Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Exotesche Besuch mam Raoni Metuktire – 100.000 € fir de Reebësch!
International Neiegkeeten

Exotesche Besuch mam Raoni Metuktire – 100.000 € fir de Reebësch!

Gëschter huet den eenheemesche brasilianesche Chef a Verdeedeger vum Amazonas,

surprise
Du gëss mat Stringtheorie net eens? Dee Video hei kéint der hëllefen!
International Neiegkeeten

Du gëss mat Stringtheorie net eens? Dee Video hei kéint der hëllefen!

Et gi wéineg Konzepter, déi esou schwéier ze verstoe sinn,

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei
International Neiegkeeten

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei

Si hunn sech bis zur leschter Sekonn engagéiert, en ambitiéisen

Giel Gileten Akt XVII: Et huet eppes gefeelt…

Giel Gileten Akt XVII: Et huet eppes gefeelt…

Eng gutt Woch virum Enn vum „ëffentlechen Debat“ schéngt dem Mouvement vun de giele Gileten d‘Loft auszegoen. Op dësem 17. Samschdeg hunn, esou d‘Zuele vum franséischen Inneministère, nach 28.600 am Frankräich géint d‘Politik vum Emmanuel Macron a senger Regierung protestéiert.

Gileten

Dat ass eendeiteg déi schwächste Mobiliséierung vum Mouvement, zanter sengem Lancement am November 2018. Zu Paräis sinn esou nach 3.000 giel Gileten „gezielt“ ginn. Woubäi dann awer am ganze Land d‘Leit sech bedeelegt haten. Esou zu Toulouse, vu wou bericht gëtt, datt d‘Maniff roueg, mee decidéiert verlaf ass. Den Discours huet u senger Intensitéit net verluer…

An der Ardèche, wou de Cortège vun Etapp zu Etapp ëmmer méi grouss ginn ass, haten se dann och wéineg iwwreg fir de President. „Mir sinn derbäi ze erhéngeren, also muss hien eng ënnerhuelen“, esou e Mann deen nach keng Manifestatioun ausfale gelooss huet. Si sinn es leed, datt et net viru geet, a wëssen net esou richteg wat si vum „ëffentlechen Debat“ hale sollen, deen elo zu Enn geet.

Gileten

„Frankräich“ ass awer nach ëmmer mobiliséiert, a bei de Revendicatioune schéngt een net gewëllt ze sinn, Konzessiounen ze maachen. Et kommen der nach bäi… Esou waren déi giel Gileten och op de Schi-Statiounen. Hei gëtt och net nëmme géint de Verloscht vun der Kafkraaft demonstréiert. Et wëll een d‘Leit am Bezuch op d‘Ëmweltverschmotzung am Dall vum Mont-Blanc sensibiliséieren.

Zu Paräis huet de Fluchhafe Roissy eng gesënnert Roll gespillt. Hei hunn déi giel Gileten e „Flash Mob“ organiséiert – mat vill Danz a Musek – mat deem si sech géint de Projet vum Verkaf vum Grupp „Aéroports de Paris“ (ADP) opgestallt hunn. Eng Privatiséierung, déi och vu villen Experten als „falsche Message“ gesinn a kritiséiert gëtt. E schlechten Timing fir esou eng Moossnam?

Gileten

Beim Marsch vun de Champs-Elysées bei den Arc-de-Triomphe war et laang roueg. Um Enn hu sech dann awer nach eng honnert Persoune genéidegt gefillt, et mat der Police opzehuelen. D‘Police huet d‘Waasserwerfer agesat fir d‘Situatioun ze berengegen. En ähnlecht Bild gouf et am Puy-en-Velay: de ganzen Dag iwwer war et friddlech, bis géint der Owend de Chaos ausgebrach ass.

mat indymedia/par

Foto: © AmElie (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Kafkraaft, Macronismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel