Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: En dommt Gesiicht ouni de gudden Androck
Neiegkeeten WTF

USA: En dommt Gesiicht ouni de gudden Androck

Den Donald Trump hat eegemächteg Entscheet den iranesche Generol Quassem

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“
Neiegkeeten WTF

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“

Um Campus vun der „University of North Carolina“ sinn zwou

Nuklearofkommes mam Iran: Eng däitlech Ofso fir den Duo Trump-Macron
Neiegkeeten WTF

Nuklearofkommes mam Iran: Eng däitlech Ofso fir den Duo Trump-Macron

Iran a Russland hunn um Mëttwoch kategoresch de Versuch vun

surprise

Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer

Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer

A kierzt gëtt an der Chamber iwwert d‘Reform vum Gesetz zur Fréirentereegelung ofgestëmmt. Fir datt do elo net alles aus dem Rudder leeft, hunn sech Vertrieder vum OGB-L nach emol mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit getraff, fir eng op eng Rei Bedenken zu den Auswierkungen op déi Beschäftegt vum Gesondheets- a Sozialwiesen hinzeweisen.

Wéi den OGB-L a sengem Communiqué erkläert, sinn et grad déi Beschäftegt aus dem Gesondheets- a Sozialsecteur déi esouwuel kierperlech wéi och psychesch ganz schwieregen Aarbechtsbedingungen ausgesat sinn. Och déi als „flexibel“ bezeechent Aarbechtszäitmodeller sinn eng stänneg Belaaschtung, där ee muss Rechnung droen.

An esou ass et dann och eng grouss Zuel vun de Salariéeën aus dësem Beräich, déi no laange Jore Schichtaarbecht a Bereetschaftsdéngscht an de Lëtzebuerger Spidäler op d‘Fréirent zréckgräifen. Net, well se net méi wéilten, mee well se net méi kënnen. An hei gëtt et dann och eng ganz Rëtsch Saachen am Gesetzprojet déi der Gewerkschaft net gefalen.

Déi proposéiert Reegelung mat engem 20% Undeel un Nuetsschichten op déi am Mount geleeschten Aarbechtszäit ass fir den OGB-L net akzeptabel. Dat well esou bei enger duerchschnëttlecher Stonnenzuel véier bis fënnef Nuechten de Mount misste vum Salarié geleescht ginn. Dat wär esou net vun alle Betraffenen ze leeschten.

Och hei ass net datt, déi Betraffen et net wéilte maachen, mee et verhält sech esou, datt op de sougenannten „normale“ Statiounen, schlicht net méiglech ass déi Stonne Mount fir Mount nozeweisen, besonnesch net op 20 Joer gesinn. An iwwerhaapt gesäit den OGB-L et als extrem schwiereg un, iwwer 20 Joer e genauen Noweis zu der geleeschter Schicht- respektiv Nuetsaarbecht ze erbréngen.

De Minister huet Versteesdemech – mee weist sech onbeandrockt

De Nicolas Schmit huet Versteesdemech fir déi vun der Gewerkschaft opgewise Konsequenzen, déi mat der Reform op déi Beschäfteg aus dem Gesondheets- a Sozialsecteur zoukommen. Mee Ännerungen am Gesetz wäert et net ginn. Begrënnt gëtt dat vum Minister mat der sougenannter prozeduraler „Fortschrëttlecht“.

Als Zougeständnes sollt een dann dem Nicolas Schmit seng Verflichtung betruechten, déi eng pragmatesch Léisung zu der 20% Reegelung ugeet. Do géif et bei den Ufroen op Fréi-Rent Handlungsspillraum ginn. Eng däitlech oder zumindest verständlech Äntwert ass dat net, an och den OGB-L ass a sengem Communiqué net weider drop agaangen.

Wat déi solidaresch Fréi-Rent betrëfft, déi jo mat der Reform ofgeschaaft gëtt, esou huet de Minister de Vertrieder vun der Gewerkschaft verséchert, datt déi bis zum Enn vum neie Kollektivvertrag bestoe bleift. Ufroen déi bis zum Enn vun de Kollektivverträg „FHL“ an „SAS“ agereecht ginn, géifen zu de bestoende Konditioune behandelt ginn.

Den OGB-L huet dem Minister dann allerdéngs nach emol missen däitlech maachen, datt de Problem vun der Diskriminatioun vun de Mënschen, déi sech aus gesondheetleche Grënn am „Reklassement“ befannen, net geléist ass. Hei géif et eng ganz Rei Grënn, dorënner och d‘Ofschlëss vun de genannte Kollektivverträg, déi d‘Leit an eng onméiglech Situatioun dreiwen.

Laut dem OGB-L hätt de Minister versprach sech der Saach unzehuelen, an dëser „Diskriminéierung“ en Enn ze bereeden. Och hei ass net matgedeelt gi wéi a virun allem wéini dat Versprieche kann ageléist ginn. Am Gesetzprojet selwer ass eng, fir déi Betraffen akzeptabel Léisung elo och net ze fannen. Hei wäert nach driwwer ze schwätze sinn.

Foto: OGB-L Delegatioun bei der Entrevue mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit (© OGB-L)

Ähnlech Sujeten Diskriminatioun, Fréirent, Nicolas Schmit, OGB-L
Nächsten Artikel Virrechten Artikel