Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Komm, mir kucken an d’Stären …
International Neiegkeeten

Komm, mir kucken an d’Stären …

Mir hunn eng Familljerees duerch d’Universum gemaach – mir hunn

ADR-Dissidentin Sylvie Mischel nees um Dill
International Neiegkeeten

ADR-Dissidentin Sylvie Mischel nees um Dill

Nodeems d‘Liewenspartnerin vum Fernand Kartheiser virun engem Mount vun der

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!
International Neiegkeeten

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!

De Kanton Miersch befënnt sech mëtten am Häerz vum Land.

Giel Gileten Akt X: Ass et zu Paräis roueg, klappen se sech an der Provënz

Giel Gileten Akt X: Ass et zu Paräis roueg, klappen se sech an der Provënz

Et war schonn deen zéngte Samschdeg hannertenaner, datt sech de Mouvement vu de giele Gileten an de Stroosse vu Frankräich Gehéier verschaaft huet. Mee zanter en Dënschdeg leeft d‘Aktioun „Grand Debat“ déi d‘Regierung de Manifestanten ugebueden hat. Et war dann och eppes méi roueg, zu Paräis zumindest, an der Regioun war et geleeëntlech zu zesummestéiss mat der Police komm.

Gileten

Bordeaux 15 Auer: et geet a Richtung Place Gambetta. Géint der Owend koum et hei zu ganz geféierlechen Ausenanersetzunge mat de Sécherheetskräften. © Jean-Michel Leblanc

Laut den Zuelen déi de franséischen Inneministère virgeluecht huet, wieren et uechtert d‘Land bis zur Mëttegstonn, eng 27.000 „gilets jaunes“ gewiescht, dovunner der eng 7.000 fir d‘Haaptstad. Dat ass géintiwwer dem leschte Samschdeg e liichte Réckgang. Zu Paräis hu sech déi giel Gileten op der „Place des Invalides“ beim Eiffeltuerm getraff. D‘Manifestatioun hei ass zimlech roueg ofgelaf.

Ouni Stress mat der Police schéngt et dann awer net ze goen: ee puer Daboen hu mat Géigestänn op d‘Police geworf, déi huet mat Tréinegas a Waasserwerfer geäntwert. Um Enn goufen zu Paräis 42 Persoune verhaft. Krawall gouf et op dësem Samschdeg éischter an der Provënz. Zu Rennes goufen zwee Poliziste verletzt, an och zu Toulouse a Bordeaux koum et zur Gewalt a Verhaftungen.

Gileten

U kreative Messagen huet et net gefeelt. © Sasha Simic, Bordeaux Today

Laut der Prefektur waren et zu Bordeaux eng 4.000 giel Gileten, déi no engem ufänglech rouegen Defilé, géint der Owend mat de Sécherheetskräften uneneegerode sinn. 49 Persoune sinn och hei verhaft ginn. Zu Toulouse huet d‘Prefektur 10.000 Manifestante gezielt, déi sech beim Metro Jean Jaurès versammelt haten. Géint 16.30 Auer huet et gerabbelt an et koum zum Asaz vun Tréinegas.

Foto: De Mouvement vun de giele Gileten hält sech, an et dierft och nach en Ament esou bleiwen. © Capitole SMC

Ähnlech Sujeten Biergerinitiativ, Christophe Castaner, Emmanuel Macron, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel