Search

You may also like

LCGB 1. Mee-Feier: d‘Aarbecht vu muer gestalten!
Kultur Neiegkeeten

LCGB 1. Mee-Feier: d‘Aarbecht vu muer gestalten!

Réimech den éischte Mee 10.00 Auer: um Parvis vun der

Sozialiste gewannen d‘Parlamentswahlen a Portugal
Kultur Neiegkeeten

Sozialiste gewannen d‘Parlamentswahlen a Portugal

Bei de Parlamentswahlen a Portugal huet dem amtéierende Ministerpresident António

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet
Kultur Neiegkeeten

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun

GEWËNNSPILL 2020: Är Plaze beim „Live aus dem Parc“ zu Mäertert!

GEWËNNSPILL 2020: Är Plaze beim „Live aus dem Parc“ zu Mäertert!

Sidd Dir bereet fir Kultur, Spaass a Musek? Am Kader vum „Live aus dem Parc“ zu Mäertert verspille mir Ticketen fir beim Optrëtt vum Lëtzebuerger Bluesmuseker Remo Cavallini oder och beim bekanntsten Elvis-Tribute-Kënschtler, dem Steven Pitman dobäi ze sinn!

Concerten am Fräie sinn endlech erëm méiglech. An esou freeë sech d’Organisateuren e museksbegeeschterte Publikum beim Kiosk am Park zu Mäertert empfänken ze dierfen. Gebuede kritt Dir Är reservéiert Sëtzplaz beim Dësch, eng fantastesch Live-Show, sou wéi och Catering vu lokale Caféen a Restauranten.

Är Chance op musikalesche Genoss

Maacht mat a gewannt

  • 1 x 2 Sëtzplaze fir de Concert vum Remo Cavallini – Freides, de 17. Juli 2020
  • 1 x 2 Sëtzplaze fir de Concert vum Steven Pitman – Samschdes, den. 18. Juli 2020

Alles wat Dir dofir maache musst ass

  • Facebook-Fan vu moien.lu ginn;
  • Dem Beitrag en Domm-erop ginn;
  • Eis matdeelen, wéien Concert Dir wëllt gesinn a wien Dir gär wëllt mathuelen.

Déi glécklech Gewënner zéie mir e Mëttwoch, de 15. Juli 2020 um 18:00 Auer. Mir wënsche vill Gléck!

[button link=”https://moien.lu/konditioune-gewennspill-live-aus-dem-parc/” size=”default” icon=”fa-align-center” side=”left” target=”” color=”3e87cb” textcolor=”white”]Konditiounen[/button]

Weider Informatiounen zu der Concertsrei vu „Live aus dem Parc“ fannt Dir bei eis. Ticketen stinn op www.ticket-regional.lu zum Verkaf. Empfaange gidd Dir ab 18:00 Auer, d’Concerte fänken um 20:00 Auer un. Net vergiessen: Denkt un Är Mask!

Related topics Concert, Deconfinement, Eastcoast Asbl, Elvis Presley, Gewënnspill, King of Rock'n Roll, Kulturkommissioun, Live aus dem Parc, Live-Show, Mäertert, Remo Cavallini, Schutzmask, Steven Pitman, Tribute
Next post Previous post