeeten

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!

Den am Joer 2013 gebauten City Skyliner huet fir déi

Chemnitz: Gewalt géint Journalisten ass seelen esou ausgepräagt
International Neiegkeeten

Chemnitz: Gewalt géint Journalisten ass seelen esou ausgepräagt

Bei den Demonstratiounen zu Chemnitz, déi duerch de Mord un

money
Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck
International Neiegkeeten

Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck

Fir déi siwente Kéier, gëtt et eng „cuvée spéciale“ fir

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz

Am ungaresche Parlament sinn e Mëttwoch déi kontroverséiert Gesetzprojeten zu Justiz an der Aarbechtszäit ugeholl ginn, wat zu heftege Kontestatiounen an de Stroosse vu Budapest gefouert huet. Manifestanten a politesch Oppositioun denoncéieren e „Recht op Versklavung“.

Eng 1.500 Persounen haten sech am Owend virum Parlament zesummefonnt, a verschidde Leit hu symbolesch e Knéi op de Buedem gesat, fir ze symboliséieren, datt si elo vun hirer Regierung zu Sklave gemaach goufen. D‘Gesetzer duerchzekréie war ugesiichts der absoluter Majoritéit vum Viktor Orban senger nationalkonservativer Fidesz kee Problem, a beim Patronat ass d‘Freed grouss.

Mat dësem Gesetz gëtt d‘Zuel vun den Iwwerstonnen, déi d‘Patronat all Joer vu sengem Salariat afuerdere kann, vun 250 op elo 400 Stonnen – dat entsprécht zwee voll geschaffte Méint – ugehuewen. A wann ee grad derbäi ass dem Patronat e Kaddo ze maachen, dann awer richteg: dës Iwwerstonne muss d‘Patronat eréischt no dräi Joer ausbezuelen, géintiwwer engem Joer aktuell.

An anere Wierder, wann et iwwerhaapt derzou kënnt, datt engem Salarié eng Iwwerstonn bezuelt gëtt, handelt sech muss et sech ëm en Iertum handelen. Dat gewosst, kann ee sech e Bild vun de Gesiichter maachen, wei si de President héieren hunn: „D‘Regierung ass op der Säit vun den Aarbechter, dës Gesetzesännerung dréit derzou bäi datt d‘Leit hire Revenu verbessere kënnen“.

Et profitéiert: déi däitsch Automobilindustrie

D‘Géigner vun dësem Gesetz hunn den Drock vun der däitscher Automobilindustrie denoncéiert, déi eng „Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit“ agefuerdert huet. Si gëllt als e „Pilier vun der ungarescher Wirtschaft“. Am Kontext vu feelender Aarbechtskraaft, besonnesch bei der Besetzung vu Posten aus dem Niddregloun-Secteur, sinn déi erzwongen Iwwerstonne fir déi e Seegen.

Zu Budapest haten d‘Manifestante versicht de Parteisëtz vun der Fidesz anzehuelen, an hunn déi berühmte „Bréck vun de Ketten“, déi béid Ufer vun der Donau verbënnt, kuerzzäiteg blockéiert. Déi Deputéiert vun der lénker Oppositioun an och déi extrem riets hu versicht, an enger seelener Demonstratioun vun „Eenheet“ géint d‘Majoritéit, de Vott ze verhënneren.

Am Plenarsall ass gejaut, gepaff an esouguer Sireenen hurele gedoe ginn. De Viktor Orban, deen den Debatte bäigewunnt huet, huet déi „ganz Opreegung“ net u sech eru gelooss. De President vum Parlament, Laszlo Kover, huet sech allerdéngs geiergert, an en „Opstand“ denoncéiert, deen et esou – zanter Ungarn 1990 nees d‘Demokratie zréckgewonnen huet – nach net ginn hätt.

Et ass dann och net esou, wéi wann dem Viktor Orban seng Decisiounen an der EU appreciéiert géife ginn, mee hien ass am Abrëll vu sengem Vollek fir en drëtt Mandat gewielt ginn. Seng Partei verfüügt am Parlament iwwert eng zweedrëttel Majoritéit. Dës ëmstridde Gesetzesännerung am Aarbechtsrecht, ass dann och mat 130 géint 52 Stëmme mat enger Enthalung ugeholl ginn.

D‘Gewerkschafte wëllen dat net op sech sëtze loossen, a ruffen d‘Aarbechter zum Generalstreik op, an et soll – e bëssche wéi a Frankräich – zu Blockage vu Stroosse kommen. Eng Erausfuerderung fir den ungaresche President ass dat awer nëmme bedéngt. Hie kann sech sécher sinn, datt d‘Police a soss Sécherheetskräften him a senger Partei de Réck stäipen. Kritesch Medien gëtt et jo keng méi.

Wann sech d‘Regierung der Justiz ermächtegt

E Mëttwoch ass am Parlament dann och nach e weidert, extrem kontroverséiert Gesetz ugeholl ginn, datt nei „administrativ Geriichter“ schaaft. Juridiktiounen, déi sech notamment mat esou sensibelen Dossiere wéi „Ausschreiwungen“ oder „Onregelméissegkeete bei Wahlen“ ze befaassen hunn. Fir d‘Géigner ass dat ee klore Verstouss géint de Prinzip vun der Gewaltentrennung.

Mat dësem Gesetz erhält de Justizminister eng virdeelhaft Roll an der Ernennung vun de Riichter vum ieweschten administrative Geriichtshaff. Mënscherechtsorganisatioune gesinn an dësem Text eng seriéis Menace fir de Rechtsstaat an Ungarn. Mee de Viktor Orban ass scho méi wéi eng Kéier fir seng „Reforme“ kritiséiert ginn, an bis ewell huet hie säi Wëllen nach ëmmer duerchgesat kritt.

Den ungaresche Justizminister Laszlo Trocsanyi, huet dann och kee grousst Ophiewe, wéinst dësem Gesetz a der Kritik déi deem unhänglech ass, gemaach. Hien erkläert, datt dës Geriichter, déi ab 2020 sollen agesat ginn, d‘Justiz wiesentlech méi effikass maachen. Hien ass och net ofgeneigt, d‘Remarken ze berécksiichtegen, déi vun enger europäescher Expertegrupp solle gemaach ginn.

mat AFP

Foto: Si wollten sech géint déi vum Parlament gestëmmte Gesetzer wieren, an de Sëtz vun der Fidesz – der Partei déi d‘Muecht huet – stiermen. D‘Police konnt dat verhënneren. Zesummestéiss si keng gemellt ginn. © Attila Kisbenedek/AFP

Ähnlech Sujeten Aarbechtszäit, EU-Kommissioun, Fidesz, Justiz, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel