Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal
Op Ufro vun der CSV hu gëschter bei enger Videokonferenz
Op Ufro vun der CSV hu gëschter bei enger Videokonferenz
Um Mëttwoch haten sech an der hollännescher Haaptstad d‘Regierungscheffe vun
Wärend d’Mënschheet eng Aart Stëllstand erlieft, beweist d’Natur weiderhin, wat
Gewise gëtt um Owend vun Halloween fir unzefänken den amerikaneschen Horrorfilm Scary Stories To Tell In The Dark (2D, DE, 19:30 Auer). Frësch aus der Maach kënnt d’Grujelgeschicht, no der Virlag vum Alvin Schwartz op de Lëtzebuerger Ecran an erzielt d’Geschicht vun enger Grupp un Teenager, déi an engem verloossenen Haus ee mysteriéist Buch fannen iwwert ee Meedchen, mat ganz besonnesche Fäegkeeten.
Viru geet et mam bluddegen Horrorfilm 47 Metres Down: Uncaged (2D, OV, 22:00 Auer). Wou véier Meedercher beim Tauchen eng antik Ënnerwaasser-Stad entdeckt hunn, konnten si net domat rechnen, an den Territoire vun der déidlechster Hai-Spezies anzedauchen. Elo mussen si ee Wee aus dem klaustrophobesche Labyrinth erausfannen!
Loscht drop – oder besser gesot: Hutt Dir Blutt geleckt? Ënnert all eise Lieser verlouse mir 2 x 2 Tickete fir dës Virstellungen un Halloween (eng Koppel pro Film). Wat Dir dofir maache musst?
Gitt op Facebook Fan vu Moien.lu a vum Ciné Scala. Hannerloosst een Domm erop beim Beitrag an sot eis, wéi ee Film Dir mat wiem wéilt kucke goen.
Ausgeloust gëtt den 30. Oktober um 15:00 Auer. Mir wënsche vill Gléck!