Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An d’Häerz getraff: Tréinen iwwert Barcelona
International Neiegkeeten

An d’Häerz getraff: Tréinen iwwert Barcelona

Et ass moies fréi, zwou Auer an der Alstad vu

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?
International Neiegkeeten

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen
International Neiegkeeten

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen

Méi wei 10.000 jonk Leit vu méi wei 150 Länner

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?

De Samschdeg 5. Januar huet sech duerch eng nei Qualitéit vun der Gewalt ausgezeechent

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?

Am Frankräich sinn d‘Feierdeeg eriwwer, zumindest fir de Mouvement vun de giele Gileten (gilets jaunes). Déi haten Zueleméisseg e klenge Réckschlag misse verkraaften, mee gëschter haten sech nees méi Leit um Protest bedeelegt. Laut dem franséischen Inneministère, wieren si zu hirer 50.000 gewiescht. Et koum allerdéngs och nees zu Gewalt an Ausenanersetzunge mat der Police.

Si waren uechtert Land zu wiesentlech méi, wéi dat vun den Autoritéiten erwaart ginn ass. Kuerz viru Mëtteg hat d‘Police annoncéiert, datt an „France Metropole“, also ouni d‘Iwwerséigebidder, 25.000 Leit um Mouvement deelhuelen. Dës Zuelen huet den Inneministère um Samschdegowend misse revidéieren. Esou solle ronn 50.000 giel Gilete géint d‘Politik vum Emmanuel Macron op de Stroossen demonstréiert hunn. Am verglach dozou: beim Akt VII waren si zu 12.000.

Bedauerlech: d‘Feststellung datt et zu Paräis an op verschiddenen anere Plazen nees zu heftegen Zesummestéiss mat de Sécherheetskräften huet misse kommen. Zu Paräis waren et ee puer Dausend giel Gileten, déi fir eng „aner Politik“manifestéiert hunn. Ënnert hinne Gruppéierungen, déi geziilt gewaltbereet waren. Wéi franceinfo.tv bericht, ass de Büro vum Regierungsspriecher, Benjamin Griveaux, mat engem Bagger gestiermt ginn. De Mann huet dorops hi missen evakuéiert ginn…

Via Twitter huet de franséische President, Emmanuel Macron, matgedeelt, datt Frankräich op e neits vun extremer Gewalt ugegraff ginn ass. Hien huet un all Mënsch appelléiert en rouege Kapp ze behalen, fir en Debat an den Dialog ze erméiglechen. Ugesiichts der neier Qualitéit déi d‘Gewalt um Samschdeg erreecht huet, bedierf et vill Fantasie fir sech en „Dialog“ virzestellen. A virun allem mat wien soll den Dialog stattfannen? Bis ewell gëtt et bei de giele Gilete keng erkennbar Féierung.

Gileten

Nom Passage vu „Casseuren“ am Quartier vu Saint-Germain-des-Près: Dosende Scooter déi verbrannt goufen, Ofspärungen déi nach dämpen. © Raphaël Maillochon (via Twitter)

Touristen a Gefor

Bei der Assemblée an dem Orsay-Musée huet d‘Police massiv Tréinegas agesat, fir déi däitlech gewaltbereet Demonstranten ënnert de giele Gileten zeréckzedrécken. Elo ass dat och nach en touristeschen Hotspot, esou dat si – eigentlech onbedeelegt – hei tëscht d‘Fronte gerode sinn. Et koum deels zur Panik an d‘Touriste sinn dervugelaf… D‘Kollege vum „Le Parisien“ hunn e Video gepost, wou ee gesäit, datt Manifestante beim Quai d‘Orsay eng Peniche a Brand gestach hunn.

Och op der Champs-Elysées ass zur Konfrontatioun komm. Nodeems Manifestante mat deem wat hinnen an de Grapp gefall ass, op d‘Poliziste lassgaange sinn, hunn déi Tréinegasgranaten agesat. Och op anere Plazen ass zu deels heftegen Zesummestéiss komm. D‘Kollege vu „Line Press“ hunn esou e Video eropgelueden, op deem ze erkennen ass, wei e Mann (ouni giele Gilet) geziilt op e Polizist lassgaangen ass an dësen, wéi e Boxer, mat de Fäischt traktéiert huet.

Foto: „Mee dat ass eng Revolte? Nee Macron, datt ass d‘Revolutioun!“ © GiletsJaunesGo (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Biergerinitiativ, Christophe Castaner, Emmanuel Macron, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel