Iran: Nei Rakéitenofwier getest
Op der iranescher Staatstelevisioun huet de Kommandant vun der Fluchofwier
Op der iranescher Staatstelevisioun huet de Kommandant vun der Fluchofwier
De Verbraucherpräisindex ass am Juli géintiwwer dem Juni ëm 0,5%
Et ware mat 69.000 Manifestanten op dësem 11. Dag vum Mouvement „gilets Jaunes“ op e neits eppes Manner Mënschen an de Stroossen, wéi nach leschte Samschdeg. Et sinn dat déi offiziell Zuelen déi de franséischen Inneministère genannt huet. Zu Paräis kënnt dann och déi éischt Maniff vun de „roude Schaler“. Et ass uechtert d‘Land och nees zu Zesummestéiss mat der Police komm.
Am Zentrum vum Mouvement: Paräis, Toulouse, Nantes an Evreux, si kleng Gruppe mat der Police unenaner geroden. Zu Paräis, haten sech déi giel Gileten op der „Place de la Bastille“ mat de Sécherheetskräften zimlech hefteg bekämpft. Laut der Präfektur sinn an dësem Zesummenhang 22 Persoune verhaft ginn. De franséischen Inneminister huet den Asaz vu Gewalt op neits veruerteelt.
Den Inneminister, Christoph Castaner, huet dës kéier allerdéngs bemierkt, datt et sech heibäi ëm gewaltbereet Gruppen handelt, déi sech als „giel Gileten“ ausginn, awer nëmme komm si fir ze randaléieren. Zu Paräis ass eng vun de „Figuren“ vum Mouvement, de Jérôme Rodrigues, schwéier um A blesséiert ginn. Hei huet d‘Policeinspektioun (IGPN) eng Enquête opgemaach.
Zu Paräis hu véier verschidde Manifestatioune stattfonnt. E puer honnert giel Gileten si iwwert d‘Champs-Elysées a Richtung Bastille marschéiert. Nach emol ronn 500 Persounen si zu Vincennes gestart, an e gréissere Grupp hat sech Ivry-sur-Seine als Depart ausgewielt. Als leschte Grupp, dee vum Kollektiv „La France en Colère“, dee virum Büro vu Facebook demonstréiert huet.
Um Samschdeg koum et zu Evreux zu zesummestéiss tëscht Manifestanten a Polizisten. Hei virun der Märei, waren se mueres zu hirer 1.500 opgetaucht. Am Nomëtteg, nodeems et laang no enger friddlecher Manifestatioun ausgesinn huet, koum et zum Clash. Et goufe Polizisten direkt ugegraff a véier Autoe sinn a Brand gestach ginn. Och hei ass et zu Interpellatioune komm.
Well et eng Rei Fransouse gëtt, déi de giele Gileten d‘Land net wëllen iwwerloossen, huet sech eng Géigebeweegung organiséiert. Hiert „Erkennungszeechen“ ass de roude Schal (foulard rouge). Si demonstréiere géint dës Gewalt, déi Frankräich säit elo zwee Méint am Wiergegrëff huet. Mee et gëtt Hiweiser, datt dëse Mouvement vun der Muecht orchestréiert ass, wat een erkläre muss.
Den Initiator vum Mouvement „rout Schaler“ ass den Laurent Soulié, deen erwisenermoossen der Partei vum President, Emmanuel Macron, La Republique en Marche (LREM) nosteet. Hien a säi Mouvement demonstréiere fir e „friddlecht a respektvollt Frankräich ouni Haass“. A während de Mouvement vum 51 järegen Zousproch erhält, gëtt sech iwwer d‘Kredibilitéit dovunner gestridden.
Foto: Toulouse 14.15 Auer. E puer honnert giel Gileten hunn sech op der Jean-Jaurès Plaz fir de Cortège versammelt. © David Saint-Sernin (via Twitter)