Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?
kuwait free dating website Neiegkeeten

dating my daughter android

Um internationalen Dag vun der Aarmut, deen op dëse 17.

is alison and emily dating in real life
kuwait free dating website Neiegkeeten

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Den OGBL informéiert, datt si als majoritär Gewerkschaft zesumme mam

En Amerikaner um elektresche Stull
kuwait free dating website Neiegkeeten

En Amerikaner um elektresche Stull

En Amerikaner, deen et virgezunn huet duerch en déidlechen elektresche

Giel Gileten Akt XII: Protest géint d‘Staatsgewalt

Police bekämpft Aggressioune weider mat Tréinegas

Giel Gileten Akt XII: Protest géint d‘Staatsgewalt

Et ass schonn den 12. Samschdeg a Folleg wou déi giel Gileten uechter Frankräich op d‘Strooss ginn. Gëschter sollen se zu hirer 58.600 gewiescht sinn, esou zumindest déi offiziell vum franséischen Inneministère genannten Zuelen. Et koum wéi gewinnt zu Ausenanersetzungen.

De Mouvement wollt de Protest vu gëschter notzen, fir op d‘Policegewalt opmierksam ze maachen. Säit dem Ufank vun dësem Biergeropstand am November, sinn honnerte Manifestanten duerch den Asaz vu Gummiskugelen (LBD) an/oder Granaten – déi och kleng Plastikskugelen ëmfaassen an zum Zweck hunn, d‘Mënschen ausenanerzedreiwen – deels schwéier blesséiert ginn.

Laut dem Inneministère, wieren duerch Gewalt: 1.700 Manifestanten an 1.000 Polizisten zu Schued komm. Déi meescht Blessuren, esou d‘Behaaptung vun de giele Gileten, géifen duerch déi sougenannt LBD (Lanceur de Balles de Defense) provozéiert ginn. Dës Geschosser sollten dann och nëmmen „ënner Broschthéicht“ agesat ginn… wat awer méi liicht gesot wéi gemaach ass.

Fir den Asaz vu LBD ze verhënneren, hate Leit virum Verwaltungsgeriicht geklot. Déi Klo ass vum Geriicht verwise ginn, an och de franséischen Inneminister, Christophe Castaner, huet d‘Verwendung vun dëser Waffegattung verdeedegt. „Den Asaz vu Gummiskugelen ass eng Noutwennegkeet zum Schutz vun de Beamten“, heescht et aus dem Inneministère.

Gileten

Fir sech emol e Bild vun esou engem „Lance de Balles de Defense“ ze maachen, hei deen am Frankräich agesate Model „LBD 40“ vum Schwäizer Hiersteller „Brüger & Thomet“. De LBD 40 gëtt zanter 2007 agesat. Säin éischten „Duerchbroch“ huet d‘Waff bei den Opstänn vu Villiers-le-Bel gemaach, an ass du fir den Ensembel vun de franséische Sécherheetskräfte bestallt ginn.

Den Asaz vun de Gummiskugelen huet sech allerdéngs bis zum Europarot duerchgeschloen, an d‘Dunja Mijatovic, Kommissärin fir Mënscherechter, hat sech ugangs der Woch entspriechend besuergt gewisen. Si war den 28. Januar an der franséischer Haaptstad, wou si sech en Bild vun der Gewalt, och géint Journalisten, gemaach huet an divers Entrevue mat Verantwortlechen hat.

Vill lass, och an der Provënz

Zu Paräis hat d‘Staatsgewalt 5.000 Polizisten opgebueden, fir de Mouvement an der Gitt ze behalen. Déi giel Gilete sinn hinne mat Gesang a Parollen entgéint komm. Déi franséisch Nationalhymn ass gesonge ginn, a vill Leit haten eng Aeklapp un, woumatter si op déi sëlleche Manifestanten opmierksam maache wëllen, déi bei Konfrontatiounen en A verluer hunn.

Gileten

Well et ënnert de Manifestanten alt nees där ganz gescheiter ginn huet, déi gemengt hunn et wier eng gutt Iddi Dreckskëschten a brand ze stiechen a sech och soss éischter „aggressiv“ der Police géinteniwwer gestallt hunn, huet déi nees op Tréinegas zréckgegraff. Am direkte Verglach mat de Manifestatioune vun de leschte Wochen, war et dëse Samschdeg zu Paräis awer „roueg“.

Protestéiert gouf och zu: Bordeaux, Marseille, Tours a Valence. Fir deem ze begéinen huet den Inneminister ronn 75.000 Beamten an der Provënz agesat. Beim Protest, dee mat der Aféierung vun enger „Karbon-Tax“ op de Sprit lassgetrëppelt ginn ass, ass elo virun allem dem Emmanuel Macron seng Wirtschaftspolitik déi ënner Beschoss steet. Hie begéint deem mat engem Biergerdialog.

mat indymedia/par/mar

Foto: Um 2. Februar huet sech de Mouvement vun de giele Gileten op d‘Policegewalt konzentréiert, déi zu ville schwéiere Verletzunge gefouert huet. Esou wéi de Jérôme Rodrigues (am Bild de zweete vu riets), dee leschte Samschdeg soll getraff gi sinn, wéi hien e Video vun der Demo gedréint huet. © IDF

Ähnlech Sujeten Christophe Castaner, Emmanuel Macron, giel Gileten, gilets jaunes, LBD40, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel