Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Christophe Hansen gesäit den nationale Klimaplang mat Skepsis
International Neiegkeeten

De Christophe Hansen gesäit den nationale Klimaplang mat Skepsis

D’Lëtzebuerger Regierung huet den nationalen Energie- a Klimaplang presentéiert. Nodeems

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien
International Neiegkeeten

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien

Zanter dem 1. Juli mussen d‘Leit déi mam Fliger oder

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet
International Neiegkeeten

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet

Et war spéit gi gëschter um Krautmaart a schold dorunner

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen

Et kann een de Mouvement net méi als representativ gesinn, an awer gi se keng Rou

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen

Um 25. Samschdeg vum Mouvement vun de giele Gileten, notéiert de franséischen Inneminister déi schwächste Bedeelegung zanter et am November lassgaangen ass. Dëse Samschdeg sollen „d‘gilets jaunes“ ënnert dem Slogan „sozial a klimatesch Urgence“ am Frankräich op d‘Strooss gaange sinn.

Laut dem Inneministère also waren se zu hirer 18.900, d‘Organisateuren hunn eppes méi wéi duebel esouvill Manifestante gezielt. Nom Chaos leschte Samschdeg, an dem Episode mam Spidol vun der Pitié-Salpêtrière, wou den Inneminister Christophe Castaner sech net grad „anstänneg“ beholl huet, war kloer, datt e Samschdeg de Parcours vum Cortège zu Paräis, laanscht d‘Spidäler géif féieren.

Wann ee vun den Ausenanersetzungen zu Roche-sur-Yon (Departement vun der Vendée), ass et am grousse ganzen iwwerall roueg bliwwen. Interessant Aktioun: Zu Colombelle (Departement vum Calvados) gouf eng „Notre-Dame des gilets jaunes“ opgestallt, an Uleenung un déi duerch e Feier zerstéiert Kathedral Notre-Dame zu Paräis. Dat ganzt sollt en ironesch-satireschen Ënnertoun hunn.

E Mann am „giele Gilet“ huet dann och gemengt: „…mir hu keng 5 Joer dru geschafft fir se nees opzeriichten, an et huet ee keng Milliard ausginn“. Et jo schliisslech Prioritéiten, woubäi an de seelenste Fäll de Mënsch domatter ze verbannen ass. Mee och anerwäerts war Stëmmung op dësem 4. Mee éischter geloossen. Esou zu Lyon, wou sech enger Klima-Aktioun ugeschloss gouf.

Dräi Kandidate-Lëschte fir d‘Europawahlen

Wann ee mat der Politik net zefridden ass, muss een se selwer maachen. Esou oder ähnlech wäerten et sech eng Partie vun de „giele Gileten“ geduecht hunn, wéi si decidéiert hunn eege Vertrieder an d‘Europaparlament ze delegéieren. Esou ergëtt et sech, datt ënnert den 33 „Lëschten“ elo dann och 3 Kandidate-Lëschte mam Logo „gilets jaunes“ ze fanne sinn. Woubäi…

Um Start fir „Europa“ de „MIC“ (Mouvement fir d‘Biergerinitiative) dee mat engem eenzege Programmpunkt an de Wahlkampf geet. Heibäi handelt et sech ëm de sougenannte „RIC“ (Referendum op Biergerinitiativ). Reell Chancë ginn dësen zwou Gruppéierunge vun de Polit-Experten am Frankräich net zougestanen. Si selwer gesinn dat naturgeméiss eppes anescht…

Als drëtt Partei: „Evolution Citoyenne“ déi sech als „politesch lénk“ definéiert a vum Christophe Chalençon ugefouert an dem Verbond „Alliance Jaune“ ugeschloss huet. Dëse Personnage, dee vu sech selwer behaapt esouwuel de lénken, wéi rietsextreme Beweegungen nozestoen, huet als eenzegt Zil: deenen traditionelle Parteie Steng an de Wee ze leeën. Reell Chancen? Éischter net…

Interessanterweis fannen sech wéineg giel Gileten, déi enger vun dëse „politesche Randgruppen“, déi jo reklaméieren aus dem Mouvement eraus entstanen ze sinn, och hir Stëmm bei de Wahle vum Mee géife ginn. D‘Sondagen, déi et bis ewell gëtt, bestätegen dat. D‘Ursaach hannert dem Refus: d‘Militante bedaueren, datt sech de Mouvement politiséiert hätt a géifen dat ofleenen.

mat indymedia/par

Foto: © Ditmar Nix (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Alliance Jaune, Christophe Chalençon, Europaparlament, Francis Lalanne, giel Gileten, gilets jaunes, Macronismu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel