Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur
radiocarbon dating mean christian dating relationship tips

dating sites odessa ukraine

Et geschéien nach Zeeche a Wonner: no 18 Méint Verhandlunge

https://moien.lu/dating-sites-springfield-mo/
radiocarbon dating mean christian dating relationship tips

Doudeger bei terroristeschem Ugrëff am Burkina Faso

Op e Restaurant vun Ouagadougou ass um Sonndegowend en Uschlag

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht
radiocarbon dating mean christian dating relationship tips

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht

Bei der Entrevue vu gëschter, tëscht dem LCGB an dem

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen

No dräi Méint geet den Zousproch an der Bevëlkerung zréck

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen

Et war gëschter scho fir déi 14. Kéier, dat bei eise franséischen Noperen, de Mouvement vun de giele Gileten (gilets jaunes) uechtert d‘Land fir eng helle Wull u Revendicatiounen op d‘Strooss gaangen ass. Zur Erënnerung: ugefaangen hat dat ganzt wéinst enger „Ëmwelt-Tax“ op de Sprit.

Laut dem franséischen Inneministère wieren se zu hirer 41.500 um Territoire a ronn 5.000 eleng zu Paräis gewiescht. En Zuel déi vun den „Organisateure“ verworf gëtt. Do stellt sech dann d‘Fro, ob de Mouvement tatsächlech réckleefeg ass, a wéi eng Ënnerstëtzung hunn déi giel Gileten nach bei der Bevëlkerung? No 3 Méint Protester a muttwëlleger Zerstéierung, ginn d‘Meenungen ausenaner.

Gileten

Zu Paräis goufen op mannst 23 Demonstrante verhaft, woubäi et an der franséischer Haaptstad dëse Samschde wäitaus méi roueg ofgelaf ass, wéi nach déi lescht Woch. Hei ass et allerdéngs zu engem „bedauerleche“ Virfall komm, wéi sech d‘Weeër vum Cortège an dem Philosoph Alain Finkelkraut gekräizt hunn. Hei hunn eng Partie Idioten, déi dem Mann antisemitesch Parollen entgéint gejaut.

Gileten

Dëse Fait, ass Parteiiwwergräifend condamnéiert ginn, an de President Emmanuel Macron, huet via Twitter gewarnt, datt een esou Aktioune kengesfalls wäert toleréieren. Op Facebook hunn déi giel Gileten trotz allem, fir eng weider Aktioun um haidege Sonndeg opgeruff: „d‘Place de l‘Etoile esou laang wéi nëmme méiglech, bei enger friddlecher an deklaréierter Demonstratioun blockéieren“.

Gileten

An der Provënz, war de Protest zu Bordeaux an Toulouse am gréissten. Zu Rouen ass en Chauffeur, dee vun de giele Gilete bei enger rouder Luucht blockéiert gouf, aus sengem Gefier geklommen, fir och ze „protestéieren“. Dorops hin hu sech d‘Leit iwwert säin Auto hir gemaach. De Mann ass nees an d‘Gefier geklommen a riicht duerch d‘Leit gefuer. Et soll et bei liichte Blessure bliwwe sinn.

Gileten

Et ass leider och weiderhi schwiereg de Mouvement anzeklasséieren, a virun allem ze verstoen, wien e Wuert matzeschwätzen huet, wien iwwerhaapt fir déi giel Gileten eng „Positioun“ vertriede kann. Gefuerdert gëtt alles a säi Géigendeel, woubäi villes sécherlech berechtegt ass. An enger Analys déi mir iech muer an eise Säiten ubidden, versiche mir e Bléck hannert de Rideau ze werfen.

mat indymedia/par

Foto: Déi grouss Majoritéit vun de giele Gileten hunn op dësem Samschdeg friddlech protestéiert. © Sevrine/gj (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Alain Finkelkraut, Antisemitismus, Emmanuel Macron, giel Gileten, gilets jaunes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel