Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt
normal dating apps nicole bilderback dating

dating in medway kent

Better Call Saul ass eng groussaarteg Serie. An déi drëtt Staffel

dating places in baguio
normal dating apps nicole bilderback dating

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

Si sinn zu hirer 20, dorënner Frankräich, déi sech e

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik
normal dating apps nicole bilderback dating

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik

Neikaledonien huet entscheet, bis 2020 progressiv all Plastik fir den

Giel Gileten Akt XXIII: Ausgepräägte Gewaltbereetschaft

Giel Gileten Akt XXIII: Ausgepräägte Gewaltbereetschaft

Fir den 23. Samschdeg a folleg sinn déi Giel Gileten am Frankräich op d‘Strooss gaangen, an op neits ass et zu Zesummestéiss mat de Sécherheetskräfte komm. Laut dem Inneministère hätten sech, iwwert de ganzen Territoire verdeelt, 27.900 Leit um Mouvement bedeelegt.

Zu Paräis wieren d‘Manifestanten zu hirer 9.000 gewiescht. Hei huet sech de Mouvement vun de giele Gileten a Richtung „Place de la République“ opgemaach, wou se zimlech direkt vun der Police opgehale goufen. Mat Tréinegas an dem geziilten Asaz vu Granaten déi kleng Gummiskugele verspreeë sinn d‘Sécherheetskräfte géint d‘Manifestante virgaangen. Déi hu sech du „gewiert“.

Gileten

Séier waren Dreckskëschten, Mobyletten a Vëloen a Brand gestach ginn. Um Boulevard Jules Ferry sinn och eng rei Gefierer de Flamen zum Affer gefall. Och eng Bank, um Boulevard Magenta, gouf rabiat vandaliséiert. Ugesiichts dëser demonstrativer Gewaltbereetschaft, erkläert sech déi héich Unzuel vun Interpellatiounen, déi gëschter um 19 Auer mat 227 Persoune gemellt ginn ass.

E Bléck an d‘Regiounen

Demonstréiert ginn ass och an der „Provënz“: esou zu Bordeaux, Caen, Clermont-Ferrand, Lyon, Nantes, Pau an Toulouse. Hei war et dann awer wäitleefeg roueg bliwwen. Zu Nantes hunn déi giel Gileten – ëmmerhin ass Ouschterweekend – keen Zougang zum Stadzentrum erhalen, firwat se sech eppes méi laang bei der Prefektur opgehalen haten. En ähnlecht Bild gouf et zu Bordeaux.

Nei war allerdéngs den Toun dee géintiwwer de Polizisten ugewannt ginn ass. Deenen ass entgéint geruff ginn: „Suicidéiert iech!“. Hei gëtt de Kontext vu bis ewell 28 Suicide vu Beamten an d‘Spill bruecht. De Generalsekretär vun der Policegewerkschaft „Unité-SGP Police“ Yves Lefebvre ass ausser sech an huet absolut kee Versteesdemech fir dës ultimativ Provokatioun vun de Beamten.

Dat gesäit den nationale Sekretär vun „Alliance Police Nationale“, Loïc Travers ähnlech. „Esou Slogane sinn inakzeptabel“, seet de Loïc Travers, deem déi „nei Gewaltbereetschaft“ ech dowéinst Suerge bereet, wéi ersiichtlech ass, datt d‘Poliziste mëttlerweil op der Felg dréinen. Mat dëser verbaler Aggressioun géife Grenzen iwwerschratt. Nächste Samschdeg awer soll et weidergoen…

mat indymedia/par

Foto: © GiletsJaunes (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Macronismus, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel