Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zerstéierung vun der Natur: Ab elo gëtt staark kontrolléiert!
Kultur Neiegkeeten

Zerstéierung vun der Natur: Ab elo gëtt staark kontrolléiert!

Nodeems d’Sensibiliséierungscampagne zum richtegen Handelen an Naturschutzgebidder scheinbar bei de

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!

Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet elo matgedeelt hunn, enthalen

D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela
Kultur Neiegkeeten

D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela

Nodeems et dem venezuelaneschen Dissident Juan Guaido net gelongen ass

GEWËNNSPILL 2020: Signéiert Bicher waarden op Iech!

GEWËNNSPILL 2020: Signéiert Bicher waarden op Iech!

Dir sidd, bedéngt duerch de Confinement vu Langweil geplot? Mir schécken Iech op d’Rees, verleeden Iech zu neien Aventuren a Geschichten, zesumme mat de Protagonisten aus de Bicher, déi mir verspillen. Eent sief Iech awer gesot: D’Spannung a Loscht op méi si virprogramméiert!

Am Kader vum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter verlouse mir 6 Bicher, déi Iech mat hirem Inhalt a Staune versetze wäerten. Wat dës Wierker esou besonnesch mécht? Si begeeschteren de Lieser net nëmmen fir d’Literatur a loossen déi perséinlech Imaginatioun opliewen. All eenzelt Buch ass vum jeeweilegen Auteur mat ganz vill Léift signéiert!

Zu de 6 Bicher

Passagier 23 vum Sebastian Fitzek

All 23te Passagéier op enger Croisière verschwënnt ouni Spueren ze hannerloossen. De Martin kennt sech domat aus – hie wëll seng Dämonen um Waasser bekämpfen. Geléngt him dat? Et tauche vill Froen op, hie muss sech entscheeden.

Gewënnspill

Ich vernichte dich vum Brad Parks

Ewéi wäit geet eng Fra fir d’Kand vum Jugendamt erëm ze kréien? Firwat gouf et iwwerhaapt ewech geholl? Ass d’Mamm onschëlleg? Spillt villäicht een anere Spillercher mat hier?

Gewënnspill

Merkels Tochter vum Petra Hammesfahr

Dem Merkel säi Meedche gëtt ermuert – firwat? Op der Sich no Gerechtegkeet muss hien sech tëscht richteg a falsch entscheeden. Wéi vill ass seng Ofrechnung derwäert? E ganzt Liewen?

Gewënnspill

Lifehack vum June Perry

Hunn kënstlech Intelligenzen real Gefiller? Wat geschitt, wann se ewéi d’Mënschen liewe wëllen? Hu mir dann nach eng Chance? Wéi gëtt entscheet wéi wäit dës Roboteren eis Welt dominéieren däerfen?

Gewënnspill

Porzellankind vum Myriane Angelowski

Wéi ass dem Ellis säi klenge Brudder gestuerwen? Dësen Thriller verstéiert a weist eis, dass näischt esou ass, ewéi mir mengen …
Wien ass hei d’Affer?

Gewënnspill

Tranfusion vum Jens Lubbadeh

E Wonnermëttel géint Alzheimer – Fluch oder Seegen? Aus wat besteet d’Medikament? Ass eng moralesch an ethesch Grenz agehalen ginn? Heelung ass jo gutt, mä zu wéi engem Präis?

Gewënnspill

Elo net ëm de Bräi schwätzen

Dir wëllt um Gewënnspill deelhuelen an eent vun dëse 6 fantastesche Bicher gewannen? Ma dat ass ganz einfach:

  • Besicht eis Facebook-Säit a gitt Fan vu Moien.lu an De Bichergeck
  • Hannerloosst een „Domm erop“ beim Beitrag vum Gewënnspill
  • Kommentéiert mam Buch, dat Dir gäre liese wëllt
  • Markéiert ee Kolleg, deen och d’Passioun fir Bicher deelt
  • Deelen ass kee Muss, awer gäre gesinn

Ausgeloust gëtt e Méindeg, de 4. Mee 2020. Mir wënsche vill Gléck!

  Konditiounen

Dëst Gewënnspill ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

D’Beschreiwunge vun den eenzele Wierker komme vum Jessica Mersch (De Bichergeck).

Ähnlech Sujeten Bicher, Brad Parks, Confinement, de Bichergeck, Gewënnspill, Ich vernichte dich, Jens Lubbadeh, June Perry, Lifehack, Literatur, Merkels Tochter, Myriane Angelowski, Passagier 23, Petra Hammesfahr, Porzellandkind, Sebastian Fitzek, Thriller, Transfusion, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel