Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden
International Neiegkeeten

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Déi kooperativ Bank Raiffeisen ass wuel kee Ris op der

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft
International Neiegkeeten

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng) Ufank

Nuit des Musées 2018 – vill Programm fir de klenge Portmonnie
International Neiegkeeten

Nuit des Musées 2018 – vill Programm fir de klenge Portmonnie

Déi 17. Editioun vun der Nuit des Musées war erëm

Giel Gileten Akt XXVII: Et geet zum Enn hin…

Giel Gileten Akt XXVII: Et geet zum Enn hin…

Si waren de leschte Samschdeg schonn net méi „déi kritesch Mass“ an och dëse Samschdeg hunn déi giel Gileten, net wierklech Succès mat hirem Mouvement gehat. Konnten déi lescht Woch nach 18.600 Mënsche mobiliséiert ginn, esou huet de franséischen Inneministère der gëschter nach ganzer 15.500 gezielt. D‘Organisateure behaapten sech allerdéngs op 41.000 Demonstranten.

Gefuerdert gëtt weiderhin d‘Enn vum Macronismus, méi Kafkraaft, manner Steieren a villes méi. De President, zesumme mam Premierminister an dem Inneminister, gëtt vum Mouvement weiderhi beschëllegt eng Politik fir déi Räich a géint d‘Bierger ze maachen. Dobäi huet den Emmanuel Macron milliardeschwéier Zougeständnesser gemaach, wat awer net wierklech unerkannt gëtt.

Zu Paräis hunn sech eng 1.600 giel Gileten zesummefonnt an och an de Regioune war et net de grousse Worf. Zu Reims an der Champagne sinn op e neits de Geschäftsleit hir Vitrinnen zerstéiert ginn, zu Toulouse koum et zum Tumult wéi giel Gileten d‘Plaz vum Kapitol stierme wollten. Zu Saint Nazaire a Caen sinn d‘Manifestante vun der Police dru gehënnert ginn an d‘Spärzon ze goen.

Net wäit ewech, zu Nanzeg, hunn déi giel Gileten eng 600 leit zesummegetrommelt kritt, a ganz demonstrativ e giele Gilet, an d‘Plaz vun europäesche Fändel, un d‘Fassad vum „Grand Nancy“ gehaangen. An der Charles III Strooss koum et zur Ausenanersetzung mat den Autoritéiten. Hei huet d‘Police bei den Zesummestéiss nees massiv Tréinegas agesat fir d‘Manifestanten ze verdreiwen.

Wat hu se kritt, wat bleift hinne verwiert?

No sechs Méint ass et kee Feeler de Bilan ze maachen an ze kucke wat da bis ewell bei deem ganze Protest, der muttwëlleger Zerstéierung an de villen „Affer“ déi ze bekloe sinn, als Resultat virläit. Eng Partie Fuerderunge sinn dann och tatsächlech erfëllt ginn: Esou d‘Aktivitéitsprimm – déi vu villen als eng Erhéijung vum Mindestloun bezeechent gëtt – an héicht vun 100 Euro/Mount.

Och bei de Steiere gouf zolidd nogebessert: Iwwerstonne sinn elo Steierfräi, a et musse fir déi och keng Kotisatioune bezuelt ginn. Bei der Akommessteier ass och un der Schrauf gedréit ginn, an dat soll d‘Menagen aus den zwou éischten Tranchen, jee no Situatioun tëscht 180 an 350 Euro pro Joer entlaaschten. Zudeem ginn och eng Partie Pensioune revaloriséiert an ab 2020 nees indexéiert…

Wat d‘Schléissung vu Spidäler a Schoulen ugeet, esou gëtt et hei elo e Moratoire. Bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod, esou den Emmanuel Macron, gëtt keen Etablissement méi zougemaach. Wat d‘Representativitéit vun de Bierger an den Institutioune betrëfft, esou soll et hei och besser ginn an d‘Zuel vun den Deputéierte wäert ëm 25% erofgesat ginn. D‘Eliteschoul ENA gëtt ofgeschaaft…

Gileten

Dietmar Nix (via Twitter)

De Referendum op Biergerinitiativ (RIC) géif déi „representativ Demokratie“ a Fro stellen a ka vun der Exekutive net zougelooss ginn, mee et wier ee bereet Konzessiounen ze maachen an d‘Reegele fir de „Referendum d‘Initiative Partagée“ (RIP) ze lackeren. Aktuell brauch et dofir d‘Ënnerschrëft vun 10% vun de Wieler, datt soll awer elo op 1 Millioun Signatairen erofgesat ginn.

Interessant: déi franséisch Regierung huet Sympathië fir d‘Fuerderung vun de giele Gileten, déi sech op de „Vote Blanc“ bezunn huet. Dee soll zukünfteg berécksiichtegt ginn, och wann net virgesinn ass den obligatoresche Vott anzeféieren. D‘Räichesteier (ISF) gëtt net méi agefouert, mee soll duerch eng „Immobiliesteier“ (IFI) ersat ginn. Hei gëtt nach op den Avis vun Experte gewaart.

mat indymedia/par

Foto: © Jolie Poupée

Ähnlech Sujeten giel Gileten, gilets jaunes, Kafkraaft, Macronismus, Pensiounen, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel