Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill Affer bei Lawinenongléck an der Osttierkei
International Neiegkeeten

Vill Affer bei Lawinenongléck an der Osttierkei

Zwou Lawinen an der osttierkescher Provënz Van hu vill Affer

Den Educatiounsminister huet säi Buttek am Grëff
International Neiegkeeten

Den Educatiounsminister huet säi Buttek am Grëff

Nodeems den Educatiounsministère e Mëttwoch ugekënnegt huet, datt bis (viraussiichtlech)

Pandemie, Honger, Roserei…
International Neiegkeeten

Pandemie, Honger, Roserei…

Latäinamerika huet ee Problem mat der Covid19-Pandemie, well kaum eng

Giel Gileten Akt III: Revendicatioun-Guerilla

No Chaos a Gewalt, d‘Exekutive op der Sich no Äntwerten

Giel Gileten Akt III: Revendicatioun-Guerilla

De franséische President, Emmanuel Macron, knapps datt hien den enttäuschende G20-Sommet zu Buenos Aires hannert sech bruecht huet, muss sech nach haut um Sonndeg, mat senger Regierung, zu enger Drénglechkeetssëtzung zesummesetzen, fir sech deem vun de giele Gileten ausgeléiste Chaos unzehuelen. No den Ausenanersetzunge vum Samschdeg, stécht een an der politescher Kris.

Erwaart gëtt den Emmanuel Macron kuerz viru Mëtteg. Hie soll da mam Premierminister, Edouard Philippe, dem Inneminister, Christophe Castaner, an de kompetente Servicer, no enger Äntwert op e Mouvement sichen, deen allem Uschäin no ausser Kontroll geroden ass. Nach vun Argentinien aus, hat de President deklaréiert, datt hie déi Gewalt ni wäert akzeptéieren, déi vum Mouvement ausgeet.

Seng Deklaratioun ass de Fransousen zoukomm, während zur gläicher Zäit an de Stroosse vu Paräis d‘Autoe gebrannt hunn. Fir den Emmanuel Macron, huet déi ganz Gewalt „näischt méi mat der berechtegter Roserei vun de giele Gileten ze dinn, déi géint d‘Erhéijung vun de Spritpräisser an de Verloscht vun der Kafkraaft protestéieren“. Hei sinn dann och Grenzen däitlech iwwerschratt ginn.

Schwiereg den Iwwerbléck ze behalen

Den Ausmooss vun der Gewalt, déi ëmmerhi fir e puer honnert Verletzter gesuergt huet, zwéngt de Premierminister Edouard Philippe, seng Participatioun um Klimasommet COP24 a Polen ofzesoen. Hien huet sech e Samschdegowend d‘Zäit geholl, fir an engem Paräisser Kommissariat de Beamte fir hiren Asaz Merci ze soen. Déi waren de ganzen Dag iwwer mat allem méiglechem beworf ginn.

Gileten

Wann de Protest dach iwwerall esou „friddlech“ verlaf wier wéi hei zu Bordeaux. Leider gëtt et beim Mouvement vun de giele Gilete keng richteg Koordinatioun, wat ville Klatzkäpp eng Plattform bitt sech de Batti ze stellen. Déi berechtegt Fuerderunge ginn esou ad absurdum gefouert. © Nicolas Tucat/AFP

Als éischt Äntwert, huet d‘Exekutive e Message un all déi geriicht, déi sech dem Mouvement aus engen eenzege Grond ugeschloss hunn, alles futtizeschloen. „Déi fir des Gewalt verantwortlech Individue wëlle keng Changement, si wëlle keng Verbesserung, si wëllen de Chaos. Si wäerten identifizéiert a fir hir Doten zur Rechenschaft gezu ginn“, esou de franséische President.

Den Inneminister, Christophe Castaner, huet net ausgeschloss, datt ënnert dësen Ëmstänn den „Etat d‘Urgence“ instauréiert muss ginn. Mee D‘Oppositioun an en Deel vun de giele Gileten – engem Mouvement deen als „villförmeg“ ouni Struktur an designéierte Leader ze beschreiwen ass – verlaange vun der Regierung e staarke Geste, wéi e Moratoire zu den Taxen op d‘Pëtrolsproduiten.

Villschichteg Revendicatioune

Aus dem rietse politesche Lager, ass et de Laurent Wauquiez, President vun „Les Republicains“, dee säin Appell widderholl huet, mat deem hien e Referendum zur ekologescher a fiskaler Politik vum Emmanuel Macron afuerdert. Nach eppes méi riets, ass et d‘Marine Le Pen, déi zesumme mat den anere Leader vun der Oppositioun, mam President iwwert d‘Situatioun wëll schwätzen.

Op där anerer Säit, ass et de Patron vun de Sozialisten (PS), Olivier Faure, deen e Sommet zur Kafkraaft verlaangt. De Benoît Hamon, Leader vu „Génération-s“ fuerdert en „nationalen Dialog“ mat de giele Gileten, de Gewerkschaften an den ONGen, iwwert d‘Kafkraaft, d‘Verdeelung vum Räichtum, an der ekologescher Transitioun. De Jean-Luc Mélenchon (La France Insoumise) wëll d‘Solidaritéitssteier op de Räichtum (ISF) nees aféieren, a begréisst de Bierger Opstand, deen „Macronie an d‘Welt vum Fric zum ziddere bréngt.

Géintiwwer dëse Revendicatiounen, déi fir déi meescht elo schonn eppes méi laang um Dësch leien, ass d‘Regierung „inflexibel“ bliwwen.

D‘Regierung muss endlech Léisunge fannen

A während um Samschdegmueren op de Champs-Elysées déi éischt Klatzkäpp sech mat der Police an de Gendaarmen zolidd an d‘Hoer kritt hunn, huet de Regierungsspriecher, Benjamin Griveaux, nach emol betount, datt d‘Regierung un hirer Politik festhält. „Ech hunn se héieren, déi Leit déi mir soen datt si de 15. vum Mount op der Bank am Minus sinn. Mee mir reparéieren d‘Land Schratt fir Schratt, maachen dat ganz seriéis, an iwwerdroen eis Choixen net op déi nächst Generatiounen“.

Gileten

Och an der „Provënz“ waren déi giel Gileten nees am Asaz, wéi hei zu Bandol (bei Toulon), wou e Peage blockéiert ginn ass. Alles an allem hunn eng 36.000 Leit sech um Mouvement, deen den drëtten Akt „geschriwwen“ huet, bedeelegt. Déi grouss Majoritéit vun de Manifestanten huet sech beholl. Et ass haaptsächlech zu Paräis, wou et ausgeaart ass. © Gérard Julien/AFP

Um Samschdegowend huet de Christophe Castaner agestanen, datt d‘Regierung sech op enger gewësser Zuel vu Kommunikatiounssequenzen an der Pedagogie verfuer huet, notamment beim Asaz fir sech vun Ofhängegkeet vum Pëtrol ze befreien. Den Emmanuel Macron, dee säi politescht Kapital op d‘Kapassitéit vu senge Reformen opgebaut huet, hält u senge Positioune fest, an huet net wëlles wéi seng Virgänger, stänneg zréckzerudderen, wann eng Decisioun kontroverséiert ass.

Stellt dann awer d‘Fro, op de franséische President nach laang kann der „Stëmm vun der Strooss“ widderstoen. Schonn elo ginn d‘Deputéiert vun der Majoritéit an hire Bezierker haart erugeholl. Si fuerderen dann elo och vun der Regierung, vertrietbar Léisungen op den Dësch ze leeën.

mam Jacques Klopp/AFP

Foto: Ass et nach Protest oder scho Krich? De Mouvement vun de giele Gileten, wou et keng siichtbar Leedung gëtt, schéngt vun enger ganzer Partie Klatzkäpp mëssbraucht ze ginn, fir alles futtizeschloen oder a Brand ze stiechen. An och wa sech d‘Majoritéit vun de giele Gilete friddlech verhält, esou bleift um Enn just nach d‘Zerstéierung an de Käpp hänken. © Abdulmonam Essa/AFP

Ähnlech Sujeten Chaos, Christophe Castaner, Edouard Philippe, Emmanuel Macron, giel Gileten, gilets jaunes, Krawall, Revendicatiounen, Zerstéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel