Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?
Neiegkeeten

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?

Wann e Transport-Wëssenschaftler sech Lëtzebuerg ukuckt, da lauschtert ee gären

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten
Neiegkeeten

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten

Wien u Konscht an all senge Formen interesséiert ass, sollt

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert
Neiegkeeten

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert

D‘Parteie vun der Oppositioun hunn de Koalitiounsprogramm ëmfänglech studéiert an

De Gesondheetsministère versprécht eng besser Kommunikatioun

De Gesondheetsministère versprécht eng besser Kommunikatioun

Wéinst der Zounam vun de Covid19-Infektiounen, huet d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) gëschter versprach hir Kommunikatioun ze verbesseren. Et soll besser verständlech a méi Transparent iwwert d‘Situatioun geschwat ginn.

Zanter Méint fuerderen d‘Oppositiounsparteien an d‘Medien eng besser Informatioun, a gëschter huet déi zoustänneg Ministesch dann emol annoncéiert: „Mir wëllen d‘Qualitéit vun den Daten déi mir all Dag den Acteuren um Terrain virleeën, verbesseren“, esou d‘Paulette Lenert an der Villa Louvigny. Ugesiichts deem wéi et bis ewell gelaf ass, muss dann och geliwwert ginn, wann et nees zu engem Vertrauensverhältnes komme sollt.

Bis heihinner – och wa generell net wierklech iwwert d‘Krisegestioun ka gemeckert ginn – ass een am Gesondheetsministère „spuersam“ mat den Daten ëmgaangen, et gouf sech virbehale wiem ee Froe beäntwert an och soss war d‘Kommunikatioun „verhalen“. Kredit gëtt et nach just vun de groussen Haiser, déi natierlech och ee wirtschaftlechen Interessi hunn (Reklammen) de Ball flaach ze halen. D‘Ministesch wäert beweise mussen dat et eescht gemengt ass.

Wat elo de weidere Verlaf vun der Krisegestioun betrëfft, esou heescht et do, datt och wa siwen Teststatiounen an de Stand-by gesat goufen, een am Ministère un der ambitiéiser Test-Strategie wäert festhalen, an elo Mënschen sech och méi oft engem Test ënnerzéien dierfen. Och sollen d‘Zuelen, déi all Dag um Internetsite covid19 nei presentéiert ginn, méi kloer a verständlech sinn. Kléngt gutt, mee dat kënnt alles eppes Spéit.

Et ass definitiv méi liicht d‘Vertrauen ze verléiere wéi dëst opzebauen. D‘Covid19-Gesetz, datt nees an der Hetz huet missen amendéiert ginn, ass nach ëmmer fir de Bierger onverständlech, well staark widderspréchlech. Un esou ee Gesetz hält sech kaum een, woubäi et net verkéiert ass drop hinzeweisen, datt déi mannsten esou eppes liesen, a sech folgerichteg hiert juristescht Wëssen aus de Medien huelen. Esou entsteet Kakophonie…

Bezitt ee sech elo emol op déi éischt „Retrospektiv vun der Woch“ (29. Juli) déi eis zur Iwwersiicht iwwermëttelt gouf, esou ass dës schéi faarweg, stellt déi aktuell an déi virecht Woch géinteniwwer, an enthält masseg Grafiken. Et ass wierklech esou eppes wéi ee Fortschrëtt, woubäi dat net sollt verhënneren, datt een um Ministère och endlech sollt de Journalisten hir Froe sollt beäntwerten, déi si ausserhalb de Pressekonferenze schrëftlech areechen.

Foto: D‘Gesondheetsministesch wëll méi kloer a méi transparent mat der deeglechen Informatioun ëmgoen. Firwat, grad elo wou d‘Neiinfektiounen nees Zouhuelen, och erëm méi Leit am Spidol musse behandelt ginn, an och nees Affer ze bekloe sinn, d‘Covid19-Teststatiounen a de Stand-by gesat ginn ass eis zur Stonn nach ëmmer net erkläert ginn. Esouvill zu der neier Strategie an der Transparenz bei der Kommunikatioun. © MSAN

Ähnlech Sujeten Covid19, Covid19-Gesetz, Gesondheetsministère, Kommunikatioun, Paulette Lenert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel