Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten
De Skandal ëm d‘Prüfung an Zertifizéierung vu feelerhaften a liewensgefäerdende
De Skandal ëm d‘Prüfung an Zertifizéierung vu feelerhaften a liewensgefäerdende
Dee bäi de leschte Chamberwale vill zitéierte CSV-Kompass schéngt a COVID-19-Zäite ganz
No de Verhandlungen déi den OGBL an d’Direktioun vu Guardian
Spuenien a Groussbritannien hu leschten Donneschdeg 31. Dezember nach a leschter Sekonn eng Grondsazeenegung fonnt, mat där déi brittesch Enklav Gibraltar dem Schengen-Raum bäitrëtt. Ee gudde Virsaz, mat deem verhënnert gëtt, datt d‘Grenz tëscht ebe Spuenien a Gibraltar zou bleift.
Et war am Kontext vun enger Reegelung net anescht wéi eigentlech beim ganze „verhandels“, alles muss um leschte Stëppel decidéiert ginn. Falls esou eng Strategie geduecht ass, méi Vertrauen, dat vun de Bierger an de Wirtschaftsacteure gläichermoossen, ze schafen… da sollten sech d‘Britten no enger neier Strategie ëmkucken. Fir den Ament awer ass emol eng Léisung fir Gibraltar fonnt ginn.
Déi spuenesch Ausseministesch, Arancha Gonzalez Laya, huet zu Madrid bestätegt, datt d‘Enklav och nom Brexit de Reegele vun der Europäescher Unioun ënnerworf ass. Dozou gehéiert dann och d‘Zougehéieregkeet zum Schengen-Raum. Dat dierften sech de Boris Johnson a seng Brexiteers elo anescht virgestallt hunn, woubäi d‘Awunner vu Gibraltar ni op der politescher Linn vum Austrëtt waren. 2016 beim Referendum, hunn sech 96% vun den Leit fir ee Verbleif an der EU ausgeschwat.
Et ass nach drop hinzeweisen, datt dësen „Deal“ konnt zustane kommen, well d‘Gibraltar net Deel vum virleefeg gültegen Handelsofkommes tëscht Bréissel a London ass. 65 Quadratkilometer vum Empire verbleiwen also an der Unioun. Woubäi et elo emol d‘Parlamenter sech mat dësem Accord ze beschäftegen hunn. Den Anstand verlaangt, datt béid Parlamenter dësen Text nach ratifizéieren.
mat indymedia/lon/mad
Illustratioun: De Fiels vu Gibraltar a seng Afen… D‘Awunner vun der Enklav sinn elo wuel keng EU-Bierger méi, dofir bleift hire „Wunnraum“ am Schengen-Raum. Dat bréngt mat sech, datt zu Gibraltar um Fluchhafen d‘Douaneskontroll vun der europäescher Grenzschutzagentur Frontex duerchgefouert gëtt. Richteg ass och, datt Spuenien den Afefiels nach ëmmer wëll erëmkréien. © Christopher Moreno-Stokoe / unsplash