Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wiessel bei de Jugendherbergen: De Peter Hengel gëtt Direkter
Neiegkeeten

Wiessel bei de Jugendherbergen: De Peter Hengel gëtt Direkter

Um 1. September wäert et un der Spëtzt vum Jugendherbergenverband

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG
Neiegkeeten

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

geek
De Marvel Cinematic Universe, erkläert
Neiegkeeten

De Marvel Cinematic Universe, erkläert

Ween och nëmmen geleeëntlech e Bléck op de Kinosprogramm werft,

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen

Um Samschdeg haten d‘Gewerkschafte SEW (OGBL), de Landesverband (FNCTTFEL) an d‘FGIL all d‘Studenten déi Léieramt studéieren, mee och d‘Stagiairen aus dem Fundamental Unterrecht an de Casino op Bouneweg agelueden, fir de „Punkt“ ze maachen.

Ënnert „de Punkt maachen“ hunn déi genannte Gewerkschaften dann awer éischter verstanen: Drock op de Erzéiungsminister Claude Meisch (DP) auszeüben. Dee géifen se nawell gären dozou beweegt kréien, seng Usiichten am Bezuch op de Mangel un Enseignanten ze iwwerdenken.

An um Sonndeg hunn déi „lénk“ Gewerkschaften am RTL-Presseclub dann och nach vun der Wort-Journalistin ënnert d‘Äerm gegraff kritt. Mat hirer Ausso, datt de Claude Meisch de Prinzip „Divide ut regnes“ géif uwennen, bezitt sech d‘Wort-Journalistin op den Accord tëscht dem Minister an der nationaler Gewerkschaft vun den Enseignante SNE (CGFP).

Esou kritt d‘Fuerderung vun der Gewerkschaftskoalitioun politesch Réckendeckung aus dem konservative Lager, well, an do sollt ee sech näischt virmaache loossen, mat hirer Ausso, huet d‘Wort-Journalistin eng ganz däitlech CSV-Positioun vertrueden.

Datt déi, wann se dann de Ministère am Grapp hätten, et géife besser maachen, dierf een bezweiwelen, well d‘CSV huet dëse Ministère ëmmer „gären“ un de Koalitiounspartner ofginn. Dat deet de Fuerderungen, déi um Samschdeg gestallt goufen, kee Ofbroch, och wann een et op den éischte Bléck net novollzéie kann, firwat ee sech dofir net mam SNE an ee Boot ka setzen.

Dat eegent Hiem ass engem ëmmer am noosten

A wou een de Gewerkschaften da ka Versteesdemech entgéint bréngen, ass de Fait, datt de Minister et virgezunn huet mat, esou ze soen der „Hausgewerkschaft“ ze verhandelen. Eng Verhandlung déi dem SEW/OGBL anscheinend am Virfeld entgaangen ass, woufir de President vum SEW/OGBL, Patrick Arendt, vun enger „geheimer Entrevue“ geschwat huet.

Dat een de Suerge vun de Studenten, déi Schoulmeeschter wëlle gi, muss Rechnung droen, dat well de Minister de Mangel wëll mat „anere“ Bachelor-Studente bekämpfen, ass novollzéibar. An op dat bezunn, mécht d‘Fuerderung, dës (alternativ) Mesure zäitlech ze begrenzen och Sënn. De President vum SEW/OGBL fënnt datt zwee Joer mussen duergoen.

Bei der Begrënnung war et dann allerdéngs nees onverständlech: et soll ee jonk Mënschen, déi um Beruff „Enseignant“ interesséiert sinn, net op falsch Gedanke bréngen, an hinnen keng Geleeënheet bidden iwwert „dës Ofkierzung“ en Job als Enseignant ze erhalen. Do gëtt et der dann awer déi der Meenung sinn, datt ee mat et esou enger Ausso, mam Fanger op déi Falsch Leit weist.

Um Diplom gëtt festgehalen

Esou wéi d‘Konditiounen am Ament festgeluecht sinn, muss ee fir zu Lëtzebuerg Enseignant am fundamental Unterrecht an enger ëffentlecher Schoul ze ginn, en Diplom (Léieramt – Sciences Educatives) vun der Uni-Lëtzebuerg an der Täsch hunn.

Dat ass e Studium deen sech iwwer véier Joer hinzitt, an deen an aner Länner an der Regel dräi Joer dauert. Wien also beispillsweis an der Belsch op Léieramt studéiert, muss zu Lëtzebuerg nach ee Joer drunhänken. Iert een sech da fir déi ëffentlech Schoul interesséiert, stellt de Student „aus dem Ausland“ dann och emol gären eng Kandidatur an enger Privatschoul.

Iwwerhaapt ass et net novollzéibar, datt d‘Politik an d‘Gewerkschaften un „engem Europa fir jiddereen“ festhalen, an den Diplom aus der Belsch net soll duergoen.

Et sinn esou Fakten, déi dozou féieren, esou wéi dat um Freideg vun der Regierung mat der Zoustëmmung vum SNE geschitt ass, datt wien e Bachelor a Mathematik, Sproochen oder Biologie huet, aus Mangel un „Optiounen“, dann elo och dierf Enseignant am fundamental Unterrecht ginn.

A bei all der Opreegung hunn se dann alleguerte vergiess, datt „Enseignant“ virun allem eng „Beruffung“ sollt sinn. Sech ze streiden datt et net genuch vun deem Engen awer ze vill vun deem Anere soll ginn, dierf net vergiessen doen, datt et hei ëm d‘Zukunft vun de Kanner, an domatter och dem Land seng Zukunft geet.

Zefridde mee net averstanen

Datt déi dräi Gewerkschafte SEW – FNCTTFEL – FGIL et begréissen, datt d‘Stageszäit fir d‘Schoulmeeschter vun dräi op zwee Joer erofgesat ginn ass, wier eng gutt Nouvelle, wann do net en „jo mee awer“ wier.

Vun de Gewerkschafte gëtt deemno net den Zäitraum vum Stage a Fro gestallt, mee den Inhalt vun dësem Stage. De Patrick Arendt fuerdert mat Nodrock, datt d‘Stagiairen Ënnerstëtzung, Encadrement an en Tuteur zur Säit gestallt solle kréien. Den zousätzleche Cours op der UNI.LU géif näischt daachen, well een do nëmme scho Bekanntes virgesat kréich.

Eng Ausso déi esou op der Universitéit dierft „groussen Zousproch“ fannen, zemools et och Studente gëtt, déi den zousätzleche Cours als „verlueren Zäit“ bezeechnen. Mee de Gedanke vum Encadrement an engem Tuteur ass esou verkéiert net, woubäi sech op den Zäitpunkt vun „elo“ natierlech och bei de Gewerkschaften d‘Fro misst stellen, wou een déi dann hir soll huelen.

Si reklaméiere méi Enseignante, an dat kann ee mat zwou Hänn ënnerschreiwen. Dat heescht et gëtt der net genuch, a wann et vun deene wou et der net genuch gëtt, elo och nach solle ginn, déi nieft dem Schoulhalen, als Tuteur fir deen een, als Encadreur fir deen aneren, sollen duerhalen, da muss een och erklären, wéi dat soll goen.

Vill Hochzäiten a keng Braut

Datt de Minister ënnert dësen Ëmstänn der Aluedung vun de Gewerkschaften an den iwwer 300 Studenten net nokoum, ass kee gutt Zeechen. Net fir déi wou Agelueden hunn, an net fir dee wou d‘Invitatioun ofgewisen huet.

Fir de Bierger, an hei besonnesch d‘Elteren, déi en Usproch an e Recht op eng gutt Ausbildung vun der Krapperten an der ëffentlecher Schoul hunn, ass d‘Signal, datt sech d‘Fronte verhäerte kee gutt. Datt dann och déi am Enseignement representativ Gewerkschaft SNE, op Distanz zu de Komerode geet, mécht et net méi einfach.

Eppes muss awer däitlech gesot ginn: dat de Claude Meisch de Bildungsdësch wëll hunn, dat muss begréisst ginn. Et muss dem Minister dann awer kloer sinn, datt deen nëmmen da Sënn mécht, wann och déi him kritesch gesënnte Gewerkschafte mat um Dësch setzen.

An datt alles wat do ze berieden ass ëmmer muss d‘Wuel vun de Butzen am Fokus hunn, dat sollten Elterevereenegunge fuerderen, vun allen a mat entspriechendem Nodrock. Beim fundamental Unterrecht geet et eben net einfach emol nëmmen ëm d‘Wuel vum Enseignant, do stinn d‘Schüler am Mëttelpunkt.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Enseignement, FGIL, FNCTFFEL, OGBL-SEW, SNE-CGFP, Uni.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel