Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ibiza-Video: War et en Affekot?
International Neiegkeeten

Ibiza-Video: War et en Affekot?

Wien – An der Affaire ëm e „schmuddelege“ Video, wou

Aus dem Escher Gemengerot: „En ambitiéise Budget 2019“
International Neiegkeeten

Aus dem Escher Gemengerot: „En ambitiéise Budget 2019“

Déi nach jonk Koalitioun zu Esch-Uelzecht setzt sech laangfristeg Ziler.

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!
International Neiegkeeten

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!

Bei geneeër Betruechtung vun den Zuelen déi d‘UN elo virgeluecht

Giel Gileten: Rapp a Klapp zu Paräis, zesummestéiss an der Provënz

Och vum véierten Akt gëtt et wéineg Gutts ze beriichten

Giel Gileten: Rapp a Klapp zu Paräis, zesummestéiss an der Provënz

Um spéide Samschdegowend ass et nees eppes méi roueg bei eise franséischen Nopere ginn. De 4. nationalen Dag vun de giele Gileten huet op neits vun allem gebueden, an et sinn nees d‘Biller vu Gewalt an Zerstéierung déi zréckbehale ginn. Op zu Paräis oder an der Provënz, iwwerall huet et Ausenanersetzunge mat de Sécherheetskräfte ginn, mee et gouf och friddlech demonstréiert.

De Premierminister, Edouard Philippe, hat am Owend d‘Hoffnung zum Ausdrock bruecht, déi „national Eenheet nees hierzestelle“… Den Inneminister, Christophe Castaner, huet d‘Zuele vum Dag virgeluecht. Esou sollen sech uechter Frankräich eng 125.000 Leit dem Mouvement „Gilets Jaunes“ ugeschloss hunn. Dat ass nëmmen eppes manner, wéi nach um 1. Dezember.

Bei de Sécherheetskräfte war een allerdéngs eppes méi op Zack wéi leschte Samschdeg. Hei ass net een Abléck gezéckt ginn, a wien sech dernieft beholl, oder „Saachen“ derbäi hat, huet e Bracelet ugeluecht kritt. Alles an allem, si gëschter 1.385 Persounen interpelléiert ginn, 975 dovunner sinn an Untersuchungshaft gesat ginn. Dat huet dann och den Inneminister zimlech staark iwwerrascht.

„Dat ass en exzeptionellen Niveau“, esou de Christophe Castaner, deen hei de risege Policeapparat mengt, deen d‘Regierung opgebueden huet, fir dësen als „héich riskanten Dag“ agestuufte Samschdeg ënner Kontroll ze behalen. Um Owend dann den Edouard Philippe: „Den Dialog huet ugefaangen“. Hie wëll déi national Eenheet nees hierstellen, mee wéi a mat wiem schwätzen?

Den Emmanuel Macron muss et riichten

„De President vun der Republik wäert sech ausdrécken. Et ass un him déi Moossnamen ze proposéieren, déi dësen Dialog erméiglechen an derzou féieren, esou meng Hoffnung, datt sech den Ensembel vun der franséischer Natioun nees zesummefënnt, an op der Héicht vum Asaz ass“, füügt de franséische Premierminister bäi. Mee wëllen d‘Fransousen en Dialog mam President?

No engem verhältnesméisseg rouege Mueren, ass et am Nomëtteg op verschidde Plaze vun der Haaptstad zu Ausenanersetzunge komm. Och an der Provënz ass et zu Gewalt an Zerstéierung komm. Esou notamment zu Bordeaux, wou dausende Leit friddlech duerch d‘Stroosse gezu sinn. Et huet um Enn dann awer gerabbelt, an eisen AFP-Korrespondent bestätegt ee schwéier blesséierten.

En ähnlecht Bild huet et zu Toulouse ginn, wou och dausende Manifestanten aus dem Stadzentrum erausgedrängt goufen. D‘Police an d‘Gendarmerie hunn dofir räichlech Gebrauch vun Tréinegas gemaach. D‘Géigesäit huet sech „organiséiert“ an zur Wier gesat. Et goufe Barrikaden opgeriicht, Gefierer a soss Geschir a Brand gesat. Esou déi kuerz Iwwersiicht aus der Provënz…

Zu Paräis hunn nees Autoe gebrannt, an et goufen op eniets Geschäfter ausgeraibert. Dës Kéier net esou ëmfänglech wéi nach leschte Samschdeg. Interessant ze gesinn, datt déi „verstänneg“ giel Gileten sech deem widdersat hunn. „Dat ass egal wat!“ iergert sech de Laurent (37) dee mat anere versicht huet e puer Rabbelkäpp dovunner ofzehalen d‘Fënster vun engem Geschäft anzegeheien.

Wann d‘Autoritéiten op ganzer Linn versoen

Fir d‘Anne Hidalgo, sozialistesch Buergermeeschtesch vu Paräis, kann een dës Zeene vu Gewalt an Zerstéierung nëmme bedaueren. Si iergert sech iwwert den immense Schued fir d‘Wirtschaft an den „Image“ vun der Haaptstad, déi ënner esou Ëmstänn keng Touriste méi unzitt. Den ekonomesche Schued geet mëttlerweil an d‘Milliounen, an et wieren elo vill Patrone gezwonge Leit ze entloossen.

E Bléck op den nationale Bilan vun der Generaldirektioun vun der Santé seet eis, datt 179 Persoune verletzt goufen, oder soss hu misse vu Sanitäter an a Spidoler behandelt ginn. „Un all déi mobiliséiert Sécherheetskräfte: Merci fir de Courage an d‘Professionalitéit déi dir bewisen hutt“, heescht et am presidentiellen Tweet vun e Samschdegowend.

D‘Biller vum leschte Weekend, déi ëm déi ganz Welt gaange sinn, an op deenen ze gesi war wéi d‘Quartiere vun de „räichen“ vun enger Guerilla heemgesicht goufen, hunn net nëmmen a Frankräich fir „erstaunt Gesiichter“ gesuergt. Et huet zudeem derzou gefouert, datt d‘Regierung an d‘Autoritéiten sech hir „Strategie“ nach emol eppes méi genee hu missen ukucken.

Am Asaz waren 89.000 Membere vun de Sécherheetskräfte, dovunner der eleng 8.000 zu Paräis, an déi si vu gepanzerte Gefierer (VRBG) ënnerstëtzt ginn. Och dat hat esou zu Paräis bis gëschter nach net ginn. Dofir goufen op dësem véierte Protest-Samschdeg d‘Champs Elysées eppes verschount. Hei ass et éischter Verbal zougaangen, virun allem mat der Fuerderung: „Macron Demission“.

Et gëtt keng sozial Justiz méi

Paräis ass trotz dësem Dispositif net wierklech gutt ewech komm. D‘Rabbelkäpp a soss Toperten, hunn op anerer Plaz d‘Autoen a Brand gestach, a Geschäfter ausgeraibert. Aktiounen déi mat der Protestbeweegung näischt gemeng hunn, an nieft dem ugeriichte Schued, de Mouvement seriéis an Diskredit bréngen. Déi giel Gilete mussen sech de Virworf vun „Anarchie a Chaos“ gefale loossen.

E Magasinier vu Bourges, dee bis zu de Champs Elysées duerchgedrongen ass, erzielt eis: „Mir sinn hei well mir méi sozial Justiz verlaangen. Mir cautionnéire keng Gewalt, mee musse feststellen, datt et Iwwergrëff brauch fir d‘Regierung ze motivéieren iwwert hir Politik nozedenken, déi einfach ongerecht ass, a ville Mënschen hei am Land mat Réck widder d‘Mauer stellt“.

Aus der Tierkei huet sech de Recep Tayyip Erdogan zu Wuert gemellt. (déi Geleeënheet ass awer ze schéi fir se net ze notzen) Den Diktator vum Bosporus huet tatsächlech d‘Gewalt denoncéiert, déi vum Staat géint d‘Manifestanten ausgeüübt ginn ass. Dat ass staarken Tubak, vun engem deen am eegene Land, Fraen déi vir hir Rechter op d‘Strooss ginn, vu senge Polizisten zerschloe léisst…

Ee Klatzkapp kënnt seelen eleng, an esou huet sech dann och de Milliardär aus Amerika mat engem Kommentar abruecht. Hien huet e Samschdeg, passend zum Kontext, de Paräisser Klimaaccord op e neits kritiséiert, a gemengt, datt de Mouvement „Gilets Jaunes“ de Beweis dofir ass, datt esou en Ofkommes net funktionéiert. Hie sot och, datt déi „Mir wëllen den Trump“ gejaut hätten…

Wéi geet et weider? Wat ass ze erwaarden?

Et war dann den zweete Weekend datt sech Paräis als „doudeg Stad“ presentéiert huet, dat nëmmen e puer Deeg viru Chrëschtdag, dësem Fest wou sech eigentlech jidderee sollt léif hunn. Vum Louvre iwwert de Eiffeltuerm an och soss e sëllechen „Attraktiounen“, alles war zougespaart, deels ass sech verbarrikadéiert ginn. Geschäfter hunn de Rideau ënne gelooss, 36 Metrosstatiounen och.

Länner hunn hire Bierger vun engem Openthalt zu Paräis ofgeroden. Eng Amerikanerin, déi vun hirem Mann e Weekend zu Paräis geschenkt krut, bezeechent mat vill Ironie, hir kuerz Vakanz als „Memorabel“. Gespaarten Autobunnen, blockéiert Stroossen a Kreesverkéier, grad wéi zu Paräis, huet et op de franséische Stroossen Stress a Chaos ginn. E Mëttel dogéint hat keen…

Zu Lyon, sinn e puer dausend giel Gileten duerch d‘Stad gezunn, wou se sech ënnert Gäscht an d‘Touriste gemëscht hunn, déi eigentlech just komm waren, fir un der „Fête des Lumières“ deel ze huelen. Et gouf kuerz hëtzeg, wéi déi giel Gileten op d‘Prefektur lassgaange sinn. Trotzeg hunn d‘Awunner vu Lyon, hir Akeef um Chrëschtmaart am Damp vum Tréinegas erleedegt.

An d‘Regierung, déi jo awer e puer Konzessioune gemaach huet, notamment ass d‘Erhéijung vun der Tax op Pëtrolsproduiten zréckgezu ginn, steet sech net zum beschten. Alles wat gemaach gouf, huet beim Mouvement net de geréngsten Effet gewisen. De President wënschen se sech dohinner wou de Peffer wiisst, an de Premierminister ass och net méi gelidden. Déi „giel“ si stur..

Wat se ze soen hunn

„Macron Demissioun!“. Wann déi meescht versécheren, datt si „mat friddlechen Absichten“ op Paräis komm sinn, wou et um Samschdegnomëtten zolidd Zesummestéiss ginn huet, esou ass eng Kéier géint d‘Politik vun der Regierung an fir e wierdegt Liewe manifestéiert ginn.

Mir hunn eis vun de Rabbelkäpp ewechgehalen, an mat Manifestanten iwwert hir Motivatioun hei ze demonstréieren, geschwat. Si hunn hir giel Gileten net ugedoe fir ze „randaléieren“, si wëllen datt déi „do uewen“ endlech Notiz vun hirer Hëlleflosegkeet huelen, oder hirer Wee solle goen.

Lydie Bailly (48) Aide-soignante: „Mir packen et net“

„Leschte Samschdeg konnt ech net derbäi sinn, ech hu geschafft“ seet eis dës Fra déi vu Vierzon (Departement Cher), déi mir bei der Gare St. Lazare ugeschwat hunn. „Ech sinn säit et lass gaangen ass mobiliséiert. Ech sinn Aide-soignante an der Geriatrie zanter 15 Joer. Eng Gehaltserhéijung hu mir säit 10 Joer net méi kritt. Wann e feelt, gëtt en net ersat. Datt reegt een op, et packt een et einfach net méi“.

„D‘Brigitte Macron léist sech eng Pai ausbezuelen“, mengt si ze wëssen, an dréit esou eng falsch Rumeur weider. Wann et och richteg ass, datt de Budget deen der Fra vum President zougestane gëtt sech op 440.000 Euro beleeft, esou erhält si weder e Gehalt oder eng Entschiedegung. „Et ass och besonnesch de Macron (de Problem) mee hie mécht alles nach schlëmmer. (…) Hie muss d‘Wuert ergräifen an d‘Saache kloer op den Dësch leeën. Mir wüellen net am Luxus liewen, mee wierdeg“.

Alice, antikapitalistesch Militantin

„Paräis richt no Misär… d‘Moud ass bei de Krichsgeriichter“, séngt d‘Alice mat voller Stëmm, a gëtt begleet vun enger „Bierger-Fanfare“. Ganz vir an der Rei, de schwaarz-roude Fändel vum Anarchie-Syndikalismus an e grousse giele Banner. Dës antikapitalistesch Militantin ass mat hirem Frënd aus dem Aveyron ugereest, an kennt de Liddertext vun „la semaine sanglante“ (aus der Zäit vun der Commune de Paris – 1870) auswenneg.

Si erkläert: „et ass net e Problem mat der Regierung, et ass e Problem vun der politescher Logik, kapitalistesch an liberal“. Déi politesch Diversitéit vum Mouvement, ass fir dës jonk Fra kee Problem. „Et ass eis egal op ee vu riets oder vu lénks ass. Fir unzefänke sollen se sech verfuussen, duerno gesäit ee wéi et weider geet. Déi fro déi sech hei stellt, wéi kann een dorausser eng politesch Bewegung maachen, eng biergerlech Bewegung fir jiddereen. D‘Gewerkschafte sollten zum Generalstreik opruffen“.

Tony Vella, Steemetzer: géint eng deconnectéiert Politik

„Mir wäerten net labber loossen“ erzielt eis de Familljepapp, dee vu Poissy (Paräisser Regioun), komm ass. Den Tony Vella erkläert, datt wéi hien um fréie Samschdegmueren ukomm ass, wier hie vun den CRS opgehale ginn, a hätt zwouanenghallef Stonn do gestanen, mat en Hänn hannert dem Kapp. „Ech kämpfen hei fir meng Kanner a fir uerdentlech liewen ze kënnen“, e vernennt niewebäi de fréiere President François Hollande, a bezeechent deen neien als Diktator.

„D‘Taxe mussen erofgesat ginn, d‘Zuel vun den Deputéierten a Senateure muss erofgesat ginn, an da musse Referenden ofgehale ginn, fir datt och mir eist Wuert ze soe kréien. (…) Déi Leit sinn deconnectéiert“, iergert sech de Steemetzer, deen 1.800 Euro/Mount Brutto verdéngt. Hien huet d‘lescht Joer net un de Walen deelgeholl, Parteien traut hien net.

Sylvia (55), Kiné: „Mir goufen nach ëmmer net gehéiert“

„Mir do well mir nach ëmmer net gehéiert goufen“ seet eis d‘Sylvia, deem mir um Boulevard Malesherbes, matten an enger Grupp vu giele Gilete begéint sinn, déi aus der Corrèze, de Pyrenäen an der Seine-Saint-Denis ugereest, an sech hei op der Plaz kennegeléiert hunn. „Ech ginn eens, mee schaffen dofir 70 Stonnen an der Woch. Mee Ech muss menge Bouwen (22 a 25 Joer) hëllefen, vun deenen een am Chômage ass. Och den Elteren, déi eng Misärsrent hunn, muss ech hëllefen“.

„Et ass eng mauer déi se eis virun d‘Nues setzen, fir eis nach méi ze erstécken“ seet d‘Sylvia mam Bléck op den immense Sécherheetsdispositif deen an der franséischer Haaptstad opgefuer gouf. Et bréicht eng „de Mindestloun misst ëm 500 Euro ugehuewe ginn, d‘Renten ëm 300 Euro. Wéi soll ee mat 1.150 Euro de Mount iwwert d‘ronne kommen?“.

Dorian (29), Lagerist: „Et misst een d‘Industrie blockéieren“

„Mir wëllen eis net klappen, just eis schützen am Fall wou“, verséchert eis dëse jonken Aarbechter, dee vu Poissy ugereest ass. „Alles vrecktschloen notzt näischt“ esou den Dorian, fir deen et déi éischt Manifestatioun ass. Hien ass mat sengem Frënd John komm, fir eppes ze bewegen.

„Dat wat eppes géif bewierken, wier d‘Blockéiere vun der Industrie déi vill Fric mécht. Esou wéi Total oder Renault…“. A wéi am Chouer soen eis den Dorian an de John: „Mir komme finanziell iwwert d‘Ronnen. Mir sinn hei fir de Mouvement ze ënnerstëtzen, fir eis Elteren an Grousselteren, déi hiert ganzt Liewe geschafft hunn, an elo vun den Taxen erdréckt ginn“.

Mam Myriam Lemetayer, Emmanuel Duparcq, Marie Wolfrom an dem Alexandre Hielard/AFP

Foto: E Bild seet oft méi aus wei dausend Wierder. © Nicolas Tucat/AFP

Ähnlech Sujeten Christophe Castaner, Edouard Philippe, Emmanuel Macron, Frankräich, Gewalt, giel Gileten, gilets jaunes, Manifestatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel