Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: E. Coli Bakterien am Kéis vum Match!
Neiegkeeten Sport

iphone dating site

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt a verschiddene

speed dating allentown pa
Neiegkeeten Sport

De CIGL-Esch luet an op seng Randonnée „Roude Buedem“

E Samschdeg 26. Januar organiséiert den Zenter vun der lokaler

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz
Neiegkeeten Sport

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz

Am ungaresche Parlament sinn e Mëttwoch déi kontroverséiert Gesetzprojeten zu

Gesond Iessen, méi beweegen: Wéi kann ee jonk Leit abezéien?

Gesond Iessen, méi beweegen: Wéi kann ee jonk Leit abezéien?

Am Kontext vum nationale Kader Gesond iessen, méi beweegen (GIMB) 2018-2025 invitéiert den exekutive Comité op säin nationalen Dag „Wéi kann ee jonk Leit abezéien?“ um 22. Oktober 2019.

Dësen nationalen Dag gesäit vir, Jugendlecher zu enger gesonder ausgeglachener Ernierung, sou wéi och reegelméisseger physescher Aktivitéit ze motivéieren. Andeems ee sech als éischt u professionell Persounen aus dem formellen an informellen Educatiouns-, Gesondheets- a Sportsecteur wennt, déngt den GIMB-Dag als Informatiounsplattform fir all interesséiert Persounen.

Geet een den Zuele vun der Schoulmedezin no, esou sollen am Enseignement Secondaire am Joer 2018 ganzer 5% vun de Schüler fettsüchteg a bal 8% iwwergewiichteg. Zënter Jore sinn dës Zuelen ongeféier gläich bliwwen, a sinn trotzdeem nach ze héich. Soumat kommen um nationale GIMB-Dag folgend Froen op: Wat hunn Jugendlecher fir Iessgewunnechten? Praktizéiere si reegelméisseg Sport? Wéi eng Recommandatioune ginn et? Wéi kann een Jonker motivéieren eng ausgeglachen Ernierung a reegelméisseg physesch Aktivitéiten duerchzesetzen?

Konkret Iddien?

Duerch eng Rei un thematesche Konferenze ginn am Laf vum Moie folgend Theme méi genau ënnert d’Lupp geholl:

  • D’Evolutioun vun den Iessgewunnechten an dem Sport bei Jugendlechen zu Lëtzebuerg. D’Presentatioun baséiert dobäi op Zuele vun der Etüd „Health behaviour in school-aged children“ vun de Joren 2006 bis 2018.
  • Recommandatioune beim Iessen a verschidde Spezifizitéite bei der Ernierung
  • Facteuren déi Jonker beaflossen an Aktiounen, déi den Interessi an d’Motivatioun fir Sport opbléie loossen.

Am Nomëtteg ginn d’Aktivitéiten dann a Workshops iwwert. Dës hunn als Zil an engem interaktiven Echange nëtzlech Informatiounen zu engem gesonde Liewensstil bei Jonken ze vermëttelen.

De ganze Programm kënnt Dir HEI eroflueden. De GIMB-Dag fënnt Dënschdes, den 22. Oktober vun 9:00 bis 16:00 Auer am Auditoire vum eduPôle (28, route de Diekirch L-7220 Walfer) statt.

Ähnlech Sujeten Ausgeglachen Ernierung, Gesond iessen, GIMB, méi beweegen, Motivatioun, Schoulmedezin, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel