Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Kommissioun empfeelt nei Bäitrëttskandidaten
International Neiegkeeten

EU-Kommissioun empfeelt nei Bäitrëttskandidaten

Grad eréischt ass en neit EU-Parlament gewielt ginn an d‘Volleksvertrieder

Aner Länner aner Sitten
International Neiegkeeten

Aner Länner aner Sitten

Mir si matten dran an der Vakanz, wat eis erlaabt

surprise
D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren
International Neiegkeeten

D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren

An der däreger Affär vun der Steewollfabrik mellt sech elo

Gesiichtserkennung: Microsoft deckt sechs Prinzipien op an fuerdert Gesetzer ze maachen

Gesiichtserkennung: Microsoft deckt sechs Prinzipien op an fuerdert Gesetzer ze maachen

En Donneschdeg huet Microsoft géintiwwer der Gesiichtserkennung en Ensembel vu Prinzipien ugeholl, seng Konkurrenten opgeruff et hinne gläich ze maachen, a vun de Regierunge verlaangt, Moossnamen ze ergräife fir en Zoustand, wéi am George Orwell sengem „1984“ ze verhënneren.

„Mir mussen eis versécheren, datt d‘Joer 2024 net enger Säit aus dem Roman 1984 gläicht“, esou de Patron vu Microsoft, Brad Smith, an engem laange Blog-Beitrag, deen eng Ried op de Brookings Institution begleet huet.

„En noutwennegen demokratesche Prinzip war ëmmer, datt keng Regierung iwwert de Gesetzer steet. Haut verlaangt dat vun eis, datt mir d‘Notzung vun der Gesiichtserkennung duerch eng Regierung, dem Rechtsstaat virbehale bleift. Nei Gesetzer kënnen eis op der Wee bréngen“, mengt de President vu Microsoft.

Gesiichtserkennung

© Microsoft

Microsoft wëll seng Prinzipie bis Enn vum éischten Trimester 2019 ëmsetzen, a fuerdert vun den aneren Entreprisen et och esou ze maachen. „Mir sinn der Meenung datt d‘Regierungen ab 2019 Gesetzer schafe mussen, fir dës Technologie ze reguléieren“ füügt de Brad Smith bäi.

Hien huet drop higewisen, datt an dësem Kontext, seng Entreprise wäert Drock maachen, fir datt d‘Regierungen d‘Privatsphär respektéieren. Microsoft hat scho méi fréi am Joer kloer gemaach, datt e Besoin zur Regulatioun vun der Gesiichtserkennung besteet.

Laut hirem Patron, gëtt et ee ganz wichtegt Element: d‘Exigenz vun „enger eeschter Prüfung duerch de Mënsch“, wann d‘Gesiichtserkennung-Algorithme benotzt gi fir essentiell Entscheedungen ze huelen, déi sech op d‘Mënscherechter oder d‘Privatsphär vun enger Persoun auswierken. Déi misst zudeem géint all Form vun Diskriminatioun geschützt ginn.

Ähnlech Sujeten 1984, Brad Smith, George Orwell, Gesetz, Gesiichtserkennung, Microsoft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel