Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Lénk – Schluss mam Putsch an Amëschen a Venezuela
https://moien.lu/tips-for-dating-divorced-man/ diva dating site

funny dating jokes dirty

Géint d’Regierung a Venezuela vum Maduro wëllen elo verschidde Muechte

boundaries in dating cloud
https://moien.lu/tips-for-dating-divorced-man/ diva dating site

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg

Gëschter Owend koum et op der Beeforter Äispist zum Revaliteits-Match

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?
https://moien.lu/tips-for-dating-divorced-man/ diva dating site

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?

Déi lénk kënnen sech just widderhuelen: „Den Tram ass eng

Giel Gileten Akt XVI: Ma wou waren se dann?

Giel Gileten Akt XVI: Ma wou waren se dann?

Nom leschte Samschdeg hat ee sech erwaart, datt de Mouvement nees géif u Fahrt ophuelen, mee wann ee sech d‘Zuele vu gëschter ukuckt, muss e feststellen, datt de Géigendeel de Fall ass. Laut dem franséischen Inneministère, hätten sech iwwer dat ganz Land verdeelt, 39.300 Manifestante fir den Akt XVI mobiliséiert. Den 23. Februar, beim Akt XV, waren der nach 46.600 gezielt ginn.

De Mouvement selwer huet seng eegen Zuelen, mee och déi weisen däitlech, datt d‘Mobilisatioun réckleefeg ass. Esou hat „GiletsJaunes“ via Twitter 200.000, an de Grupp „Le Nombre Jaune“ (op Facebook) 113.400 beim Akt XV Participante gezielt. Gëschter Owend um 18 Auer, hu si alles an allem nach 92.000 Manifestante comptabiliséiert. Wierklech méi „friddlech“ war et dann awer net.

Akt XVI

Zu Paräis hunn d‘Autoritéiten 4.000 giel Gilete gezielt, géintiwwer de 5.800 vu leschte Samschdeg. Et ass natierlech zu Ausenanersetzunge mat der Police komm, a well eng Persoun vermuttlech duerch eng Gummiskugel am Gesiicht blesséiert gouf, huet d‘Prefektur eng administrativ Enquête an d‘Wee geleet. 33 Manifestanten si fir ënnerschiddlech Delikter interpelléiert ginn.

Zu Lyon, wéi och zu Nantes, waren d‘Zesummestéiss mat de Sécherheetskräften am heftegsten. A béide Stied si vun den Autoritéite jeeweils ronn 2.000 Demonstrante gezielt ginn. Zu Nantes ass de Cortège, nodeems e gréisser Zuel Leit d‘Police duerch d‘Gässele vun der Stad ëmgoe wollt, vun der Police mat Tréinegas agedeckt ginn. Bilan: dräi blesséiert Manifestanten an eng Dose Verhaftungen.

Akt XVI

Och zu Lille ass nees Demonstréiert ginn. Hei waren déi giel Gileten zu hirer ronn 1.300. Si haten en europäeschen Opruff zur Participatioun gemaach. Virsiichteg ausgedréckt: den Erfolleg huet sech a Grenze gehalen. Esouwäit een et den offizielle Berichter enthuele kann, war et zu Lille awer „roueg“. Et goufe keng gréisser Exactioune gemellt, an och de Schued hält sech a Grenzen.

Zu Bordeaux soll et dann zu Iwwergrëff komm sinn. Den Deputéierte Loïc Prud‘homme (La France Insoumise – LFI) huet behaapt d‘Affer vun engem „Matraquage ouni Sommatioun“ ginn ze sinn. Hie wier – an et gëtt e Video deen d‘Ausso bekräftegt – beim Verloosse vun der Maniff, brutaalst vun de Polizisten ugegraff ginn. Och hei kënnt et elo zu enger administrativer Enquête.

 

Akt XVIDen Didier Lallemant, Präfekt vun der Gironde, stellt sech awer virun seng Beamten, déi eng ganz exemplaresch Aarbecht geleescht hätten. Hien ënnersträicht zudeem, datt d‘Manifestatioun op enger verbuedener Achs net ugemellt gi war, an d‘Leit eréischt no der massiver Opfuerderung de Cortège opzeléisen, mat de Mëttel déi der Police zur Verfügung stinn, ausenanergedriwwe goufen.

Fir den Deputéierten ass d‘Ausso vum Präfekt „skandaléis“. Hien huet eng entspriechend Plainte bei der Generalinspektioun vun der nationaler Police (IGPN) agereecht, an en Appell lancéiert, an deem hien no weideren Opname freet, déi seng Behaaptung kéint stëtzen. De Leader vun der LFI, Jean-Luc Mélenchon, huet de Matraquage denoncéiert, an d‘Regierung zur Uerdnung geruff.

Akt XVI

D‘Maniff zu Bordeaux ass duerch Iwwergrëff vun den Autoritéite gestéiert ginn. © Loïc Prud‘homme (via Twitter)

mat indymedia/par

Foto: © GiletsJaunes (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Loïc Prud'homme, Matraque
Nächsten Artikel Virrechten Artikel