Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
JCR Pharmaceuticals léisst sech zu Lëtzebuerg néier
International Neiegkeeten

JCR Pharmaceuticals léisst sech zu Lëtzebuerg néier

Wéi et aus dem Wirtschaftsministère heescht, huet JCR Pharmaceuticals, eng

Wäibau zu Lëtzebuerg: kee Grond do sech verréckt maachen ze loossen
International Neiegkeeten

Wäibau zu Lëtzebuerg: kee Grond do sech verréckt maachen ze loossen

Vill waren der ageluede ginn, sech dem Frëndschaftspatt am Wäibauinstitut

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an
International Neiegkeeten

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an

Den US-Kongress wollt mat enger Resolutioun dem Donald Trump noleeën,

Giel Gileten Akt XV: Nëmmen net noloossen!

Giel Gileten Akt XV: Nëmmen net noloossen!

Et war de 15. Samschdeg an der Folleg, datt de Mouvement vun de giele Gileten (gilets jaunes) sech d‘Stroossen vu Frankräich ugëeegent huet. E Mouvement, deen nees u Fahrt gewënnt, an géintiwwer dem leschte Samschdeg, méi Leit mobiliséiert kritt huet.

Gileten

Aus den Zuele vum franséischen Inneministère ass ze enthuelen, datt sech nees méi Aktivisten op de Stroosse gewisen hunn. Iwwert de ganzen Territoire verdeelt, ginn d‘Autoritéite vu 46.000 Participanten aus. An der Haaptstad Paräis, sollen se zu hirer 5.800 gewiescht sinn. Vun offizieller Säit heescht et, datt et zweemol esouvill Versammlunge ginn huet, déi nach de 16. Februar.

Gileten

Begréissenswäert: am grousse Ganze sinn d‘Demonstratioune roueg verlaf. Gréisser Exactioune goufen aus Bordeaux a vu Clermont-Ferrand gemellt. Hei sollen sech d‘Demonstrante mat der Police eenzel Gefechter geliwwert hunn. Blesséierter goufe keng gemellt, Verhaftunge schonn…

Gileten

Zu Bordeaux, wou de Mouvement mat nach 3.500 Manifestanten eppes réckleefeg ass, huet d‘Geklapps am Nomëtteg séier en Enn fonnt. 5 Persoune goufe verhaft, well si mat „Saachen“ op d‘Poliziste geworf hunn. Zu Clermont-Ferrand, waren si zu hirer 2.500. D‘Ausenanersetzungen hunn nom Start vun der Demo ugefaangen, an den trauregen Héichpunkt hunn eng Rei Daboen erbäigefouert andeems si Dreckskëschten a brand gestach hunn.

Gileten

Et gouf gepaff, gejaut a mat Knupperte geworf. Den Inneminister Christophe Castaner an den Emmanuel Macron – deen ee Samschdeg op der „foire agricole“ war – sinn an de Sloganen net gutt ewech komm. Deen ee wëllen se a Kette leeën, deen aneren an de Bing setzen…

Gileten

mat indymedia/par/lon

Foto: Op der „Place du Trocadero“ zu Paräis huet et nees kloer Fuerderunge ginn. © ON

Ähnlech Sujeten Christophe Castaner, Emmanuel Macron, giel Gileten, gilets jaunes, Gummikugelen, Tréinegas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel