Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muechtwiessel am Sudan
Neiegkeeten

Muechtwiessel am Sudan

Esou séier kann et goen. Am Sudan huet d‘Arméi duerchgegraff

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf
Neiegkeeten

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf

D‘Biergcourse vun Eschduerf, déi traditionell vun der „Union des Pilotes

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz
Neiegkeeten

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz

Gëschter war de Gremium vun der europäescher Vollekspartei (EPP) zesummekomm,

Gesond Ernierung an de Bildungsariichtunge fir Kanner!

Eng nei Guide fir d'Gesondheet vun de Klengsten

Gesond Ernierung an de Bildungsariichtunge fir Kanner!

Scho vu Klengem un muss ee sech ëm seng eege Gesondheet këmmeren. Gesond Iessen a Beweegung dinn net nëmmen der Psych gutt, mee verréngeren och nach de Risiko verschiddene Krankheeten ze kréien. Doduerch, datt d’Kanner ëmmer méi oft an der Schoulkantin iessen, muss och de Beräich vun der Bildung säin Deel zur Gesondheet vun hire Schützlinge bäidroen.

Wéi kritt een d’Kanner scho vu klengem un dozou, sech equilibréiert ze ernieren, genuch frësch Friichten a Geméis den Dag iwwert ze iessen an ze vill Salz an Zocker ewech ze loossen? Dat Ganzt sollt beschtefalls och nach kombinéiert gi, mat enger agreabeler Atmosphär vum kollektive Mëttegiessen, sou datt si hiert Iesse schätzen an opmierksam op d’Gefill vun Honger a Siedegung ginn.

Et ginn einfach esou vill Froen, déi ee sech an der Educatioun an dem Accueil (Crèchen, Maisons Relais, asw.) stellt, fir de Kanner ideal Viraussetzungen am liewen ze bidden. An dobäi ass et wouer, datt an eiser Gesellschaft d’Kanner ëmmer méi an de Schoulkantinnen iessen, déi hiren Deel zur gesonder Ernierung bäidroe mussen, an esou zur Entwécklung vun de Klengste bäidroen. Hir Aufgab an der Fërderung vun der Gesondheet vun der Jugend ass domat essentiell!

Aus dësem Grond huet de Ministère vun der Gesondheet an der nationaler Bildung, de Kanner an der Jugend de Guide „Gesond Ernierung an der Educatioun an dem Accueil fir Kanner tëscht 4 an 12 Joer“ opgestallt.

Gesondheet

D’Fërderung vun der Gesondheet am pedagogeschen Alldag

De Guide ass virun allem fir Persounen opgestallt ginn, déi mat Kanner am Alter tëscht 4 an 12 Joer zesumme schaffen, fir hinnen esou eng equilibréiert Ernierung ze demonstréieren. Esou soll d’Personal aus der Educatioun an der Kichen, d’Ubidder an d’Leeder eng Referenz offréiert kréien am Beräich vun der Bildung an der alldeeglecher Preparatioun vun enger gesonder, ausgewoener Alimentatioun, déi och u méi spezifesch Bedierfnisser vun de Kanner ugepasst ass.

Zu engem gesonde Liewensstil gehéieren nun emol eng Kombinatioun aus Iessen a Sport. An dobäi dierf een net vergiessen, datt fir eng ideal Entwécklung vum Kand genau dës zwee Punkten essentiell sinn. Wien elo schonn eppes Guddes fir sech a seng Gesondheet mëscht, dee kritt och nach Jore méi spéit vum Kierper Merci gesot. Esou kann nämlech de Risiko un diverse Krankheeten, wéi beispillsweis Häerzkrankheeten oder verschidde Kriibszorten, ze erkrankten, verréngert ginn.

De Guide fënnt ee souwuel op Franséich, wéi och op Däitsch um Internetsite vun der Santé, wou Dir all Informatioune gratis erofluede kënnt. Donieft kann och ee ganze Klasseur beim Gesondheetsministère (gimb@ms.etat.lu) als Pabeierform bestallt ginn.

Ähnlech Sujeten Ernierung, Gesondheet, Gesondheetsministère, Guide, Guide „Gesond Ernierung an der Educatioun an dem Accueil fir Kanner tëscht 4 an 12 Joer, Kanner, Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel