Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

100 Joer Hiewane-Verband Lëtzebuerg: Et bléist e frësche Wand
International Neiegkeeten

celebs go dating 2017 when does it start

Den 8. Februar huet den Hiewane-Verband Lëtzebuerg (ALSF) säi ronne

mlb the show 17 matchmaking
Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?
International Neiegkeeten

Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?

Et steet ausser Fro, datt déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis

Iechternach goes Steampunk
International Neiegkeeten

Iechternach goes Steampunk

Stadmarketing an der Abteistad ass en eeschte Sujet. Allerdéngs ass

Giel Gileten Akt XIII: Gewaltbereetschaft ass ongebrach

Op e neits e schwéier Blesséierten a vill Verhaftungen

Giel Gileten Akt XIII: Gewaltbereetschaft ass ongebrach

De Mouvement vun der giele Gileten (gilets jaunes) ass gëschter Samschdeg, schonn a seng 13. Ronn gaangen. Ugefaangen hat et mat der Revendicatioun d‘Spritpräisser niddreg ze halen, du goung et ëm d‘Kafkraaft, dann ëm Policegewalt an elo géint Demonstratiounsgesetzer.

A wéi (leider) net anescht ze erwaarden, ginn d‘Revendicatiounen och vu Mënsche gedroen, deenen et geleeë schéngt, sech mat den Autoritéiten op eng physesch Ausenanersetzung ukommen ze loossen. Esou koum et dann zu Paräis op e neits zu ganz heftegen Zesummestéiss, an heibäi ass e Mann, dee beim Gebai vun der Assemblée eng „Granat“ opgeholl hat, schwéier blesséiert ginn.

Et soll eng vun dëse Granate gewiescht sinn, déi schonn de Jérôme Rodrigues méiglecherweis en A kascht huet. De Mann deen also dës Granat – déi agesat gëtt fir Demonstranten ausenanerzedreiwen – opgeraf soll hunn fir se de Polizisten zréck ze werfen, wäert seng Hand „verluer“ hunn. Wéi et heescht soll op der selwechter Plaz, e weidere Manifestant um Kapp blesséiert gi sinn.

Op der Tëlee waren och nees Gefierer ze gesinn, déi muttwëlleg a Brand gestach goufen – dorënner och eng Jeep vun der Arméi, déi am Kader vun der Operatioun „Sentinelle“ anti-Terror Missiounen erfëllt, an eigentlech net direkt vum Protest betraff ass. Et goufen och nees Fënsteren a Vitrinne vu Geschäfter ageworf, déi d‘Laascht vum politesche Versoen ze droen hunn.

Et geet dach och friddlech

Während d‘Autoritéiten nees zu Paräis, Metz a Bordeaux massiv op d‘Gewalt reagéieren hu missen, huet et awer (zum Gléck) och därer ginn, déi hir Fuerderungen an hir Roserei friddlech zum Ausdrock bruecht hunn. Laut dem Inneministère sollen et fir den 13. Akt eng 51.400 Mënsche gewiescht sinn, déi sech géint de Macronismus wennen a substantiell Verbesserunge fuerderen.

Gileten

Um Tréinegas ass net gespuert ginn © A.Barabary (via Twitter)

Protestéiert gouf och géint den Asaz vun der Staatsgewalt, déi vu villen als disproportionéiert denoncéiert gëtt. Nei derbäi komm, den Disput ëm e Gesetzprojet, mat deem et den Autoritéite méi liicht gemaach gëtt Demonstratiounen ze verbidden, a wou et fir Mënschen déi hir Gesiichter verstoppen, zu besonnesch haarde Strofe komme soll. Parallel dozou leeft de Biergerdialog…

Gileten

D‘Fënstere vun de „schicke Geschäfter“ gi mat „Messagen“ gerëscht. © Giorgio Leali (via Twitter)

Wann et nozevollzéien ass, datt säit elo gutt 30 Joer d‘Politik am Frankräich sech beschtefalls op „lamentabel Resultater“ beruffe kann, d‘Vetrieder vun der Zivilgesellschaft d‘Prioritéit ëmmer op déi eege „Besoinen“ geluecht hunn, an Europa sech och net vu senger beschter Säit weist, dierft de Mouvement nach esoubal net ofgeschloss sinn. Alles vreckt schloe miss awer net sinn…

mat indymedia/par/mrs

Foto: Zu Paräis, wou et e Samschdeg zu den heftegsten Ausenanersetzunge komm ass, waren eng 4.000 Manifestanten an de Stroossen. © gilets jaunes (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Frankräich, Gewalt, giel Gileten, gilets jaunes, Granaten, Macronismus, Protest, Tréinegas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel