Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
International Kultur https://moien.lu/dating-a-sagittarius-man-tips/

house speed dating scene

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

https://moien.lu/reddit-dating-r4r/
Welthandel: USA a China ginn openaner duer
International Kultur https://moien.lu/dating-a-sagittarius-man-tips/

Welthandel: USA a China ginn openaner duer

Zu Washington ass een zimlech zefridden, endlech konnt zumindest e

Büchel: Protestaktioun géint atomare Rüstungswettlaf
International Kultur https://moien.lu/dating-a-sagittarius-man-tips/

Büchel: Protestaktioun géint atomare Rüstungswettlaf

D’Campagne “Krieg beginnt hier” an dat interregionaalt Friddensnetzwierk “QuattroPax” ruffen den

Gewënnspill zum weltwäiten Dag vum Autismus 2019!

Gewënnspill zum weltwäiten Dag vum Autismus 2019!

Zum weltwäiten Dag vum Autismus um 2. Abrëll verlouse mir 2 x 1 „Mënsch ierger dech net“ aus dem Biekerecher Atelier vun Autisme Luxembourg Asbl!

Zu dësem besonneschen Aktiounsdag wëllen och mir eis trei Lieser belounen, a wat géif sech an dësem Fall besser eegnen, wéi esou een originellen, individuellen a praktesche Cadeau? Ob Doheem an der Stuff, um Balcon oder dobaussen op enger Terrasse oder och am Park, mat dësem styleschen an eemolegen Design, gefëllt mam Spillklassiker vum Josef Friedrich Schmidt, sidd och Dir sécherlech den Higucker!

Beschreiwung vum „Mënsch ierger dech net!“

De faarwefroue Stoff ass am Atelier vun den Autisten zu Biekerech per Hand a mat vill Häerz zesumme gebutt ginn, sou datt een a Kombinatioun mat de Spillmänncher an dem Wierfel sech wéi an alen Zäiten amuséiere kann – an dat mat engem Unikat! De Stoff besteet baussen aus biologescher Bamwoll an huet een handlechen Duerchmiesser vun 41 Zentimeter.

Bannen ass d’Spill nees aus Bamwoll erstallt ginn, natierlech a Kombinatioun mat de Punkte, fir sech mat der Keramik-Figuren (4×4 Stéck a verschiddene Faarwen) fortzebeweegen. Duerch d’Schnouer kann een de Spillklassiker ganz einfach nom Gebrauch zu engem Beidel zesummen zéien.

© Martine de Lagardère/moien.lu

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wat muss Dir dofir maachen?

Gitt Facebook-Fan souwuel op Autisme Luxembourg Asbl, wéi och op Moien! Kommentéiert d’Bild mat der Äntwert zu folgender Fro:

“Wéi vill Spillfigure sinn um klassesche Mënsch ierger dech net dobäi?”

Mat e bësse Chance gewannt Dir dëse flotte Präis! Mir wënsche vill Gléck!

gewennspill

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wat ass Autismus?

Autismus ass keng Krankheet a kann domat och net geheelt ginn. Vill méi handelt et sech heibäi ëm eng Stéierung, bei der een Problemer an der Entwécklung, bei der sozialer Interaktioun an/oder der Kommunikatioun opweist. Oft äussert sech Autismus och duerch speziell Verhalensweisen a spezifesch Interessen. D’Gravitéit variéiert dobäi vu Persoun zu Persoun.

Autisme Luxembourg Asbl

Schonn am Joer 1982 ass d’Associatioun gegrënnt ginn, fir esou och Autiste Bildung ze vermëttelen. Mëttlerweil bidden si 11 Servicer un an de Beräicher Ënnerbréngung, encadréiert Wunnen, Hëllef Doheem, Fräizäit, Dagesaktivitéiten, Gesondheet, Formatioun an Aarbecht, sou wéi villes méi un.

Dobäi soll all Persoun, déi Autismus huet, wéi och hire Famillen zu all Moment an, an all Liewenslag déi néideg Ënnerstëtzung fannen. Donieft fërderen si an 9 Atelier d’Fäegkeeten an den Interessi duerch handwierklech Aarbecht.

   Konditiounen

Ähnlech Sujeten Autisme Luxembourg Asbl, Autismus, Gewënnspill, Mënsch ierger dech net!, Weltautismusdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel