Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dresche wéi fréier (eng Bildreportage)
International Neiegkeeten

Dresche wéi fréier (eng Bildreportage)

Et war alt nees ee flotte „Léiffrawëschdag“ deen de Bungereffer

Italien beendegt en emblematescht Beispill un Integratioun
International Neiegkeeten

Italien beendegt en emblematescht Beispill un Integratioun

An Italien huet den Inneministère e Samschdeg den Uerder ginn,

International Neiegkeeten

Galerie: Steeseler Youngtimer an Oldtimer Dag

Giel Gileten: elo läit de Ball am Lager vum Macron

Giel Gileten: elo läit de Ball am Lager vum Macron

Nom 2. Akt vun de „giele Gileten“, wou et zu Paräis zu Ausenanersetzungen an Zerstéierung koum, soll elo de President en Dënschdeg annoncéieren, wat et mat der Begleedung vun der ekologescher Transitioun op sech huet. Dat am Kontext vun engem Mouvement géint d‘Besteierung, dee wuel op der Strooss net méi esou „siichtbar“ ass, mee vun de meeschte Fransousen ënnerstëtzt gëtt.

E Sonndegmueren, wéi den Emmanuel Macron zu Bréissel ukomm ass, wou hien um EU-Sommet zum Brexit deel geholl huet, hat de franséische President d‘Wuert ergraff, fir zur Erneierung vun der EU opzeruffen. Kee Wuert zur Aktioun vun de „giele Gileten“, keng Ausso zu den Annoncen, déi hien en Dënschdeg, am Kader vum pluriannuelle Programm fir d‘Energie, maache wëll.

Wéi d‘Manifestatioun zu Paräis „aus dem Rudder“ gelaf war, huet de Macron an engem Tweet, all déi denoncéiert, déi d‘Polizisten ugegraff an onbedeelegt Bierger agresséiert hunn. Hien huet säin Inneminister gestëtzt, deen den Akzent op d‘Gewaltausbréch an d‘Mobiliséierung vun den „ultra-rietsen“ geluecht hat. Dat hat dem Christophe Castaner en „Disput“ mam Marine Le Pen abruecht.

Un der ekologescher Transitioun gëtt festgehalen

Alles an allem ass et e Samschdeg zu 103 Interpellatioune komm. Insgesamt hunn uechtert d‘Land iwwer 100.000 „giel Gileten“ Manifestéiert, dovunner eng 8.000 zu Paräis. Dat ass nach en Drëttel vun der Participatioun um éischten Dag vum Mouvement. Et gëtt dann och scho stëmmen, déi zum 3. Akt um 1. Dezember opruffen. Well et keng Koordinatioun gëtt, ass déi Aktioun awer net sécher.

Zudeem spillt sech elo villes um Niveau vun den ekonomeschen a soziale Moossnamen of, déi d‘Regierung als Äntwert op dësen eemolege Mouvement en Dënschde liwwere wëll oder muss. Esou soll den Emmanuel Macron d‘Richtlinne vun der ekologescher Transitioun, de Membere vum Nationalrot fir déi ekologesch Transitioun (CNTE), virstellen.

De CNTE setzt sech zesummen duerch Deputéierter, Gewerkschaftsvertrieder, Associatiounen an ONGen. D‘Richtlinnen, déi hei virgestallt ginn, sollen derzou bäidroen, déi ekologesch Transitioun „akzeptabel“ ze maachen, heescht aus dem Elysée-Palais. Esou soll et en „Héije Rot fir de Klima“ ginn, dee aus Experte soll zesummegestallt ginn. Dëse Rot soll dem Inneminister ënnerstallt ginn.

Sënn an Zweck vun dësem „Héije Rot fir de Klima“: dee soll d‘Spannunge léisen, déi duerch eng „energetesch Politik a déi domatter verbonne fiskal Konsequenzen“ entstane sinn. Den Deputéierte vu LFI, Alexis Corbière stellt fest: „D‘Fransouse soen: ‚Här President, mir kommen net méi iwwert d‘Ronnen‘ an de President seet: ‚Mir setzen en Rot an‘, dir kënnt iech d‘Deconnectioun virstellen“.

Wann d‘Fuerderung eng Kontradiktioun a sech ass

Dësen „héije Rot“ ass noutwenneg, geet awer net wäit genuch. Dat weess och de President, gesteet sech de Minister vun der Aktioun an den ëffentleche Konten, Gérald Darmanin, an. Hien huet och op d‘Kontradiktioun higewisen, déi mat de Fuerderunge vun de giele Gileten: „manner Steieren a méi ëffentlechen Déngscht“, anhier geet. Vläicht hätt een d‘Karbon-Tax besser erkläre sollen…

Zum selwechten Ament, huet de Wirtschaftsminister, Bruno Le Maire, d‘Richtung déi sech d‘Regierung virginn huet, verdeedegt. Hie wëll sech allerdéngs fir en Dialog mat de Fransousen asetzen. Esouwäit et gewosst ass, sollt d‘Presidence d‘Hausse vun den Taxen op de Sprit – zum 1. Januar 2019 – trotzt dem Gegrommels op de Stroossen, bestätegen.

De LREM-Deputéierten aus dem Departement Vienne, Sacha Houlié: „Et geet kaum Spillraum fir de President. D‘Majoritéit erwaart sech virun allem eng Äntwert op d‘Methode“. Fir den Alexis Corbière: „et gëtt eng demokratesch Manéier d‘Saachen ze klären, an ech soen dem President: zréck un d‘Urnen ze goen, ass net beleidegend, et ass um Vollek dat ze entscheeden“.

„Wann d‘Vollek net mat der Politik vun der Regierung averstanen ass, da muss et consultéiert ginn“, esou de Spriecher vun der „La France Insoumise“, dee wéi vill anerer, an dësem Fall, d‘Ofhale vun engem Referendum, als eng Probat Konfliktléisung betruecht huet.

mam Eric Lagneau/AFP

Foto: Zu Paräis huet d‘Manifestatioun vun de giele Gileten zu Ausenanersetzunge mat der Police gefouert, déi Tréinegas a Waasserwerfer géint d‘Demonstranten agesat huet. Wann d‘Basis vum „Mouvement“ sech fir eng friddlech Maniff agesat huet, esou konnt si net verhënneren, datt sech Klatzkäpp de Mouvement zu eege gemaach hunn, fir et op eng Schlucht mat der Police ukommen ze loossen. De Schued fir d‘Geschäftsleit an d‘Stad Paräis geet an d‘Milliounen. © Bertrand Guay/AFP

Ähnlech Sujeten Christophe Castaner, ekologesch Transitioun, Emmanuel Macron, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel