Search

You may also like

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht
International Neiegkeeten

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht

Um Mëttwoch kuerz vru Mëtteg, huet de Stater Schäfferot, zesumme

dislike
Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
International Neiegkeeten

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

Covid-19: E Véierel u positive Fäll sinn op d’Vakanz zeréckzeféieren
International Neiegkeeten

Covid-19: E Véierel u positive Fäll sinn op d’Vakanz zeréckzeféieren

Bei senger Retrospektive vun der Woch vum 10. bis de

Giel Gileten – D‘Frae beweisen et: e friddlecher Protest ass méiglech

Fir haut hu se sech zu Lëtzebuerg Rendez-vous ginn

Giel Gileten – D‘Frae beweisen et: e friddlecher Protest ass méiglech

Datt et méiglech ass, sech och „friddlech“ der Regierung an de Wee ze stellen, seng Revendicatioun ouni alles vreckt ze schloe kann ëffentlech maachen, dat hu gëschter um Sonndeg, d‘Frae bewisen. Iwwer 500 vun hinnen, si mat hire giele Gileten ouni Tëschefall duerch Paräis gezunn.

Eng „giel Gileten“ Manifestatioun ze organiséieren, bei där et net zur Konfrontatioun, Zerstéierung a Blesséierte kënnt, dat war d‘Zil vun enger Rei Fraen, déi de Mouvement vun Ufank un begleeden. Si sinn dann och gëschter zu honnerten duerch déi franséisch Haaptstad gezunn, ouni dat et zu Ausenanersetzunge komm wier, wéi nach um Samschdeg, beim „Giel Gileten Akt VIII“.

Sënn an Zweck vun der Aktioun: zum engen deenen eegene Leit weisen, datt et och ouni Gewalt gëtt, zum aneren, der Regierung verdäitlechen, datt déi ëmmer mat hinne rechne muss. An och wann ee sech dierf agestoen, datt si zu hirer 500, net elo d‘Majoritéit an Mouvement ausmaachen, esou huet hir Manifestatioun vu gëschter méi wéi nëmme Symbolcharakter.

Och um Sonndeg, dat elo zu Montceau-les-Mines (Saône et Loire), war eng aner Manifestatioun, exklusiv weiblech, organiséiert ginn. D‘Frae sinn oft méi diskret, och beim Protest, dobäi sinn et grad si déi als éischt vun der Aarmut betraff sinn. Hei zu Montceau-les-Mines hunn se bewisen, datt wann et drop ukënnt, och si fir Biergerrechter kënnen astoen, ouni dat et Ausaart.

D‘Bréck vun der „Île de Ré“ (Charente-Maritime) war den Theater fir eng weider, reng weiblech Demonstratioun. Hei hunn sech déi „isoléiert Mammen“, déi prekär Aarbechterinnen a pensionéiert Fraen zesummegedoen, fir der Macron-Regierung de soziale Mëttelfanger entgéintzehalen. D‘Plaz war strategesch gutt gewielt, hei hu si just zu enger Dose misse sinn, fir d‘Bréck ze besetzen.

Zu Caen (Calvados) haten sech och d‘Fraen zesummefonnt, an wéi iwwerall wou si versammelt waren, ass et friddlech bliwwen. Hei am Norde vu Frankräich, wou de Widderstand géint d‘Politik vun der Regierung besonnesch grouss ass, ass d‘Geleeënheet genotzt ginn, fir sech iwwert d‘Folge vum Mouvement ze ënnerhalen. Et ass natierlech zum „Akt IX“ den 12. Januar opgeruff ginn.

E Méindeg zu Lëtzebuerg

Wéi et an de soziale Medien diffuséiert ginn ass, wëllen um haidege Méindeg, d‘giel Gileten sech och zu Lëtzebuerg gehéier verschafen. Op Facebook ass dat ganz als „friddleche Spadséiergank“ annoncéiert ginn, mee wéi et aus Police-Kreesser geheescht huet, wier een op „alles“ virbereet. Esouwäit d‘Informatiounen, déi eis um fréie Muere virgeleeën hunn.

Firwat se elo bei eis kommen? Si wëllen domatter géint déi „fiskal Optimiséierung“ an Europa demonstréieren, an hunn sech zu dësem Zweck de Bankequartier um Kierchbierg ausgewielt. Am Message heescht et, datt ee „gewëllt ass d‘Reegelen an d‘Gesetzer vu Lëtzebuerg ze respektéieren“. Ugesiichts de „schlechte Manéieren“ déi si bis ewell a Frankräich gewisen hunn, sollt een net ze optimistesch sinn, datt de „Message“ respektéiert gëtt.

Foto: Eng 60 Fraen haten sech zu Besançon, op der „Place de la Revolution“ zesummefonnt, fir der Regierung ze weisen, datt och si net gewëllt sinn nozeginn, an hu gläichzäiteg de Männer virgemaach, datt een demonstréiere kann, ouni sech géigesäiteg op d‘Schnëss ze schloen oder soss duerch d‘Géigend ze randaléieren. © Virginie Vandeville/radio france

Related topics Fraen, giel Gileten, gilets jaunes, Kierchbierg, Lëtzebuerg, Protest
Next post Previous post