Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migratiounspak: Op der Sich no gescheite Käpp an talentéierten Hänn
https://moien.lu/park-seo-joon-dating-rumours/ Neiegkeeten

house speed dating scene

Méintelaang ass sech gestridde ginn a „verbal Handgräiflechkeeten“ hunn den

ukrainian matchmaking services
https://moien.lu/park-seo-joon-dating-rumours/ Neiegkeeten

Taifun Faxai verwüst Tokio

Masseg Reen an hefteg Wandstéiss huet den Taifun Faxai an

Twitter: US-President net als Tester zougelooss
https://moien.lu/park-seo-joon-dating-rumours/ Neiegkeeten

Twitter: US-President net als Tester zougelooss

Ee vun de „big users“ bei Twitter ass net beim

Giel Gileten Akt XIX: Méi Manifestanten – Manner Vandalismus

Den 19 Samschdeg vum „Mouvement“ war zolidd encadréiert ginn

Giel Gileten Akt XIX: Méi Manifestanten – Manner Vandalismus

Et ass ëmmer gutt wa Mënschen et ronn kréien hir Roserei ze kanaliséieren an esou hir Fuerderunge mat „demokratesche“ Mëttel stellen. Kee Verglach also zum leschte Samschdeg? Kee Verglach! Wat awer net bedeit et hätt net déi eng oder aner Ausenanersetzung ginn…

Gileten

Laut dem franséischen Inneministère, waren dëse Samschdeg méi giel Gileten op de Stroossen wéi déi lescht Woch: 40.500 (géintiwwer 32.300). Zu Paräis dogéint waren et „nëmmen“ 5.000 giel Gileten (géintiwwer de 10.000 vu leschtem Weekend). Alles an allem hunn d‘Autoritéiten 233 Persounen interpelléiert an et ass zu 107 Protokoller komm. 172 Leit sëtzen an Untersuchungshaft.

D‘Prefektur vu Paräis huet um Owend gemellt, datt iwwert den Dag ewech zu 6.825 Persoune kontrolléiert goufen, an 49 Protokoller ausgestallt goufen, well sech Leit op „gespaarten“ Plaze versammelt haten. 70 Manifestanten si verhaft ginn. Gréisser Zesummestéiss mat der Police sinn ausbliwwen. Den Asaz vun der Arméi (Operation Sentinelle) ass ouni Tëschefäll verlaf.

Gileten

An de Regiounen dogéint, huet et Plazeweis gerabbelt. Esou zu Montpellier, wou zwou Stonnen nom Depart vum Cortège e puer Klatzkäpp sech net méi an der Gitt haten, a sech mat der Police ugeluecht hunn. Déi huet ouni sech grouss Gedanken ze maachen direkt Tréinegas agesat, fir sech géint de Beschoss mat Flächen a soss „gëeegent“ Géigestänn ze wieren.

Zu Nice, koum et zur Konfrontatioun, wéi Manifestante versicht hunn an de gespaarte Perimeter anzedréngen. En ähnlecht Bild huet et zu Bordeaux ginn, och nees a Verbindung mat giel Gileten, déi onbedéngt an de Stadzentrum era wollten. Wéi am Nomëtteg och nach eng Rei Membere vum „Black Block“ sech agemëscht hunn, war d‘Bëtschel fett. D‘Police huet duerchgegraff…

Gileten

Den Inneminister, Christophe Castaner, huet sech iwwert de Verlaf vum Samschdeg gefreet: „Déi republikanesch Uerdnung ass erhale bliwwen“. Et muss een allerdéngs drop hiweisen, datt och d‘Sécherheetskräfte massiv mobiliséiert waren. An déi hunn sech un déi streng Consigne gehalen, déi hinnen operluecht goufen: „keng Toleranz géintiwwer de Casseuren“. Schéngt geklappt ze hunn.

mat indymedia/par/lyo/mrs

Foto: Mobiliséiert géint d‘Regierungspolitik, an dat ouni alles futti ze schloen. Esou geet Protest. © Maximilien (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Christophe Castaner, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Macronismus, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel