Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg huet en neien Drogenaktiounsplang
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet en neien Drogenaktiounsplang

Gëschter hunn d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den nationalen Drogebeoptraagten Alain

D‘Buchmesse zu Frankfurt beweist, datt vill d‘politesch Dimensioun vu Literatur ënneschätzen
International Neiegkeeten

D‘Buchmesse zu Frankfurt beweist, datt vill d‘politesch Dimensioun vu Literatur ënneschätzen

Zu Frankfurt war et dëse Weekend alles anescht als roueg.

money
Black Panther knackt den Jackpot bei senger Sortie an den USA
International Neiegkeeten

Black Panther knackt den Jackpot bei senger Sortie an den USA

De Super-Held „Black Panther“ huet all Pronostic iwwertraff, a gräift

Giel Gileten Akt VII: de scheie Versuch Präsenz ze weisen

Giel Gileten Akt VII: de scheie Versuch Präsenz ze weisen

Fir hiren „Akt VII“, gutt annerhallwe Mount nodeems de Mouvement „gilets Jaunes“ (giel Gileten) opkomm ass, war d‘Mobiliséierung tëscht de Feierdeeg zum Joresenn „verhalen“. Et sinn awer fir de Januar schonn nei Aktiounen ugekënnegt ginn.

Mat eppes iwwer 2.500 Manifestanten an de Stroossen, war Bordeaux déi Stad, wou sech nach déi meescht „giel Gileten“ zesummefonnt hunn. Zu Marseille, Rouen oder Nantes waren et jeeweils eppes iwwer 1.000 Leit déi sech dem Mouvement ugeschloss hunn. Zu Paräis waren et nach 800 Demonstranten déi d‘Fuerderungen héich gehalen hunn. Zu Toulouse, Bordeaux, Lille a Metz ass et zu Ausenanersetzunge mat den Autoritéite komm.

Laut den offiziellen Zuelen déi d‘Regierung matgedeelt huet, wieren uechtert d‘Land um 12 Auer 12.000 Manifestante gezielt ginn. Déi „physesch“ Bedeelegung ass domatter weider réckleefeg, och wann d‘Ënnerstëtzung (an de Sondagen) weider grouss ass.

Gileten

Zu Bordeaux hu Manifestanten den Offall a Brand gestach, firwat och hei d‘Uerdnungskräften Tréinegas agesat hunn. Zu Bordeaux war mat 2.500 Bedeelegten, de Mouvement am stäerkste vertrueden. © Mehdi Fedouach/AFP

Bei der éischter Mobiliséierung de 17. November, waren déi giel Gileten zu hirer 282.000. De 15. Dezember waren et der nach 66.000 a lescht Samschdeg nëmmen nach 38.600. Ëmmer bezunn op déi vum franséischen Inneministère virgeluechten Zuelen. Fir déi ënnert de giele Gileten, déi sech mat de Medien ënnerhalen, wier dës „Baisse“ bei de Mobiliséierung de Feierdeeg geschëlt. Si sinn iwwerzeegt datt am Januar d‘Leit sech nees verstäerkt un den Aktioune bedeelege wäerten.

„Mir halen duer, och wann se eis antriichtere wëllen datt ëmmer manner leit sech engagéieren. Elo sinn d‘Festivitéiten zum Joresenn mat Chrëschtdag a Sylvester. Et ass och Vakanz. Am Januar soll et awer nees lass goen, well mir sinn es midd zanter 6 Woche vertréischt ze ginn“, erkläert eis d‘Murielle (55), dat sech der Manifestatioun zu Bordeaux ugeschloss huet.

„Mir wëllen nees Kafkraaft erlaangen an e Wuert matzeschwätzen hunn, wann Entscheedunge getraff ginn“ deklaréiert zu Marseille d‘Priscilla Ludosky, prominent Figur vum Mouvement, déi d‘Petitioun géint d‘Hausse vun de Spritpräisser lancéiert hat. Iwwerzeegt, datt de Mouvement och 2019 wäert Bestand hunn, ass si der Meenung, datt d‘Ukënnegunge vun der Regierung „net duer ginn“ a fuerdert „e Referendum zur Aféierung vum „Referendum op Biergerinitiative“ (RIC), d‘Baisse vun den Taxen op Grondbedierfnes-Produiten an d‘Baisse vun de Regierungsrenten.

Géint d‘Regierung… géint d‘Medien…

Zu Marseille wéi zu Bordeaux, wou et zu Ausenanersetzungen tëscht Manifestanten an den Uerdnungskräfte komm ass, sinn haaptsächlech anti-Macron Slogane geruff ginn. En ähnlecht Bild huet et zu Paräis ginn. Hei haten sech ënnert de Fënstere vu BFMTV a France Télévisions e puer honnert giel Gileten zesummefonnt, an hunn d‘Journaliste generell als Kollaborateure bezeechent.

Am fréien Owend sinn am gläiche Quartier – virum Sëtz vun der Zeitung „le Parisien“ – Autoen a Brand gestach ginn. „Mir hunn näischt erhalen! (…) D‘Annonce vum Macron? Eng Misär. E Fuerz. Vläicht huet den Här Macron Kaviar, mee mir hu Liewerpaté“ iergert sech d‘Christelle Camus (49), dat un alle Manifestatiounen zu Paräis deelgeholl huet. “Petit papa Macron, arrête de prendre notre pognon, pour le filer aux grands patrons” war op engem Plakat ze liesen, dat e Manifestant op de Champs-Elysées placéiert hat. 57 Persoune goufen interpelléiert an 33 an Untersuchungshaft gesat.

Gileten

Och zu Lille gouf scho vir déi 7. Kéier manifestéiert. Leider war et dëse Samschdeg net esou friddlech wéi nach bei de virechten Aktiounen. Et huet Handgräiflechkeete ginn, an et sinn heibäi och Mënschen zu Schued komm. © François Lo Presti/AFP

Konfrontéiert mat engem weidere „Benalla-Skandal“ kristalliséiert de Staatschef weider de Groll vun de giele Gileten. Vun deenen haten et der ee puer Versicht an de Fort de Brégançon – dat ass d‘Summerresidenz vun de Presidenten – anzedréngen. Dat huet den Asaz vun den Uerdnungskräfte gefuerdert, an et ass dann och zu Handgräiflechkeete komm.

Zu Ausenanersetzunge koum et och zu Rouen, wou e puer Rabbelkäpp d‘Dier vun der Banque de France a Brand gestach hunn. Zu Nantes war de Cortège nach net lassgezunn, wéi et zu éischten Asätz mat Tréinegasgranate komm ass. Vandalismus gëtt och vun Toulouse gemellt, wou laut der Police 1.350 Manifestanten zesummekomm waren. Laut der Prefektur hätt et ënnert de sech bedeelegte Manifestanten, 650 „gewaltbereet Profiller“ ginn. De Bilan vum Schued läit nach net vir.

Metz war en „Hotspot“, wéi eis Journalistin op der Plaz mat eegenen Ae festgestallt huet. Hei haten sech eng 1.200 Manifestante vereent. Dorënner därer, déi et drop ugeluecht haten sech mat der Police ausenanerzesetzen. Pavésteng sinn op d‘Poliziste geworf ginn, an och Kanaldeckele sinn duerch d‘Géigend geflunn. Zu Lille, wou et bis ewell éischter Roueg hiergaangen ass, war et zu Zesummestéiss komm, ee puer Leit sinn hei blesséiert ginn.

Op a ronderëm d‘Autobunne war et och eppes méi roueg. Eenzeg e puer Echangeuren – esou op der A7 an A10 – hu misse gespaart ginn, a plazeweis ass et zu „Gratis-Peage“ Aktioune komm. An engem Courrier deen den Inneminister, Christophe Castaner, un d‘Prefekture geriicht huet, ginn dës opgefuerdert déi ronn 100 besate Kreesverkéier „endgülteg an nohalteg ze befreien“.

Kee schéint Bild fir d‘Ausland

De nächste „grousse“ Rendez-vous fir déi giel Gilete gëtt eis fir Sylvester gemellt. Et soll op folgende Plazen zu Aktioune kommen: de Pont d‘Aquitaine zu Bordeaux, d‘Plaz Masséna zu Nizza, an natierlech nees op de Champs-Elysées zu Paräis. Noriichten déi besonnesch bei den Hoteliere fir Kappzerbrieches suergt. Si hu schonn emol annoncéiert, datt hiert Geschäft zolidd ënnert dem Mouvement ze leiden huet. D‘Touriste géifen hinnen ausbleiwen…

Op anere Plazen, schéngt de Mouvement vun de giele Gileten eng „Inspiratioun“ ze sinn. Laut der belscher Agence Belga, hunn eng 60 giel Gileten eng „Sensibiliséierungsaktioun“ zu Namur organiséiert. Hei goufen Trakte verdeelt, op deenen och e Referendum op Biergerinitiativ gefuerdert gëtt. Dat notamment fir d‘TVA op essentiell energetesch Produiten op 6% ze reduzéieren. Zu Den Haag waren et ronn 200 Manifestanten, vun deenen der aacht et iwwerdriwwen hunn a vun der Police hu missen interpelléiert ginn.

Säit de Mouvement am November ugefaangen huet, sinn op Plaze wou d‘Stroosse blockéiert goufen 10 Mënsche verstuerwen. Rieds ass och vun iwwer 1.600 Blesséierten, dovunner eng 50 schwéier. D‘Generalinspektioun vun der Police (IGPN) ass vun der Justiz, wéinst 48 Dossieren an deenen et ëm Policegewalt geet, saiséiert ginn. Hei geet et net nëmmen ëm d‘giel Gileten, mee och ëm de Studenteprotest, wou et zu Iwwergrëff soll komm sinn.

Gileten

An de sozialen Netzwierker kommen nei „Gruppen“ op. Därer, déi wéi „Stop, maintenant ça suffit“ oder „les foulards rouges“, sech de Blockagen an der Gewalt wëllen entgéint stellen. Si hunn zu enger Mobiliséierung fir de 27. Januar opgeruff. Et soll eng Manifestatioun zu Ënnerstëtzung vum President Emmanuel Macron sinn.

mam Anne-Sophie Lasserre an de regionale Büroe vun der AFP

Foto: Zu Nantes huet e Manifestant mat sengem Plakat „Macron stop ta repression Assassin“ un d‘Regierung en zimlech däitleche Message geriicht. Och hei huet d‘Police e Samschdeg nees missen Tréinegas asetzen. © Jean-François Monier/AFP

Ähnlech Sujeten Biergerinitiativ, Christophe Castaner, Emmanuel Macron, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel