Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng op d‘Zukunft ausgeriichte FEDIL
International Neiegkeeten

Eng op d‘Zukunft ausgeriichte FEDIL

De 24. Januar huet d‘FEDIL – de Verband vun den

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?

Am Frankräich sinn d‘Feierdeeg eriwwer, zumindest fir de Mouvement vun

money
Ee VW fir eng Diktatur
International Neiegkeeten

Ee VW fir eng Diktatur

VW (Volkswon) ass net den eenzegen däitschen Autosfabrikant deen eng

Giel Gileten: Paräis bereet sech op d‘Revolutioun vir

Giel Gileten: Paräis bereet sech op d‘Revolutioun vir

Um Virowend zum „Akt IV“ vun der Mobilisatioun vun de giele Gileten (gilets jaunes), huet den Inneministère seng lescht Preparatiounen zur Strategie vum erhale vun der ëffentlecher Uerdnung, wou ee ganz besonneschen an aussergewéinlechen Dispositif opgefuer gëtt, virgeholl. Zu Paräis ginn d‘Autoritéiten och dëse Samschdeg nees vun engem „Héich-Risiko-Dag“ aus.

Säit de Mouvement virun dräi Woche lassgetrëppelt gouf, huet sech d‘Gewalt an d‘Bereetschaft zur Gewalt exponentiell entwéckelt. Den Zentrum vun der Gewalt ass wuel Paräis, wéi een et op e neits leschte Samschdeg huet misse feststellen. Och uechtert d‘Land war d‘Gewaltbereetschaft grouss, wéi een et unhand der Prefektur vum Puy-en-Velay festmaache muss, déi a Brand gestach gouf.

Et ass dann och de Premierminister, Edouard Philippe, deen eng aussergewéinlech Mobilisatioun vun der Police, Gendarmerie an CRS annoncéiert huet. Op der Televisioun huet de Premierminister ugekënnegt, datt 89.000 Mann – dovunner eleng 8.000 zu Paräis – fir Recht an Uerdnung suerge wäerten. Dat sinn der entscheedend méi wéi nach den 1. Dezember, an den Asaz beuerdert goufen.

An den Asaz geschéckt, ginn och eng Dose gepanzert Gefierer (VBRG), déi zu Paräis géint déi erwaarten Onrouen, an zum Schutz vun de Polizisten opgestallt ginn. Och dat eng aussergewéinlech Moossnam an eng Première am urbane Milieu, zanter den Opstänn an de franséische Banlieuen a, Joer 2005. Am Elysée-Palais geet ee vun enger Radikalisatioun vum Mouvement aus.

giel Gileten

Mat gepanzerte Gefierer, géint den Opstand vun de Bierger. Sécherheetsexperten si pessimistesch, wat de Samschdeg ubelaangt. Si sinn der Usiicht datt hei e Fonken duergeet, fir datt et zu Doudeger kënnt. © AlfvanBeem

Vu Beauvau aus ass duerchgedrongen, datt den Inlandsgeheimdéngscht all d‘Luuchten op „rout“ gesat huet. D‘Geheimdéngschtler schwätze vun enger massiver Mobilisatioun vun den „Extremen“. Esou vun de Rietsextremen, déi vun der „Revolutioun“ dreemen, mee och de Lénksradikalen, déi zum Opstand opgeruff hunn. Et ass och rieds vun enger Radikalisatioun vun de giele Gileten.

Si hunn déi ausgestreckten Hand zréckgewisen

Et ass eng berechtegt „Suerg“ déi se zu Beauvau hunn, nodeems eng vun den „emblematesche“ Figure vum – nach ëmmer net koordinéierte – Mouvement, Eric Drouet, deen e Mëttwoch op BFM TV opgeruff hat, an den Elysée-Palais anzedréngen. Aus dem Inneministère heescht et: „Mir si konzentréiert (…) d‘Mesure fir Paräis an d‘Regioune sinn derbäi finaliséiert ze ginn“.

An der Haaptstad, wou leschte Samschdeg den Dispositif „Fan-Zone“ agesat gi war, muss ee sech eng iwwerleeën. Dat wat vum Inneminister als „ausgestreckten Hand“ geduecht war, ass an d‘Box gaangen. Op der Avenue haten sech grad emol eng 700 leit zesummefonnt. Déi ganz „Roserei“ huet sech an de Niewestroossen entlueden, iert se weider an d‘Quartiere gedroe ginn ass.

Vun der Assemblée an dem Senat befrot, huet de Christophe Castaner „méi Mobilitéit“ versprach, fir sech all deenen „unzehuelen déi sech als Gewalttäteg erweisen“. De Patrice Ribeiro, vun der Gewerkschaft „Synergies“ huet an dësem Kontext erkläert: „Bis elo haten déi Mobil Truppen (vun der Gendarmerie an de CRS) den Uerder net ‚an de Kontakt‘ ze goen“.

„Et gëtt d‘Brigaden (BAC), d‘Compagnien zur Sécherung an Interventioun (CSI), d‘Sektioune „Anti-Casseurs“ bei de mobillen Eenheeten, d‘Interventiouns-Compagnien (CI) déi mat hirer méi liichter Ausrëschtung an de Kontakt mat de Vandale goen, an déi verdreiwen oder verhafte kënnen, betount de Patrice Ribeiro, deen sech duerchaus der Gefor fir d‘Beamte bewosst ass.

Kommt net op Paräis, wann der friddlech sidd

Bei allen erdenkleche Moossnamen, déi vun den Autoritéite geplangt oder virgesi ginn, gëtt et ee Punkt deen och muss erwähnt ginn: an de „Kontakt“ goen ass och bewosst de Risiko op sech huelen, datt et zu Verletzte, wann net esouguer Doudege, komme kann. D‘Experte sinn sech hei eens: mat esouvill Gewaltbereetschaft, brauch et nëmmen e Fonken Dommheet an et knuppt.

Den Inneminister, Christophe Castaner, huet zur Berouegung opgeruff (dat kann een och als lescht Warnung verstanen hunn) an déi „raisonnabel giel Gileten“ vum Mouvement, déi sech der Gewalt net wëllen uschléissen, agelueden sech net zu Paräis ze versammelen, an och soss am Frankräich vun deene Plazen ewech ze bleiwen, wou et offensichtlech ass, datt et zur Gewalt ka kommen.

Heibäi ass et egal, op et sech ëm Prefekturen oder Peagen handelt. „Zu Paräis, mee och an de Regiounen, wäerte mir gutt op d‘Symboler vun der Republik uecht doen“, heescht et vu Beauvau, wou de Vandalismus, wéi en um Arc de Triomphe ausgelieft ginn ass, net méi toleréiert ka ginn.

Laut de vertraulechen Informatiounen déi no bausse gedronge sinn, wier de gesamten Effektiv vun den CRS-Unitéiten a Staffele vun der mobiller Gendarmerie mobiliséiert ginn, fir d‘Uerdnung e Samschdeg am Land oprechtzeerhalen. Dat wiere ronn 12.000 Beamten déi hei agesat ginn.

Zu Paräis leeft ausser Rapp a Klapp net vill

Wéinst der Gefor vun engem Opstand mat massivem Asaz vu Gewalt, hunn zu Paräis eng Dose Muséeën entscheet hir Diere verschloss ze halen. Dat sinn ënnert anerem: de Louvre, de Musée d‘Orsay, de Musée de l‘Homme oder och den Musée d‘Art Moderne. Och emblematesch Uerter si betraff: den Eiffeltuerm, d‘Katakomben an den Arc de Triomphe, gi ganz ofgespaart.

Et falen dann och esou zimlech all kulturell Veranstaltungen aus. Opera, den Theater Marigny, d‘Comédie-Française, den Theater vun de Champs-Elysées, hunn hir Virstellungen ofgesot. Och déi éischt Editioun vun INASOUND (elektronesch Musek) fënnt net statt. Dësen Event gëtt op 2019 an d‘Fréijoer verluecht. Dozou kommen nach e sëlleche kleng Evenementer, déi fale gelooss ginn.

An de Regioune gesäit et, besonnesch an de Groussstied, net wiesentlech besser aus. Bordeaux huet seng kulturell Etablissementer zougemaach, an och de „solidaresche Chrëschtmaart“ annuléiert. Et ass net sécher, datt dësen nach zu engem spéideren Zäitpunkt kann nogeholl ginn. Zudeem falen e bëssi iwwerall d‘Futtballsmatcher aus. De wirtschaftlechen Impakt rechent sech a Milliounen Euro.

D‘Manifestatioun „Marsch fir de Klima“ muss zu Paräis en aneren Itineraire aschloen: De Cortège geet elo fort vun „Nation“ bis „Republique“. Och hei waren d‘Organisateure vum Inneminister opgeruff ginn, hir Aktioun zäitlech ze verleeën. Den Téléthon, den eigentlech op der Place de la Concorde sollt stattfannen, muss an e Studio verluecht ginn. Vill aner Maniffe goufen ofgesot.

mam Georges Danel/AFP

Foto: „Mir wëllen Dezember 2018 = Mee 1968“ steet hei um Banner. Dës giel Gilete stinn zu Le Mans, wou si e Pëtrolsdepot blockéieren. Op a wéi vill vun hinnen sech muer zu Paräis dem Akt IV uschléissen, ass net gewosst, mee et wëllen der do matmaachen. © Jean-François Monier/AFP

Ähnlech Sujeten Christophe Castaner, CRS, Edouard Philippe, Eric Drouet, Gendarmerie, Gewalt, giel Gileten, gilets jaunes, Onrou, Opstand, Paräis, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel