Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!
acog practice bulletin dating Neiegkeeten my best friend and i hook up

dating a conservative christian man

Wéi um 28. Februar konnt festgestallt ginn ass d’Zuel vun

free dating spanish singles
acog practice bulletin dating Neiegkeeten my best friend and i hook up

USA offizialiséieren Austrëtt aus Paräisser Klimaofkommes

Nodeems den Donald Trump am Juni 2017 dëse Schratt ugekënnegt

Wahlkampf ob hebräesch
acog practice bulletin dating Neiegkeeten my best friend and i hook up

Wahlkampf ob hebräesch

Den israelesche Ministerpresident Benjamin Netanyahu huet eng Woch virun de

Giel Gileten Akt XVIII: Vandaliséiert Banken, ausgeraibert Geschäfter…

Geziilten Asaz vu Gewalt oder spontan Äntwert op Policepresenz?

Giel Gileten Akt XVIII: Vandaliséiert Banken, ausgeraibert Geschäfter…

D‘Champs-Elysées wäerten nom 18 Dag vum Mouvement „Giel Gileten“ ni méi esou ausgesinn, wéi mir se an Erënnerung hunn. Eeler Leit déi nobäi Wunnen hu gemengt, datt net emol d‘Preise sengerzäit esouvill Schued ugeriicht hätten. Den Akt XVIII, war en Akt vun der Gewalt…

Si haten et ugekënnegt, an et sollt tatsächlech ee vun de beweegte Samschdeger vum Mouvement ginn. Am ganze Land war d‘Mobilisatioun en Erfolleg, woubäi zur gläicher Zäit och am Hexagon masseg „Märsch fir de Klima“ stattfonnt hunn. Laut dem franséischen Inneministère ware gëschter 32.300 iwwert de ganzen Territoire mobiliséiert, dovunner 8.000 déi sech op Paräis konzentréiert hunn.

Zur Erënnerung: leschte Samschdeg haten d‘Autoritéiten der 28.600 gezielt. Op Facebook hunn d‘Organisateuren 290.000 Participanten uginn. Et war dann alt nees Paräis, wou de Mouvement déi gréissten Opmierksamkeet op sech gezunn huet. Hei koum et, knapps datt sech de Rassemblement um 10 Auer forméiert hatt, direkt zum „Kontakt“ mat de Sécherheetskräften, déi fréi ugefaangen hunn sech d‘Manifestante mat Waasserwerfer an Tréinegas vum Leif ze halen.

Gileten

Ouni Récksiicht op Verloschter

Richteg ausgeaart ass et op de Champs-Elysées. Dësen Aktiounsdag, deen als „Ultimatum“ fir den Emmanuel Macron annoncéiert gi war, hannerléisst batter Spuren. Zeenen déi un „Urban-Guerilla“ erënnert hunn. D‘Gewaltbereetschaft war ersiichtlech a léisst sech net erofspillen. Vill Gebaier goufe reegelrecht vandaliséiert, Geschäfter carrement ausgeraibert. Um Enn hat d‘Police 192 Leit interpelléiert, vun deenen der 106 an Untersuchungshaft gelant sinn.

Gileten

Dat ass dat Bild dat ee sech bei engem friddleche Protest wënscht. @GiletsJaunesGo

Geféierlech, jo direkt liewensbedreelech ass et ginn, wéi e puer Klatzkäpp an der Avenue Roosevelt hir Roserei géint eng Bank geriicht hunn. Wéi et derzou konnt kommen, datt d‘Gebai op emol a Flame stoung ass net gewosst, mee fir den Inneminister, Christophe Castaner, handelt et sech heibäi ëm eng „bewosst“ Aktioun déi keng Récksiicht op Verloschter geholl hätt. Dank dem behäerzten Asaz vun de Pompjeeë konnt eng Fra mat hirem Bëbee a leschter Sekonn gerett ginn. Am ganze goufen am Gebai 11 Mënsche verletzt.

Gileten

Et kann ee seng Meenung och ouni Gewalt ausdrécken, och wann dës Biller gëschter éischter d‘Ausnam waren, zumindest am Kontext vun der Berichterstattung. @GiletsJaunesGo

Decidéiert et drop ukommen ze loossen

Ënnert de Manifestanten, vill „Gestalten“ déi schwaarz gekleet, gréisstendeels Vermummt a mat Helmer ausstafféiert waren. Déi waren dann och, déi mat Pavésteng a wat hinne soss esou an de Grapp komm ass, op d‘Police lassgaange ginn. Déi huet sech mat Tréinegas zu wier gesat, an och Waasserwerfer si scho ganz fréi agesat ginn. Op de Champs-Elysées hu „Casseuren“ systematesch d‘Vitrine vun de Geschäfter ageschloen. An dat war just e Virgeschmaach…

Am Nomëtteg huet d‘Maniff du ganz degeneréiert. Héich dotéiert Enseignë sinn a Brand gestach ginn, dorënner deen ënner Denkmalschutz gestalte Restaurant „Fouquet‘s“. Mee och déi „kleng“ Commerçanten, vum Bitzatelier bis zum Zeitungsbuttek, waren „einfach“ Ziler déi net ausgelooss goufen. Hei kann ee behaapten datt bewosst Existenzen zerstéiert gi sinn. Eréischt e massiven Asaz vun der Police huet nees eng relativ Rou mat sech bruecht.

Gileten

Schwaarze Block oder giele Gilet, wou ass d‘Differenz?

Bezitt ee sech op d‘Informatioune vun der Prefektur, si 17 Polizisten, 1 Pompjee an 42 Manifestante verletzt ginn. D‘Buergermeeschtesch vu Paräis, Anne Hidalgo, konnt net méi maache wéi dat ganzt ze veruerteelen, an d‘Presidentin vum Rassemblement National (RN), Marine Le Pen, stellt da fest, datt een de schwaarze Block ongehënnert an ongestrooft agéiere gelooss hätt. De Republikaner, François-Xavier Bellamy, fuerdert d‘Regierung op endlech duerchzegräifen.

Gileten

Wann elo d‘Champs-Elysées och wéinst hirer Notorietéit am Fokus gestanen hunn, esou huet de Chaos sech och anerwäerts breet gemaach. Eng Rei Manifestanten, déi wuel giel Gileten unhaten, trotzdeem dem schwaarze Block zougeuerdent musse ginn, waren iwwert déi grouss Boulevarden a Richtung „Place de la Republique“ lassgezunn, an hunn op hirem Passage Dreckskëschten a Scooter a Brand gestach. Ob dat et war, wat d‘Maxime Nicolle – eng vun de Figure vum Mouvement – gemengt hat, wei se Frankräich „e memorabelen Dag“ versprach hat?

Topeg Aussoe maachen et net besser

Et sinn dann och nach d‘Aussoe vu „giele Gileten“ déi den eigentlechen Zweck vum Mouvement – d‘erhale vun der Kafkraaft, fiskal Erliichterungen – ad absurdum féieren. Esou de Bernard, deen erkläert: „Mir waren déi ganzen Zäit iwwer einfach ze fein, dowéinst ass et haut esou brutal“. En anere stellt pragmatesch fest: „Et gëtt keen anert Mëttel, fir seng Roserei auszedrécken!“. Dat déngt der „Saach“ u sech séier wéineg, mee et ass jo och kee koordinéierte Mouvement.

Gileten

No den Ausschreidungen zu Paräis huet de President Emmanuel Macron seng Vakanz ofgebrach, huet sech awer net op der Plaz selwer ëmgesinn. De Premierminister, Edouard Philippe, huet wësse gelooss, datt „jiddereen deen dës Doten entschëllegt an encouragéiert, mécht sech matschëlleg“. An hie léist senge Gefiller fräie Laf: „Ech empfannen e grouss Roserei, well déi Doten déi hei begaange goufen, sinn net déi vu Manifestanten, mee vu gewaltbereete Vandalen. Et gëtt näischt wat dës Gewalt rechtfäerdegt“.

Gileten

Och soss am Land vill traureg Virfäll

Et war gëschter därmoossen eng lass, datt et net ganz esou einfach op alles anzegoen, mee nieft Paräis, huet et am ganze Land vill traureg Virfäll ginn. Als Beispill eng iwwerflësseg Aktioun zu Toulouse, wou de republikanesche Buergermeeschter, Jean-Luc Moudenc, u giel Gilete geroden ass. Zu Toulouse, wou d‘Manifestanten sech nach ni den ugemellte Wee gehalen hunn, war et éischter Zoufall, datt giel Gileten de Buergermeeschter erbléckt hunn. Mee wéi si hien erkannt haten, wollten si him zolidd un de Pelz, mee hie konnt sech zäiteg aus de Féiss maachen.

An esou kéint e weider fueren, d‘Lëscht ass laang a dréit net derzou bäi, datt de Mouvement seng Fuerderungen zum Ausdrock brénge kann. Villes wat vun de giele Gilete revendiquéiert gëtt, ass zudeem an de „groussen nationalen Debat“ agefloss, dee rezent ofgeschloss ginn ass, a bis Ufank Abrëll enger Evaluatioun ënnerzu gëtt, fir dann Äntwerten oder konkret Moossname virzeschloen. Also zumindest ass dat de Plang vun der Regierung. Eng Regierung déi elo awer reagéiere muss, esou kann et mat der Gewalt schliisslech net virugoen.

mat indymedia/par/lyo/mrs/tls

Foto: De „Fouquet‘s“, eigentlech eppes wéi e nationaalt Monument, vandaliséiert an a Brand gestach. Mat de berechtegte Revendicatioune vum Mouvement huet dat wéineg gemeng. © Blake Nordstrom (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Kafkraaft, Macronismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel