Search

You may also like

De Wee bei d’Poubelle kann dach net esou schwéier sinn
International Neiegkeeten

De Wee bei d’Poubelle kann dach net esou schwéier sinn

Chirurgesch Masken a Schutzhändschen gehéiere weder an d’Natur oder op

Bréngt de Weltwirtschaftsforum méi Klimaschutz?
International Neiegkeeten

Bréngt de Weltwirtschaftsforum méi Klimaschutz?

Am schwäizereschen Davos treffen sech déi mächteg an déi räich

What the Fakt – Viru 498 Joer erreecht de Magellan de Pazifik
International Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 498 Joer erreecht de Magellan de Pazifik

Um 28. November 1520 kënnt de portugiseschen Entdecker, zesumme mat

Gewalt, Krich a Geschlechterverhältnisser

Gewalt, Krich a Geschlechterverhältnisser

Zur Ofschafung vu Vergewaltegung als Krichswaff musse bewaffent Konflikter beend an d’Geschlechtergläichstellung erreecht ginn.

D’Iwwerreechung vum Friddensnobelpräis 2018 un d’Nadia Murad an den Denis Mukwege réckt sexualiséiert Gewalt als Krichswaff international an de Fokus. Zu Lëtzebuerg huet déi am Mäerz 2019 organiséiert Konferenz „stand speak rise up“ dem Thema zum Anzuch an d’Press an déi ëffentlech Perceptioun verhollef. Am Zentrum stoungen dobäi déi Betraffe selwer, als Individuen, an d’Folge vun dëser zudéifst sexistescher an zerstéierescher Gewaltform.

Mir wëllen dës Perspektiv ergänzen an de Bléck op déi strukturell Ursaache vu sexualiséierter Gewalt a bewaffente Konflikter riichten, fir ze weisen, datt Krich, Geschlechtergläichheet a Vergewaltegung als Krichswaff déi selwecht strukturell Ursaachen hunn. Strukturell Ursaachen, déi och an der Lëtzebuerger Gesellschaft present sinn.

Sexualiséiert Gewalt ass Deel vun all bewaffente Konflikter op alle Kontinenter a fënnt reegelméisseg massenhaft a strategesch seng Uwendung. Dozou ziele sexuell Ausbeutung a Folter, sou wéi Zwangsprostitutioun, Zwangsbestietnesser a Krichsvergewaltegung. Och onmëttelbar no de Kricher si Vergewaltegunge vun de Besigten duerch d’Siger un der Dagesuerdnung. Säit de Strofgeriichtshäff fir Ruanda an dem ehemoolege Jugoslawien gëtt Vergewaltegung explizit als Verbrieche géint d’Mënschlechkeet definéiert.

Och an Zäiten, an deene kee bewaffente Konflikt ënnerhalb vun engem Land stattfënnt, si Frae flächendeckend an a groussem Ausmooss vu Gewalterfarung betraff, déi si virun allem am Privatberäich vun der Famill erliewen. Haislech Gewalt ass keng Ausnahmeerscheinung, mee ass an alle Schichten a Segmenter vun alle Gesellschafte present a geet vu psychologesche Mësshandlunge bis hin zu schwéierer Kierperverletzung a Mord. Eng a Lëtzebuerg liewend, vun haislecher Gewalt betraffe Fra sot am Gespréich mat enger Journalistin, datt si sech wéi am Krich géif fillen, am stännegen Ausnamezoustand, gepräägt duerch Bedreeung a Liewensgefor. Domat dréckt si intuitiv dat aus, wat och aus feministescher Konfliktfuerschung ervirgeet.

Aus feministescher Perspektiv besteet eng Verbindung tëscht de sexistesche Strukture vum Friddens-Alldag an der erschreckender Brutalitéit vu sexualiséierter Gewalt a Krich. Déi (sexualiséiert) Gewalt, déi Fraen a bewaffente Konflikter erleiden, ass den extremen Ausdrock vun der Diskriminéierung, déi si a Friddenszäiten erliewen an d’Folleg vun den ongläiche Muechtverhältnisser an Dominanzstrukturen tëscht de Geschlechter. Männer ginn am Krich net zu skrupellose Vergewalteger, wëll déi gängeg Reegele vun der Zivilisatioun ausgehiewelt sinn.

Vill méi ginn alldeeglech sexistesch Strukturen am Krich verstäerkt an duerch déi patriarchalesch Krichslogik legitiméiert. Deemno gëtt et een direkten Zesummenhang tëscht Vergewaltegung als Krichswaff a Geschlechterongläichheet. Krich ass dobäi keng reng Männerdomaine, mee eng vun alle Geschlechter geschafen a gedroe sozial Wierklechkeet an all handelen se als TäterIn, MattäterIn an Affer zugläich – wann och wuelgemierkt mat ënnerschiddleche Rollen an ongläicher Verantwortung. Frae sinn nach ëmmer Aussesäiterinne vun der politescher, ekonomescher a militärescher Muecht.

Am Krichsgeschéien weist sech den déif verankerte Besëtzusproch vun de Männer a Fraen. Krichsvergewaltegungen hunn direkt méi Funktiounen: déi géigneresch Männer deemiddegen an demoraliséieren, andeem hinne gewise gëtt, datt si „hir Fraen“ net protegéiere kënnen; en Zesummenhalt vun der ugegraffener Gemeinschaft zerstéieren, duerch d’Ächtung vu vergewaltegte Fraen (an zum Deel déi doraus ervirgoend Kanner) ënnerhalb vun hirer Hierkonftsgesellschaft a schliisslech d’ „Inbesitznahme“ vun de Fraen als „Krichs- a Sigertropäen“.

Wa mir Vergewaltegung als Krichswaff ofschafe wëllen, da musse mir bewaffent Konflikter a Geschlechterongläichheeten ofschafen. Béid Moossname sollten tatsächlech erkläert Ziler vun eiser Gesellschaft an eisen EntscheedungdréierInnen an der Politik, Wirtschaft, Wëssenschaft an Zivilgesellschaft sinn. Mir brauchen de Courage ze soen, datt Geschlechterongläichheeten an Ongläichheete generell iwwerwonne kënnen a musse ginn. Fridden ass just da méiglech, wa mir och dovun ausginn, datt Krich iwwerwonne ka ginn. Krich ass kee Schicksal, mee gëtt no politeschem Entscheedungskalkül ugefaangen, gefouert a beend.

Ugesiichts dem aktuellen Zoustand op der Welt schéngt een tatsächlechen an dauerhafte Fridden – net just verstanen als Ofwiesenheet vu militäreschen Ausenanersetzungen, mee och als Gerechtegkeet tëscht de Geschlechter an enger ëmfaassender sozialer Gerechtegkeet – utopesch. Mee woe sollte mir dës Utopie, well just wien ee konkret Zil virun Aen hunn, kann et usteieren an iergendwann erreechen.

Dofir wäerte mir déi duergeluechten Iwwerleeungen zesumme mat zousätzleche VertriederInnen vun der Zivilgesellschaft an der Politik weiderféieren an iwwert d’Verantwortung vu Lëtzebuerg a méigleche konkreten Aktiounen diskutéieren.

Matgedeelt vum Isabelle Schmoetten/CID Fraen an Gender, am Numm vun der Aarbechtsgrupp Fridden an Gender – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics CID Fraen a Gender, Fridden, Geschlechter, Gewalt, Krich, Vergewaltegung
Next post Previous post