Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen
No de Quarantänemoossnamen a Reesbeschränkunge vun de leschte Méint sinn
No de Quarantänemoossnamen a Reesbeschränkunge vun de leschte Méint sinn
Déi britesch Regierung huet um Freideg seng Propose, zu den
Am Hibléck op dee fir dëse Mëttwoch erwaarte partielle Lockdown betount den LCGB, datt dës alarméierend Situatioun d‘Verantwortung a gemeinsam Ustrengunge vun alle fuerdert, fir d‘Anhale vun de Moossname sécherzestellen.
Och wann et fir den LCGB weiderhi vu wesentlecher Bedeitung ass, dat anstännegt funktionéiere vun eisem medezinesche System, esouwuel am Hibléck op d‘Covid19-Versuergung, wéi bei anere Pathologie sécherzestellen, esou dierfen den Zesummenhalt an de soziale Schutz bannent dem Land net vernoléissegt ginn.
D‘Salariéeën droe letztendlech keng Schold un dëser Gesondheetskris an hir Existenz dierf net wirtschaftlechen a sozialen Auswierkungen zum Affer falen. Den LCGB bekräftegt dofir, datt déi am Fréijoer gewonnen Erkenntnisser onbedéngt haut mussen ëmgesat ginn. D‘Verantwortung Moossnamen a Léisungen ze diskutéiere, berout op dem wierksamen Instrument vum Sozialdialog zu Lëtzebuerg, der sougenannter Tripartite, dat zum jëtzegen Zäitpunkt ënnert kengen Ëmstänn dierf vernoléissegt ginn.
Den LCGB fuerdert dohier d‘Regierung op, nach viru Joresenn eng Tripartite anzeberuffen, fir datt all d‘Acteuren (Regierung, Patronat a Gewerkschaften) déi noutwenneg Moossnamen zur Vermeidung vun eng Faillitte-Well an deene vum erneite Lockdown betraffe Branchen, esou wéi d‘Auswäitung berode kënnen. Zemools well d‘Gastronomie- a d‘Veranstaltungsbranche, fir nëmmen dës zwee Secteuren ze nennen, schonn duerch den éischte Lockdown am Mäerz staark gebeidelt an duerch déi uschléissend onsécher an turbulent Zäite geschwächt goufen.
Obwuel staatlech Bäihëllefe fir Entreprisen annoncéiert goufen, fuerdert den LCGB d‘Regierung haut op, Moossnamen zur Sécherung vun Aarbechtsplazen, Akommes an d‘Existenze vun de Lounofhängegen ze entwéckelen.
Firwat sollt de sektorielle Sozialdialog net och op déi vu Schléissunge betraffe Branchen, besonnesch der Gastronomie (Horesca) ausgedehnt ginn? Gespréicher oder esouguer eng sektoriell Tripartite mat der Regierung, dem Beruffsverband an de Gewerkschafte kéint d‘Entwécklung vun engem sektorielle Plang zur Oprechterhalung vun der Beschäftegung erméiglechen.
Esou ee Plang kéint entscheedend derzou bäidroen, Entloossungen ze vermeiden, besonnesch duerch d‘Iwwerloosse vu Salariéeën oder esouguer duerch eng Struktur zur Verwaltung vum Personaliwwerhang, vergläichbar mam CDR (Reklassement-Zell) an der Stolindustrie. D‘Beispill Luxair huet déi positiv Auswierkungen enger Uwennung vun dësem Instrument op aner Wirtschaftsbranche gewisen. Eng laangjäreg Fuerderung vum LCGB.
matgedeelt vum LCGB – Iwwersetzung a redaktionell Veraarbechtung: Laure Schlesser
Illustratioun: © Atoms / unsplash