Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Britten hu gewielt!
International Neiegkeeten

D‘Britten hu gewielt!

Laut de leschten Héichrechnungen (03.30 Auer) hunn déi Konservativ (Tories)

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt
International Neiegkeeten

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt

An der Sportshal zu Esch stoung fir déi Escher e

Spärung vun der Rue des Muguets um 7. Mäerz 2020
International Neiegkeeten

Spärung vun der Rue des Muguets um 7. Mäerz 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt et um Samschdeg, de 7.

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt

Elo zu Ufank vun enger seriéiser Pandemie, steet déi britesch NHS virum séchere Kollaps

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt

Wéinst Mësswirtschaft a politesche Feelentscheedunge steet de staatleche Gesondheetssystem (NHS) zanter Joren an der Kritik. Elo ass et dann och Fakt: op déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste Pandemie, ass dee System net virbereet a steet elo virum séchere Kollaps. An awer ass de brittesche Premier zouversiichtlech, bannent zwielef Wochen d‘Blat nees ze wennen.

Dem Boris Johnson säin Optimismus bleift sécherlech „erfrëschend“ an esouguer wann hie sollt Recht hunn – wat een him wënsche kann – léisst sech net méi vun der Hand weisen, datt ganz vill Britten an akuter Gefor sinn, a méiglecherweis d‘Enn vun dësen zwielef Woche guer net méi mat zelebréiere wäerten. Grond dofir ass, datt den „National Health Service“ guer net virbereet ass.

Wou läit de Problem? Ma schonn an „normalen Zäiten“ gëtt a Groussbritannien, engem Land mat ronn 67 Milliounen Awunner, ronn 5.000 Beootmungsapparater op den Intensivstatiounen. Dat si keng siwen op 100.000 Awunner, an esou sinn d‘Britten am Verglach mat den Europäesche Länner ganz schlecht opgestallt. Esouguer bei eisen däitschen Nopere läit d‘Proportioun bei 30/100.000.

Neier loossen sech net emol op Amazon bestellen an zur Stonn dierft éischter esou ausgesinn, datt déi Länner déi Beootmungsapparater hierstellen, fir der Inlanddemande nozekommen, kaum op eng brittesch Bestellung „ëmfänglech“ reagéiere kënnen. Also mussen d‘Britten, déi jo awer am Kader vum „Covid19“ drop ugewise sinn, dës liewesnoutwenneg Maschinnen elo selwer bauen.

„Keep calm and carry on“

Ënnert dësen Ëmstänn muss een awer d‘Britte luewen, déi „roueg bleiwe a weider maachen“. Op der BBC, dem britesche Staatssender, huet d‘Presidentin vun der brittescher Vereenegung vun den Intensivmedeziner, d‘Doktesch Alison Pitard, dann och dëse Manktem nach emol däitlech gemaach an op d‘Konsequenze vun eben dësem Manktem higewisen. Hei si Politik a Wirtschaft gefuerdert.

Gutt et sollen a Groussbritannien nach 3.000 dëser Apparater derbäi komm sinn, mee dat ass déi spréchwiertlech Drëps op de gliddege Steen. E Fakt deen dem Boris Johnson net entgaangen ass, firwat hien déi Industriell elo an d‘Verantwortung hëlt. Esou solle Rolls Royce a JCB (déi stelle Baggeren hir) hir Infrastrukturen op d‘Konstruktioun vu Beootmungsapparater ëmstellen.

Wann et geschichtlech noweisbar ass, datt si op der Insel séier a kompetent op Konfliktsituatioune reagéiere kënnen, esou brauch et fir d‘Hierstellung vu Beootmungsapparater schonn eppes Erfarung. Dat wëll net heeschen datt si dat net kéinten, mee d‘Produktioun net vun elo op direkt ka lancéiert ginn. An et ass och net esou, datt déi zoustänneg Ministère vum Mangel näischt gewosst hätten.

Schold hunn déi successiv konservativ Regierungen, déi zanter Joerzéngten de Gesondheetssystem finanziell ëmmer méi gestrëppt hunn. Dat geet esouwäit, datt säit Joren och d‘Noutfallversuergung hir Missioune kaum nach erfëlle kann. Fir „Extra-Touren“ ass kee Geld do an d‘Apparaturen déi et net gëtt, sinn dann och net den eenzege seriéise Problem, deen d‘Briten aus dem Stand léise sollen.

Op der falscher Plaz gespuert?

Esou huet d‘Nicki Credland, Presidentin vum Verband vun den Intensivfleegekräfte BACCN (British Association of Critical Care Nurses) huet och virum Personalmangel gewarnt an drop higewisen, datt et schlicht net genuch Fleegepersonal am allgemenge gëtt, an am Intensivberäich schonn emol guer net. Mat dëser Personaldecke rennt ee mat oppenen Aen an d‘Verdierfnes .

Si stellt fest, datt esou wéi d‘Situatioun dreet sech ze entwéckelen, op eng Intensivfleegekraaft net ee Patient, mee der därer bis zu aacht komme wäerten, ëm déi si sech ze këmmeren huet. Dat kann net laang gutt goen an am Ausland rekrutéieren, dierft jo den Ament éischter ausgeschloss sinn. Do dreet nieft der sanitärer Kris, och nach eng Gesondheetskris vun ongeahntem Ausmooss.

An dat huet alles och domadder ze dinn, datt de brittesche Gesondheetssystem a sengem Ensembel vum Budget ofhänkt. Gesondheetsdéngschtleeschtungen op der Insel si gratis an d‘Britte cotiséieren net an eng staatlech Krankekeess. An de leschte Joren haten déi konservativ Regierungen sech op Austeritéit an de sougenannte „schlanke Staat“ konzentréiert. Dat kann elo Mënscheliewe kaschten.

E Fait deen de Boris „King of the World“ Johnson, senge Landsleit och knëppelhaart esou op der Tëlee geschëldert hat. Vill Leit géife „virun der Zäit“ vun eis goen, esou de Boris Johnson. An dee weess jo als Premier vu wat hie schwätzt: et ass him jo schliisslech bekannt, datt d‘NHS an de leschte Joren, schonn ënnert de normale Grippewellen an d‘Gette gaangen ass…

Et ass eng Fro vun der Zäit

An et ass erwisen, datt Noutfallpatiente gestuerwe sinn well keng Ambulanzen disponibel waren. Déi hunn – mat Patienten am Won – op de Parkplaze vun de Spidoler gestanen, well Statiounen an d‘Gäng iwwerfëllt waren, datt d‘Ambulancieren hir Patienten an den Urgencen net méi konnten ofginn. Am presente Fall, wou d‘Regierung sech och eppes Zäit gelooss huet, beängschtegend.

Dobäi huet d‘Regierung jo awer fréizäiteg vun engem Pandemie-Risk gewosst. D‘WHO huet schonn zäiteg gewarnt, mee d‘Britten – wéi iwwregens déi meescht aner och – hu relativiséiert. Do wier et sech nach opgaangen, Virbereedunge fir de „worst case“ ze treffen. Dat war net de Fall an esou huet elo néierewou genuch Schutzkleedung, Material, Apparater an eben Infirmieren.

Net ze vergiessen, datt hir genial Iddi sech vun der EU ze trennen, gläichfalls zolidd Konsequenze fir de Gesondheetssystem huet. Dausende Stelle sinn onbesat (vum Aide-soignant iwwer d‘Infirmieren hin zu den Dokteren) an déi vill auslännesch Fleegkräften a medezinescht Personal, sinn esoulaang gemobbt ginn, bis se sech op den Heemwee gemaach hunn. Neier koume keng…

Woubäi, technesch gesinn ass Groussbritannien nach an der Iwwergangsphas. Also net méi an der EU mee nach am Bannemaart. Dat heescht, theoretesch ka London nach op den europäeschen Noutfallpool zréckgräifen an hätt och Zougank zur gemeinsamer Uschafung vun den Apparater. Si setzen elo op Rolls Royce a JCB… Entreprisen déi nach ni Beootmungsapparater gebaut hunn.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Dimitri Karastelev / unsplash

Ähnlech Sujeten BACCN, Beootmungsapparater, Boris Johnson, Coronavirus, Covid19, Groussbritannien, NHS, Pandemie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel