Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kommt all an de Mariendall
yahoo dating site format Neiegkeeten

boston dating coach

E Sonndeg de 15. September mécht de Jugendzentrum am Mariendall

https://moien.lu/made-in-bristol-dating-show/
10 ways to know if you are dating a sociopath
yahoo dating site format Neiegkeeten

2030: Paräis eng grouss Foussgängerzon?

De perséinlechen Auto, „dat ass net méi de Schema vun

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump
yahoo dating site format Neiegkeeten

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump

Um Donneschdeg huet sech den US-President Donald Trump richteg beméit,

Giel Gileten Akt XXI: Eng schwaach Virstellung

Sinn 22.300 Manifestante representativ vir d‘Zivilgesellschaft?

Giel Gileten Akt XXI: Eng schwaach Virstellung

Den 21. Manifestatioun-Samschdeg vum Mouvement „Giel Gileten“ war dee mat der bis ewell schwächster Bedeelegung, zumindest wann een den offiziellen Zuele vertraut. Esou mellt den Inneministère 22.300 Manifestanten, dovunner 3.500 fir eleng d‘Haaptstad Paräis.

Zuelen déi wéi gewinnt vum „Mouvement“ kontestéiert ginn. Hir „Estimatioun“ geet vun 110.000 Manifestanten aus. Wéi esou oft dierft sech d‘Wourecht iergendwou dertëscht verstoppt hunn…

Gileten

Wéi scho leschte Samschdeg, ware vill Plaze fir d‘Manifestatioun gespaart ginn. Esou war an de Stied: Auxerre, Rouen oder och nach Toulouse de Stadzentrum als „No-Go Area“ fir déi giel Gileten erkläert ginn, mee et gouf sech net iwwerall dru gehalen. Zu Rouen koum et esou nees zu massivem Asaz vun Tréinegas, nodeems en Gefier op engem Schantjen a Brand gestach gouf.

Zu Paräis sinn 14.919 Persoune „preventiv kontrolléiert“ ginn, 43 Manifestante goufen interpelléiert an 9 leit hu sech e Protokoll agefaangen, well si sech am ofgespaarte Perimeter opgehalen hunn. Mat derbäi eng „Figur“ vum Mouvement, den Eric Drouet. Hien ass mat senger Mamm an engem gespaarte Perimeter opgegraff a protokolléiert ginn. Den interesséierten denoncéiert iwwer säin Affekot de Fait, a stellt dat ganzt als eng polizeilech Kommunikatiounsstrategie duer…

Zu Dijon goufe 5 Poliziste blesséiert a 7 Persoune setzen elo an Untersuchungshaft. Wéi et aus der Prefektur gemellt ginn ass, sinn d‘Agenten an engem Kreesverkéier mat Géigestänn beworf ginn, an hu sech entspriechend zur wier gesat. Zudeem wier de Versuch ënnerholl ginn an d‘Stadhaus anzedréngen. Bushaisercher, eng Bank a vill urbane Mobilier wier vandaliséiert/zerstéiert ginn.

Net wäit vun eis ewech, zu Forbach, ware et zu enger „Grenziwwergräifender“ Demo komm, wéi sech eng 50 däitsch Manifestanten dem Cortège ugeschloss hunn. Alles an allem wieren hei ëm déi Dausend giel Gilete gezielt ginn. Ze notéieren ass am Kontext vu Forbach, datt d‘Prefektur vun der „Moselle“ e Freideg en Dekret erlooss hat, mat deem d‘Manifestatioun eigentlech verbuede war…

Och soss koum et Plazeweis zur Konfrontatioun, mee esouwäit et ersiichtlech ass, huet sech dat op e puer „Hot-Spots“ beschränkt. An et dierf ee sech elo och froen, wéi de „Mouvement“ wëll weider maachen. Richteg Vertrieder, also Mënschen déi d‘Wuert fir d‘giel Gileten ergräife kéinten, gëtt et allem Uschäin no net. Et ass anarchesch a sécher och esou gewollt, mee wouhinner féiert dat?

mat indymedia/par

Foto: © giletsjaunes.fr (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Macronismus, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel