Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Star Trek Discovery weisst sech vu senger explosiver Säit
https://moien.lu/ha-dating-ltd/ Neiegkeeten best dating sites for married

https://moien.lu/whats-a-good-dating-profile-headline/

Nodeems den éischten Trailer fir gemëschte Gefiller gesuergt huet, bréngt

internet dating dos and don'ts
https://moien.lu/ha-dating-ltd/ Neiegkeeten best dating sites for married

D‘Patronat mëscht sech an de Wahlkampf an

Offiziell ass d‘Campagne fir d‘Chamberwahle vum 14. Oktober nach net

De Disney-Fox Deal, erkläert
https://moien.lu/ha-dating-ltd/ Neiegkeeten best dating sites for married

De Disney-Fox Deal, erkläert

Disney huet Fox Entertainment kaft. Et ass wuel ee vun

GEWËNNSPILL 2019: De Lämmy sicht een Doheem!

GEWËNNSPILL 2019: De Lämmy sicht een Doheem!

Riserad, Zockerwatt an … Lämmy?! D’Moien Redaktioun huet um Wee iwwert déi beléift Schueberfouer 2 Lämmyen ee schéint neit Doheem versprach. Vläicht ass dat jo bei Iech?

Nach bis den 11. September fënnt um Glacis d’Schueberfouer statt. Mam offizielle Maskottchen, dem Lämmy, wollt een der aler Tradiitoun no goen an dem Artist Emile Schlesser, och Milli genannt, seng Zeechnung vum Schof an der typescher Truecht zum Liewen erwäsche loossen. Zuelräich Lämmyen an diverse Gréisste warden um Lampertsbierg op eng nei Famill. Zwee vun de muussege Kollegen setze gespaant an eiser Redaktioun!

D’Lämmyen sinn e bëssi méi wéi 30 Zentimeter grouss, zimlech liicht, dofir awer gefréisseg. Wéi mir an eiser kuerzer Zäit vum Zeusmmeliewen matkréien duerften, sinn déi kleng Schof propper an zimlech fleegeliicht. Hire muussege Bauch kréie si gären emol geheemelt, mee dot hinnen dobäi op kee Fall hiert blot Hierm, de roude Foullard an d’Kap of – doriwwer si se nämlech net esou glécklech.

Hir Geschicht an Traditioun, déi si oprecht erhale wëllen, geet nämlech anscheinend bis ëm dat 17. Joerhonnert zeréck. Op der Keelebunn vun der Schueberfouer soll nämlech ee Schof, och Hammel genannt, ze gewanne gewiecht sinn. Wou dunn de Michel Lentz de bekannten „Hämmelsmarsch“ geschriwwen huet, deen net méi vun der Lëtzebuerger Geschicht ewech ze denken ass, huet een eis beléift Schueberfouer mat dësem Lidd an enger Grupp u Schof offiziell opgemaach.

No enger Zeechnung vum Emile Schlesser, dee seng Wierker gären ënnert dem Numm Milli ënnerschreift, ass schliisslech de Lämmy gebuer ginn. Ab dësem Joer leeft hien a Gestalt um Glacis ronderëm, sou datt ee Fotoe mat em maache kann. Um Làmmy-Stand waarde seng Aartgenossen, déi och all de selwechten Numm droen, op eng häerzeg Persoun, déi si mat Heem hëllt.

Lämmy

Jo e kuckt e bëssi belämmert, huet awer ee grousst Häerz © Shari Pleimelding/moien.lu

Ze gewannen…

…oder éischter ze adoptéiere gëtt et 2 x 1 Lämmy (grousse Model) vun der Schueberfouer 2019. Eis läit d’Wuel vun de Schof ganz um Häerzen, wouduerch dir – fir matzemaachen – eis just erkläre musst, wisou grad Dir den neie Besëtzer vum fleegeliichten Déierchen gi sollt. Gitt Fan vu Moien.lu a markéiert eng Persoun, déi sech och iwwert ee Lämmy freeë géif. D’Deelen an /oder Liken vum Gewënnspill ass kee Muss, mee gäre gesinn.

Zum kréinenden Ofschloss vun der Schueberfouer siche mir ënnert alle Participanten déi nei Famille vun eise Lämmyen eraus. Bei dësem Präis kéint ee bal behapten, mir wire vum Lämmes gebass – et war allerdéngs kee vun eise pelzege Kollegen!

Mir wënschen vill Gléck a Freed mam Lämmy!

  Konditiounen

Ähnlech Sujeten Emile Schlesser, Gewënnspill, Hammel, Hämmelsmarsch, Lämmy, Schueberfouer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel