Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht
dating in norway julien download lagu ro-comic ost marriage not dating

reza farahan dating

De 26. Mee 2019 sinn Europawahlen – ee Grond méi,

https://moien.lu/dating-a-girl-with-psoriasis/
dating in norway julien download lagu ro-comic ost marriage not dating

Dräi einfach Schrëtter fir en besseren Alliéierten se sinn.

D’Welt ass net fair. Dat ass jo keen Geheimnis. Verschiddener

dating in norway julien download lagu ro-comic ost marriage not dating

Konditiounen Gewënnspill Stock Car

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Giel Gileten Akt XXII: Roueg zu Paräis, Gewalttäteg zu Toulouse

Giel Gileten Akt XXII: Roueg zu Paräis, Gewalttäteg zu Toulouse

Fir den 22. Samschdeg a folleg huet de Mouvement vun de giele Gilete versicht Frankräich an Otem ze halen. Laut den Autoritéite waren d‘Manifestanten op dësem Samschdeg nees eppes méi, wéi nach déi lescht Woch. Zu Paräis war et verhältnesméisseg roueg, zu Toulouse sinn et der ginn.

Laut dem franséischen Inneministère hu ronn 31.000 giel Gilete géint déi aktuell Politik vun der Macron-Regierung protestéiert. Dovunner 5.000 zu Paräis, an eng 2.000 zu Toulouse, fir déi markant Stied op dësem Dag ze nennen. Et war dann och den éischten Dag vun der Mobilisatioun, no Aféierung vum Gesetz „Anti-Casseurs“, dat zimlech konsequent Strofe virgesäit.

Gileten

Zu Paräis si „preventiv“ 9.473 Persoune kontrolléiert a 27 Manifestanten interpelléiert ginn, deelt déi Paräisser Prefektur mat. Schonn zanter Mëtt Mäerz ass et verbueden op de Champs Elysées an a sengen Niewestroossen ze manifestéieren. An der franséischer Haaptstad war et dann och entspriechend roueg. Et Constat dee sech esou leider net op aner Plazen iwwerdroe léisst.

Toulouse hat et schwéier

Zu Toulouse war et ee „schwaarze Samschdeg“ an déi puer dausend Manifestante waren net nëmme mat friddlechen Absichten ugereest. Hei koum et dann och ab der Mëttegstonn tëscht der Police an dem sougenannte „schwaarze Block“ zu éischten zesummestéiss. Um Enn alt nees en traurege Bilan dee vun der Prefektur virgeluecht gëtt: esou gouf 14 blesséiert Persoune a 37 Interpellatiounen.

D‘Interpellatioune vun Toulouse bezéien sech op verstéiss géint d‘Vermummungsverbuet, d‘Geheie mat Projektiller a Vandalismus. Doten déi vun de Geriichter an opgrond vum neie Gesetz mat aller Häert sollte bestrooft ginn. Esou gesäit de Gesetzestext eng Strof vun engem Joer feste Prisong an eng Amende vu 15.000 Euro vir. Zu Toulouse awer hat dat gëschter keng ofschreckend Wierkung.

Gileten

An hei ass de wirtschaftleche Schued, dee vun de giele Gileten ugeriicht gëtt enorm. Säit Wochen trauen sech d‘Mënschen – nach net emol d‘Awunner selwer – Samschdes net méi an den Zentrum. D‘Geschäfter sinn eidel, an d‘Commerçante fänken un ze verzweiwelen. Bis ewell gëtt deen zu Toulouse ugeriichte Schued mat 4,6 Milliounen Euro beziffert. Bezuelen deet dat de Steierzueler.

Nanzeg bréngt et an d‘Schlagzeilen

Net wäit vun eis ewech, zu Nanzeg, waren déi giel Gileten och deels eppes méi rabiat ënnerwee. Hei wéi a villen anere Stied war et verbueden op bestëmmte Plazen ze manifestéieren. Dat huet anscheinend „motivéiert“ woubäi sech d‘Rabbelkäpp hei un den CRS „vergraff“ hunn, an der e puer op d‘Sabbel kruten. D‘Prefektur vun der Meuse mellt véier Verhaftungen an 42 Protokoller…

Et dierf een drop hiweisen, datt wien mat Eisestaangen, Doudschléier a Knëppelen un enger Maniff deel hëlt, net wierklech gutt Absichten huet. De Verbuet war iwwregens wéinst der grousser Ouschterkiermes ausgeschwat ginn. Natierlech ass och de wirtschaftleche Schued hei immens, an déi eigentlech Fuerderung vum Mouvement, vun der Gewalt ausgeblend ginn.

Gileten

Fir vill Fransouse stellt sech elo d‘Fro wéi laang dat nach esou soll virugoen. Den Zousproch vun den éischte Samschdeger ass net méi festzestellen, an dat wat sech den Ament nach drun hält, ass och net wierklech „Representativ“. Well awer beim „groussen Debat“ zimlech villes „schif“ gelaf ass, an et nach keng Äntwert op d‘Revendicatioune gëtt, dierft de Mouvement eis erhale bleiwen.

mat indymedia/par

Foto: © Taccia Carlin (via twitter)

Ähnlech Sujeten Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Macronismus, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel