Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet
Meenung

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet

Wolz huet an der Läscht e richtege Publicity-Problem. Duerch de

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt
Meenung

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt

No néng Méint huet den islamesche Staat (IS) Mossul verluer.

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen
Meenung

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen

Gëschter am spéiden Nomëtteg, hunn d’Gewerkschaften OGBL an NGL-SNEP an

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren am Bus, an huet versicht mir op sengem Handy ze weisen, datt sech honnerten, wann net esouguer Dausenden där gieler Gileten hei bei eis Rendez-vous ginn hätten. An tatsächlech… via déi sozial Netzwierker waren eis franséisch Noperen – also déi wou sech um Mouvement bedeelegen – opgeruff ginn, op Lëtzebuerg ze kommen.

Firwat dat ganzt? Dat huet mir de Jang dann och erkläert. Bei him op der Bank, wou den Undeel u Mataarbechter aus dem Frankräich bei gutt 98% läit, ass zanter Ufank un, de Mouvement vun de „gilets jaunes“ dat Haaptgespréichsthema. An déi giel Gilete géifen elo op de Kierchbierg komme fir dee Quartier ze denoncéieren, an deem d‘Geld vun der Steierflucht verstoppt wier.

Et war also ee kribbelege Méindeg, an alleguerten déi mir am Bus gesiess sinn, hunn spekuléiert, wéi vill därer giele Gileten een da géif begéinen, op se vläicht gewalttäteg wieren an et zu Kaméidi mat der Police kéint kommen. A wat ass geschitt? Keen, absolut guer keen hu mir gesinn, a ganz éierlech, traureg ware mir doriwwer net. „Kee Gilet, kee Vandalismus“, esou de Jang, pragmatesch.

Déi franséischsproocheg Medien an och der Bertelsmann-Duechter RTL, sinn dann awer nach ee puer där giel Gilete virun d‘Lëns an/oder de Micro gelaf. Op Facebook huet e Fotograf en Opruff gemaach fir déi giel Gileten ze fannen, hie misst onbedéngt eng Foto vun deene maachen. An do kanns de dir um Enn nëmmen nach un de Kapp faassen, a froen: „wat soll dee Schäiss?“

Mir stinn hei virun deem wat een am Journalismus – also fir déi wou de Beruff emol geléiert hunn – en „non-Event“ nennt, mee et ënnerläit een esouvill Drock, dat muss eppes geschriwwe, geschwat oder gefilmt ginn. Dat ass krass, mee wéist eis wéi wäit mir als Gesellschaft verkomm sinn. Géif et fir esou e Blödsinn keng Nofro ginn, géifen sech d‘Kollegen op hir tatsächlech Aarbecht konzentréieren.

Wéi och ëmmer, déi puer „friddlech Spadséiergänger“ déi sech um Kierchbierg e puer Banken an Assurance vu baussen ugekuckt hunn, hätten sech e bessere Programm fir hiren „visit Luxembourg“ dierfe gënnen. A wann een vum „Hauli“ ofgesäit, deen zu Munneref de Grenziwwergang blockéiere wollt, sollt een eigentlech frou sinn, datt et um Kierchbierg net wéi zu Paräis ausgesinn huet.

Ähnlech Sujeten giel Gileten, gilets jaunes, Kierchbierg, Protest, Steierflucht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel