guy im dating goes cold
D‘Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi gréng, hat de leschte Freideg
D‘Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi gréng, hat de leschte Freideg
Um Haaptsëtz vun der Post war um Mëttwoch eng weider
Nodeems elo bekannt ass, datt déi technesch Kontroll vum Gefier
Si bleiwe mobiliséiert: fir den 20 Samschdeg a folleg solle laut dem franséischen Inneministère 33.600 Manifestanten am ganz Land op d‘Strooss gaange sinn. Dat sinn der eppes manner wéi nach déi lescht Woch. Zu Paräis sollen se zu hirer 5.000 gewiescht sinn.
An der Haaptstad, wou et verbuede war op de Champs Elysées, an am Perimeter vum Elysée an der Assemblée Nationale ze demonstréieren, ass et verhältnesméisseg roueg bliwwen. D‘Autoritéite melle 37 Interpellatiounen, 21 Persounen déi sech am gespaarte Perimeter opgehalen hunn, si verbaliséiert ginn. Insgesamt ass et zu 14.485 „preventive“ Persounekontrolle komm.
Zu Avignon hat en „nationalen Appell“ zum Protest ginn. Och an dëser Stad huet et fir de Protest gespaarte Perimeter ginn, an esou koum et op der Place de l‘Horloge, wou sech eng 200 giel Gileten „illegal opgehalen“ hunn, zur Ausenanersetzung mat de Sécherheetskräften. Heibäi wieren op mannst zwee Manifestanten (liicht) blesséiert ginn. Dës Informatioun ass nach net bestätegt.
Am Virfeld zum „Akt XX“ hat sech Bordeaux op dat schlëmmst virbereet, an de Buergermeeschter hat d‘Awunner opgeruff doheem ze bleiwen, an d‘Geschäftsleit gebieden hir Dieren zou ze loossen. En Appell dee vun deene meeschte befollegt ginn ass. Eng Rei Geschäfter hate mueres nach op, an ware reegelrecht verbarrikadéiert ginn. Och den Tram ass net am Stadzentrum gefuer.
Offiziellen Zuelen no, hunn zu Paräis 5.000 giel Gileten um „Akt XX“ vum Mouvement deelgeholl. © Paris en Commun
Hei hunn sech dann awer nach eng 5.000 giel Gileten zesummefonnt, déi dem Verbuet getrotzt hunn a sech op der Place de la Victoire versammelt haten. Eng Plaz déi aus de bekannte Grënn fir de Protest gespaart war. Aus dem „Lager“ vun de Manifestanten si Géigestänn op d‘Poliziste geworf ginn, an déi hu mat Tréinegas gekontert. Gréisser Ausenanersetzungen huet et awer net ginn.
Zu Saint Etienne sinn eng 3.500 Manifestante gezielt ginn, an hei koum et – knapps dat de Cortège lassgezunn ass – direkt zu den éischte Virfäll. Et ass nees vill Kapott geschloe ginn, an och e Container gouf a Brand gestach. Mam Feier ass och soss „gespillt“ ginn, an net ganz gescheiter hunn e Chantier demoléiert. En agräife vun de Sécherheetskräften déi logesch Konsequenz.
D‘Police hat de Stadzentrum an eng Cité gespaart, fir dat schlëmmst ze verhënneren. Do wou et zur Konfrontatioun koum, sinn Tréinegas an déi ëmstridde Gummi-Geschosser (LBD) agesat ginn. Laut den Autoritéite sinn heibäi véier Persounen, dorënner e Polizist, blesséiert ginn. 44 Persoune sinn am Laf vum Dag interpelléiert ginn, fir 11 ënnert hinnen ass et an Untersuchungshaft gaangen.
indymedia/par
Foto: D‘Recht op e „Referendum op Biergerinitiativ“ (RIC) bleift eng vun den zentrale Fuerderungen © Alain S. (via Twitter)