Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Public Forum zum Journalismus: Ureegend Diskussioun, vill oppe Froen
International Neiegkeeten

Public Forum zum Journalismus: Ureegend Diskussioun, vill oppe Froen

Enges muss een dem Forum bei hirer Diskussiounsronn gëschter loossen:

dislikelaughing
Normal ass dat net
International Neiegkeeten

Normal ass dat net

D’Lëtzebuerger Wahlkampf-Saison geet dëst Joer iergendwéi méi fréi lass. Grond ass dem

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell

Ausser mam Brexit, huet ee sech zu Bréissel um EU-Sommet

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert

D‘Erhéijung vun den Taxen op d‘Pëtrolsproduiten, déi vir den 1. Januar 2019 vun der Regierung beschloss gi war, ass annuléiert. Esou zumindest d‘Ausso vum Minister vun der ekologescher Transitioun, François de Rugy, um Mëttwochowend op BFM TV. En Dënschdeg hat d‘Exekutive, nach e Moratoire vu sechs Méint an Erwägung gezunn.

„Esou gëtt et kee faulen Trick. De President (Emmanuel Macron) hat ech virun e puer Minutten um Telefon. Hie sot: ‚d‘Leit hunn d‘Gefill et wier e faulen Trick, datt mir hinne géife soen et géif eng Suspensioun, mee hopp da kënnt et awer‘“, esou de Minister während engem Debat mat Vertrieder vun de giele Gileten.

„Et kënnt alles op den Dësch bei den Debaten déi mir proposéiert hunn (…) an da mussen déi richteg Schlëss aus dësem Debat gezu ginn. Gëtt et aner Méiglechkeeten? Muss un der Tax festgehale ginn? Dat alles muss debattéiert ginn“, esou de François de Rugy.

Am Nomëtteg hat de Premierminister virun der Assemblée seng Entscheedung, d‘Erhéijung vun der Karbon-Tax aus dem Budget 2019 ze huelen, verdeedegt. „D‘Hausse vun der Karbon-Tax ass net méi am „Projet de Loi Finances“ (PLF) vun 2019, an all Léisung muss sech aus dem Debat erginn“, esou den Edouard Philippe.

Wat eng Kakophonie

Hien hat awer net ausgeschloss, datt dës Hausse an de Budget rectifié kéint agedroe ginn, wann den Debat an de Regiounen ofgeschloss ass. Um Owend dann d‘Informatioun aus dem Elysée-Palais: „De President vun der Republik an e Premierminister hu gemeinsam de Wonsch zum Ausdrock bruecht, datt d‘Hausse vun der Karbon-Tax, wéi am PLF 2019 virgesinn, suppriméiert gëtt“.

Am Communiqué heescht et weider: „Den Debat ‚Citoyen et Parlementaire‘ vun de kommende Wochen a Méint, muss et erlaben déi Léisungen a Finanzementer ze fannen, déi eng Äntwert op d‘Erausfuerderunge vun der ekologescher Transitioun sinn. Léisungen, déi d‘Kafkraaft vun eise Bierger erhält“.

Reng „technesch“ betruecht, a trotz dem Wëlle vun der Exekutive net den Androck vun engem „faulen Trick“ opkommen ze loossen, verschléissen d‘Deklaratioune vum François de Rugy an dem Elysée, net endgülteg d‘Dier fir e Retour zur Erhéijung vun der Karbon-Tax am laf vun 2019.

„Annulatioun. Aktéiert. Dat war schonn de Fall wëll de Senat d‘Hausse vun den Taxe während der Lecture vum PLF2019 an der héijer Kummer annuléiert huet“, stellt d‘Marine Le Pen, Presidentin vum Rassemblement National (RN) op Twitter fest. „De President muss sech onbedéngt mat sengem Wuert engagéieren, datt dës Tax net iwwert de Rectifié am Fréijoer net opgeholl gëtt“.

An der Assemblée huet d‘Nouvelle vun der Annulatioun, bei den Oppositiounsdeputéierten zu Ausbréch vu Roserei gefouert. Esou beim Fabien Di Filippo (Les Republicains), deen der Usiicht ass, datt d‘Debate vum Nomëtteg „mat Féiss getrëppelt“ an duerch d‘Annonce „onwierksam“ gi sinn. Interessant, wou och hie gefuerdert hat, d‘Hausse vun der Tax op d‘Pëtrolsproduite soll suppriméiert ginn.

Juristesche Kaderprogramm

Während zu Paräis déi héich Politik zréckgeruddert ass, an domatter de giele Gileten eng kleng Victoire geschenkt huet, stoungen zu Sarreguemines fënnef „Manifestanten“ virum Riichter. Si goufen alleguerten zu Prisongsstrofe mat Sursis veruerteelt, wëll si de leschte Samschdeg zu St. Avold mat Steng op d‘Police lassgaange sinn. Mat 3 bis 6 Méint kommen si gutt ewech…

Géint déi beschëllegt, am Alter vu 24 bis 47 Joer, ware fest Prisongsstrofe vun 10 bis 18 Méint, inklusiv Haftbefehl, gefuerdert ginn. D‘Rabbelkäpp sinn ugeklot ginn, wëll si während der Maniff vun de giele Gilete mat Steng op d‘Poliziste lassgaange wieren. D‘Procureure, Anne Mousty, hat en Opstand géint d‘Autoritéiten denoncéiert.

„Si (d‘Autoritéiten) si vun dëser Mënschemass, déi keng Manifestante méi waren, mee geziilt a voller Roserei Poliziste wollten ugräifen, iwwerrannt ginn“, esou d‘Anne Mousty, déi eng Mass u Mënsche beschriwwen huet, déi net méi iwwerleeën, wou nëmmen nach Gewalt ausgeüübt gëtt.

Eigentlech „normal“ Leit

De jéngste vun den Ugekloten, huet sech sechs Méint mat Sursis agehandelt, och wëll hie während de Virfäll eng Alarm-Pistoul gezéckt hat. Geschäftsmann, Selbstänneg, Chômeur, a Formatioun oder Interimaire… déi meescht Familljepappen… alleguerte ware se beméit hir Bedeelegung „kleng ze halen“.

Fir dräi vun hinnen, hätt et richteg deier kënne ginn. Si ware beschëllegt ginn e Kommissär zerschloen ze hunn. D‘Geriicht huet d‘Relax ausgeschwat, an hinnen den Benefice vum Doute zougestanen.

Giel Gileten:

Geziilten Asaz vu Gewalt géint d‘Autoritéiten. Ass et schonn en Opstand? Léist et sech begrënnen? Den Ament si vill Geriichter bei eisen Nopere mat genee dëse Froe beschäftegt. (hei eng Opnam vum Samschdeg 1. Dezember op der Avenue vun de Champs Elysées) © Alain Jocard/AFP

De Kommissär war vun enger Dose gewaltbereet an determinéiert Männer ëmzéngelt ginn, an huet der zolidd op d‘Schnëss kritt, wéi et de President vum Geriicht, Ludovic Grüning beschriwwen huet. Et war Polizisten, duerch de massiven Asaz vun Tréinegas, gelongen de Kommissär aus senger traureger Lag ze befreien.

Säin Helm, deen him lassgerappt gi war wéi hien zu Buedem bruecht gouf „ass vun Hand zu Hand gewandert, wéi e Pokal“, iert e sech um Kapp vun engem 34 järege Geschäftsmann erëmfonnt huet, dee sech e „Selfie“ gegënnt an d‘Bild an de sozialen Netzwierker verbreet huet, wat et erlaabt huet dës Persoun ze identifizéieren, ënnersträicht d‘Procureure.

Um selwechte Geriicht, waren e Méindeg zwou Fraen an zwee Männer zu Prisongsstrofe (mat Sursis) veruerteelt ginn, well si erwisenermoosse während der Manifestatioun, Géigestänn zerstéiert, Gewalt géint Polizisten ugewannt, a Geschäfter ausgeraibert haten.

Foto: De franséische Minister fir déi ekologesch Transitioun, François de Rugy, no der Annonce, datt d‘Erhéijung vun den Taxen op Pëtrolsproduiten „gestoppt“ ass. Et soll elo zu engen Debat mat de Bierger an den Deputéierte kommen, fir eng Léisung an dësem Dossier ze fannen. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten Edouard Philippe, Emmanuel Macron, François de Rugy, giel Gileten, gilets jaunes, Karbon-Tax, Opstand, Taxen op d‘Pëtrolsproduiten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel