Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esou lues gëtt et enk fir den Donald Trump
International Neiegkeeten

Esou lues gëtt et enk fir den Donald Trump

De fréieren US-Ambassadeur zu Kiew huet de Locataire aus dem

geek
Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen
International Neiegkeeten

Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen

Den US-Justizministère beschëllegt zwee fréier Twitter-Mataarbechter fir de Kont vu

Nee zur Iwwerwaachung vun den Infizéierten!
International Neiegkeeten

Nee zur Iwwerwaachung vun den Infizéierten!

Nodeems et eng Partie Länner op der Welt gëtt, wéi

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel

D‘Mandat vum Jean-Claude Juncker als President vun der EU-Kommissioun geet lues awer sécher op säin Enn zou. Et ass e Posten dee begiert ass, an esou ass et net weider verwonnerlech, datt „d‘Rennen an de Kulisse vu Bréissel“ längst ugelaf ass. Allerdéngs sinn sech d‘Memberlänner alles anescht wéi eens, wat d‘Spillregelen ugeet.

Ee vun de Kandidate fir 2019 deen ëmmer nees als potentiellen Nofolger genannt gëtt, dat ass de Michel Barnier, deen aktuell d‘Verantwortung fir d‘Brexit-Verhandlungen dréit, oder besser operluecht kritt huet. Dee stoung och schonn 2014 als méiglecher Kandidat am Gespréich, mee déi konservativ europäesch Vollekspartei (EPP), hat „eise Mann fir Bréissel“ virgezunn.

De Jean-Claude Juncker war als Spëtzekandidat vun der EPP, déi och d‘Majoritéit am EU-Parlament huet, opgestallt ginn. D‘Prozedur hat et esou gewollt, datt déi politesch „Stréimungen“ déi als Fraktioun zu Bréissel vertruede sinn, esou ee Spëtzekandidat opstellen. De Gedanken hannert der 2014 agefouerte Prozedur, ass datt d‘Presidence un de Kandidat vun der Majoritéit geet.

Fir d‘EU-Parlament, dat de Kommissiounspresident mat enger Wahl bestëmmt, soll dës Method bäibehale ginn. Eng (grouss) Majoritéit vun de Parlamentarier schéngt iwwerzeegt dovunner, datt dëse Virgank déi gréisstméiglech Transparenz garantéiert, an déi eege wéi och déi politesch Legitimitéit vun der Kommissioun stäerkt.

Vertraue kann een net erzwéngen

Zu Bréissel ass een – esou zumindest soll et ausgesinn – beméit och d‘Vertraue vum EU-Bierger ze gewannen, firwat ee sech d‘Fro stellen dierf, op et néideg ass „onverständlech“ ze bleiwen? Déi europäesch Verträg hunn nämlech de Memberlänner d‘Muecht zougedroen, mat enger qualifizéierter Majoritéit de Kandidat fir d‘Presidence vun der Kommissioun ze ernimmen.

An dat och wann d‘Texter esou schwammeg sinn, dat ee mat vill guddem Wëlle kann erausliesen, datt si „datt solle maachen, ënner Berécksiichtegung vun de Walen am Parlament“. Dat muss een net gutt fannen, an genee esou ass dann och: verschidde Staatscheffen, ugefouert vum franséische President Emmanuel Macron, sinn mat dëser Prozedur netz averstanen a prouwen den Opstand.

Am Usaz erkläert sech dat esou: 2014 huet et a verschiddenen Haaptstied zur Frustratioun gefouert, well een net iwwerzeegt war, datt d‘Nominatioun vum Jean-Claude Juncker esou „transparent“ soll gewiescht sinn, wéi dat eigentlech no baussen duergestallt ginn ass. Am Kloertext bedeit datt näischt anescht, wéi datt et der ginn huet déi sech hannert d‘Liicht gefouert gefillt hunn.

Vun do aus war et dann och net wäit bis zur Ausso, datt déi „Method“ zu enger Politiséierung vun der Kommissioun gefouert hätt, woumat d‘Vertrauen an d‘Institutioun beim Bierger zerstéiert ginn ass. An et sinn dann och genee esou Aussoen, déi den Euroskeptiker bei den EU-Wahlen an d‘Hänn spillen, an eventuell dozou kéint féieren, datt en EU-Géigner Kommissiounspresident gëtt.

A well d‘Vertraue vun den EU-Bierger aus (ze) ville Grënn iwwerstrapazéiert ass, hunn dann elo vill EU-Deputéiert sech virgeholl, bei der Plenière zu Stroossbuerg mat der Fauscht op den Dësch ze schloen. Dat dierf awer elo net den Androck maachen, datt et déi nächst Woch zou enger fir den europäesche Bierger novollzéibarer Entscheedung ka kommen.

Et geet och am EU-Parlament grondsätzlech ëm Muecht a Posten, wat dann och erkläert firwat den däitsche Manfred Weber, Fraktiounschef vun der EPP warnt: „Dat europäescht Parlament wäert all Kandidat ofleenen, deen net als Spëtzekandidat virun de Wahle vum EU-Parlament bestëmmt ginn ass“. Vertrauensbildent ass dat elo net, an den Debat versprécht interessant ze ginn.

An de Manfred Weber – e Vertrieder vun der konservativer CSU (Bayern) – adresséiert sech direkt un de Macron: „Wann d‘Regierunge vun de Memberlänner de Versuch ënnerhuelen dëse Prinzip ausser Kraaft setzen, wäerten se mussen erklären, firwat si trotz grousse Riede fir eng demokratesch Verännerung an Europa, si net gewëllt sinn d‘Intransparenz an d‘Geheimniskréimerei opzeginn“.

Alles eng Saach vun der Interpretatioun

Dem Jean-Claude Juncker säin aflossräiche Kabinettschef, Martin Selmayr huet dann och dozou opgeruff, 2019 nach emol d‘Prozedur vun 2014 unzewennen: „En erfollegräiche Spëtzekandidat, dee a ganz Europa Wahlkampf fir eng Majoritéit vu Mandater bedriwwen huet, kritt eng gréisser Legitimitéit als Kommissiounspresident, wéi een deen hannert zouen Diere gewielt ginn ass“.

Dat de Message vum Martin Selmayr via Twitter. A wat sech hei verständlech unhéiert, verstoppt d‘Erkenntnis, datt et och ëm d‘Kredibilitéit vum Kandidat sollt goen. E legitimme Kandidat dee fir den europäesche Bierger net kredibel ass, mécht et den Euroskeptiker einfach mat populisteschen Argumenter d‘Vertrauen an Europa weider ze zerstéieren.

A bis ee sech dann eens ass, gëtt et och keen offizielle Kandidat. De Michel Barnier, fréie Kommissär a schonn e puer mol Minister a Frankräich, huet ni vu sech aus matgedeelt en Usproch op dëse Posten ze stellen. Et ass d‘Verantwortung déi hie beim Brexit-Dossier iwwerholl huet, déi gemaach huet, datt hien nees am Rampeliicht steet.

Zu Bréissel gëtt dann och Leit déi d‘Meenung vertrieden, datt de Michel Barnier eng gutt Aarbecht geleescht, a säin Asaz beim Brexit nees fir Vertrauen an d‘EU-Kommissioun gesuergt hätt. Wien domatter gemengt ass gëtt net preziséiert, mee et ass richteg, datt de Michel Barnier sech duerchaus bewosst ass, wéi ee politescht Kapital hien aus dem Brexit geschloen huet.

Als „Alternativ“ ass och nach rieds vun der Kommissärin fir d‘Konkurrenz Margrethe Vestager. Si kënnt aus dem dänesche sozial-liberale Lager an huet sech ervirgedoen, well si sech mat de „groussen“ (Apple, Google, Amazon…) ugeluecht huet. D‘Margrethe Vestager gëtt als déi politesch Kraaft ugesinn, déi deenen déi net méi un Europa gleewen, nei Hoffnung ka maachen.

Et gëtt dann awer och déi Politiker, déi et sech trotz erwisenem Kredibilitéitsverloscht zoutraue matzespillen. Esou seet de franséische Politiker an aktuelle Kommissär fir Wirtschaft Pierre Moscovici: „D‘Kandidatur fir d‘Presidence vun der EU-Kommissioun kéint mech interesséieren“. Dat kaum een an Europa de franséische Sozialist kennt, stéiert hien nëmme marginal…

mam Danny Kemp/AFP

Foto: Dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker säin Nofolger gëtt 2019 „gewielt“ oder „bestëmmt“. Wéi eng Formuléierung um Enn zoutreffend ass, hänkt och dovunner of op een als EU-Bierger iwwerzeegt ass, datt déi eege Stëmm e Wäert huet, oder een éischter der Meenung ass, datt „aner Kräften“ hei d‘Strëppen zéien. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, Margrethe Vestager, Michel Barnier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel