Buchvirstellung “Déidlech Ofgrënn” vum Jean Schoos
DEN DRËTTE BAND ASS DO! No Den drëtte Schlëssel a
DEN DRËTTE BAND ASS DO! No Den drëtte Schlëssel a
D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et duerch d’Aarbechten fir den neie
Beim Meeting vun de Verdeedegungsminister zu Bréissel huet den NATO-Generalsekretär,
Et ass den zweete Samschdeg a folleg wou een d‘Gefill net lass gëtt, datt de Mouvement vun de giele Gileten, lues awer sécher, u seng Grenze stéisst. Laut dem franséischen Inneministère, wieren d‘Manifestanten nach zu hirer 18.600 gewiescht, d‘Organisateuren hunn de nach 37.529 gezielt.
Zu Paräis war et mat 1.200 Manifestanten op dësem Samschdeg eppes méi Roueg an et goufen och keng Interpellatiounen oder soss zesummestéiss mat de Sécherheetskräfte gemellt. Zu Lyon waren si zu ronn 2.500 an hei ass et net ouni Geklapps gaangen. 22 Polizisten an 2 Manifestante goufe blesséiert an néng Persoune goufe verhaft. Et gouf och nees massiv Tréinegas agesat.
Zu Orléans waren et eng 300 Manifestanten, déi d‘Jeanne d‘Arc zum Symbol vun hirem Protest gemaach hunn. Am Elsass, war de Protest „politesch“. Zu Stroossbuerg, wou de Mouvement zur Maniff virum „Palais des Congrès“ opgeruff hat, war et d‘Zil de Meeting vun der Kandidatin LREM (La République en Marche) Nathalie Loiseau fir d‘Europaparlament ze stéieren.
Friddlech war de Protest och zu Caen, Rouen a Bordeaux, wou jeeweils tëscht 400 a 600 giel Gileten „géint de President vun de Räichen“ demonstréiert hunn. Zu Toulouse war mat 1.500 Participanten eppes méi lass an och zu Montpellier sinn eng 1.300 Militante gezielt ginn. Vu kenger Plaz sinn Ausenanersetzunge gemellt ginn, wat u sech erfreelech ass. Mä et war net iwwerall esou.
Zu Nantes, wou sech laut den Autoritéiten 2.200 Manifestanten zesummefonnt haten, waren eng Rei Rabbelkäpp ënnerwee. Am Kontext vun der preventiver Kontroll, huet d‘Police „geféierlech Géigestänn“ beschlagnahmt an insgesamt sinn 26 Persounen an Untersuchungshaft geholl ginn, dovunner eng Dosen nach iert sech de Cortège gebilt huet. Et koum dann och zu Vandalismus.
Wéi et elo mam „Mouvement“ weider geet, an ob ee bei esou enger gerénger Bedeelegung nach vu „Biergerbeweegung mat Representativitéitswäert“ schwätze kann, ass schwéier anzeschätzen. Déi sëlleche Restriktiounen – vill Plazen si fir de Mouvement gespaart – mee och d‘Feststellung datt et nach ëmmer keng „rechtméisseg Koordinatioun“ gëtt, si keng gutt Virzeeche fir e „weider esou“.
mat indymedia/par
Foto: Am allgemengen awer, schéngt sech d‘Begeeschterung fir ze manifestéieren eppes geluecht ze hunn. © Adán González