Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess
International Neiegkeeten

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess

D‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hunn an der Nuecht vum Freideg

What the Fakt – Salut Darwin, Moien Evolutioun!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Salut Darwin, Moien Evolutioun!

Mat senge Fuerschungen huet den Charles Darwin ee groussen Deel

Eng Frupstut statt Schoulkantin
International Neiegkeeten

Eng Frupstut statt Schoulkantin

Wéi et den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) schonn annoncéiert hat,

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten

Fir dëse 24. Samschdeg a Folleg sollen sech laut dem franséischen Inneministère nach „ganzer“ 23.600 giel Gileten – dovunner 2.600 zu Paräis – géint d‘Politik vum Emmanuel Macron op de Stroossen gewiescht sinn. D‘Organisateure vum Mouvement beruffen sech hirersäits op iwwer 60.000 Manifestanten. Leschte Samschdeg waren et offiziell nach 27.900 (9.000 zu Paräis) Leit.

Gileten

An der franséischer Haaptstad huet de Protestmarsch eng 2.000 Manifestanten ënnert dem Motto: „Marsch op d‘Medien“ an „Generell Riposte“ zesummegefouert. Zil vum Protest: d‘Regierung an de Medef (déi franséisch Patronatsorganisatioun), firwat sech eng 500 „rout Gileten“ vun der CGT (Gewerkschaft) dem Mouvement ugeschloss haten. Op där aner Säit hu ronn 600 giel Gilete virun de Sëtz vu Medie eng „onparteiesch Berichterstattung“ gefuerdert.

Gileten

Dem Protest zu Paräis, haten sech nieft e puer Gewerkschaften, och d‘Membere vu lénke Parteien ugeschloss. Esou d‘Vertrieder vun der „Nouveau Parti Anticapitaliste“ (NPA – 2009 aus der LCR entstanen) an der „La France Insoumise“ (LFI). De Leader vun der LFI, Jean-Luc Mélenchon, huet erkläert datt hie ganz frou iwwert dësen Zesummeschloss – deen éischte senger Aart – ass.

Och d‘EU-Institutiounen zu Stroossbuerg am Viséier

E knappe Mount virun den EU-Wahlen, hunn d‘Organisateure vum Mouvement dem Protest och en „internationale Charakter“ verléinen. Esou hu sech zu Stroossbuerg eng 2.000 giel Gileten afonnt, fir beim Europaparlament „ob d‘Tromm ze schloen“. Hei ass et dann och zu Handgräiflechkeete komm. Laut der Prefektur si 26 Persounen interpelléiert an zwee Mënsche blesséiert ginn.

Gileten

Am Südoste vu Frankräich hunn sech d‘Manifestatiounen haaptsächlech op Montpellier a Marseille konzentréiert. Laut de respektive Prefekture waren zu Montpellier 1.500 an zu Marseille 400 „giel Gileten“ an de Stroossen ënnerwee. Hei wier et awer „roueg“ bliwwen. Am Südwesten, zu Bordeaux, waren d‘Manifestanten zu e puer Dausend. D‘Police hat de Stadzentrum ofgespaart, an esou huet sech de Protest an der Peripherie ofgespillt. Och hei war de Protest „friddlech“.

Gileten

Säit November demonstréieren déi giel Gilete géint dem Emmanuel Macron seng Reformpolitik. En Donneschdeg hat de franséische President, am Uschloss un de „groussen Debat“ erkläert datt „de Message ukomm a verstane ginn ass“, gewësse Fuerderunge Rechnung gedroe ka ginn, hien awer net vun de néidege Reforme wäert Ofstand huelen. Dem „Mouvement“ geet dat net wäit genuch.

mat indymedia/par

Foto: Déi giel Gileten hunn et och mat de Medien net esou. Hei de Protestpiquet virum Gebai vun de Kollege vu LCI. © Elodie Hervé (via twitter)

Ähnlech Sujeten Europaparlament, giel Gileten, gilets jaunes, Jean-Luc Mélenchon, Macronismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel