Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kritt Italien elo säi Budget gestëmmt?
International Neiegkeeten

https://moien.lu/online-dating-first-date-etiquette/

Um haidege Samschdegowend sollen déi italienesch Deputéiert, der Regierung d‘Vertrauen

reza farahan dating
International Neiegkeeten

D’Universitéit gesäit d’Beméiunge vun der Regierung, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, positiv

D’Universitéit Lëtzebuerg hëlt sech scho länger dem Thema vun der

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran
International Neiegkeeten

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran

Um Sonndeg huet Saudiarabien den Iran gewarnt, datt een net

Giel Gileten: Fënneften Dag vun der Mobiliséierung

De „Mouvement“ radikaliséiert sech – Schonn zwee Doudeger

Giel Gileten: Fënneften Dag vun der Mobiliséierung

Un haidege Mëttwoch, geet d‘Kontestatioun géint ze héich Spritpräisser an de Verloscht vun der Kafkraaft, a säi fënneften Dag. Déi „giel Gileten“ fuerderen d‘Regierung eraus, an déi schéngt et gutt auszehalen. Si wëll dann och un de Moossname festhalen, bedauert awer d‘Radikaliséierung vum Mouvement.

Um Dënschdeg, haten sech déi giel Gilete gréisstendeels d‘Autobunnen an d‘Pëtrolslager als Zil ausgesicht. Eng zwanzeg strategesch Standuerter wiere vun den Autoritéiten deblockéiert ginn, heescht et aus dem franséischen Inneministère. Zwee Doudeger mussen am Kader vun de Maniffe beklot ginn. E Samschdeg war eng 63 järeg Damm an der Savoie iwwerrannt, um Méindeg ass e Motard vun enger Camionnette erwëscht ginn. De Mann vu 37 Joer ass en Dënschdeg verstuerwen.

„Et ass am Dialog wou mir aus dëser Situatioun kënnen erauskommen“, esou vu Bréissel aus, de franséische President, Emmanuel Macron, an senger éischter Reaktioun säit Ufank vum Protest. D‘Iwwerséiministesch, Annick Girardin, huet hirersäits vun enger Situatioun geschwat, déi „net méi tolerabel wier“, no gréisseren Ausschreidungen op der Insel vun der Reunioun. De Premierminister, Edouard Philippe, huet sengersäits däitlech gemaach, datt d‘Regierung um Programm festhält.

Kuckt ee sech dann emol de Bilan un, deen dëse Mouvement opzeweisen huet – 2 Doudeger, 530 Blesséierter, wouvunner 17 an engem kriteschen Zoustand – da versteet een, datt den Inneminister, Christophe Castaner, en Dënschdeg vun „Ausaartung“ a „Radikalisatioun“ geschwat huet.

Keng Organisatioun, keen Encadrement

No de Blockage vun e Samschdeg, dem éischten Dag vun den Aktiounen, hunn e puer „Figure“ vum Mouvement „Gilets Jaunes“, iwwert déi sozial Netzwierker zum zweeten Akt opgeruff. Et soll zu enger nationaler Manifestatioun kommen, an dofir soll all Mënsch dee sech vum Mouvement ugeschwat fillt, e Samschdeg op Paräis kommen. Rendez-vous ass: „Place de la Concorde“.

Op Facebook hunn sech 29.000 „Ugemellt“, an nach emol 195.000 hu hire Krop bei „Interesséiert“ gemaach. De Staatssekretär am Inneministère, Laurent Nunez, huet scho wësse gelooss, datt dës Manifestatioun net wäert verbuede ginn, awer ënnert kengen Ëmstänn kann op der Place de la Concorde ofgehale ginn. Dat wier aus Sécherheets weder méiglech nach ze Veräntwerten. Mee do gëtt e Problem: et gëtt keng Gespréichspartner, bei dësem „Bierger-Opstand“.

D‘Autoritéiten hunn och keng Zuelen zur Bedeelegung vum Dënschdeg virgeluecht, woubäi aus Police-Kreesser ze héiere war, datt si zu hirer 10.500 solle gewiescht sinn, verdeelt iwwert de ganzen Territoire. E Méindeg sollen si, esou eisen Informant, nach zu 27.000 op de Stroosse gestanen hunn. Um Samschdeg sinn „offiziell“ 290.000 Manifestante gezielt ginn.

Ënnerstëtzung aus dem Gewerkschaftslager

De Mouvement huet – wuel ongewollt – e staarke Partner fonnt, deen d‘Fuerderunge vun de giele Gileten ënnerstëtzt. Esou déi mächteg Federatioun Force Ouvrière (FO) mat hirem Departement „Transport & Logistik“, déi hir Memberen an Sympathisanten agelueden huet, sech den giele Gileten unzeschléissen, fir eng „Stäerkung vun der Kafkraaft“ ze erhalen. Si wëllen sech awer net de Mouvement zu eege maachen, a wiere bereet, hir eegen Aktiounen an d‘Wee ze leeden.

Bei e sëllechen Aktiounen ass et dann och zu Ausschreidunge komm, et gouf Gewalt ugewannt, randaléiert an zerstéiert. Ganz besonnesch hefteg soll et op der Insel vun der Reunioun gewiescht sinn, wat d‘Autoritéite genéidegt huet, en Dënschdeg eng Ausgangsspär fir d‘Hallschent vun de Gemenge vun der Insel unzeuerdnen. Et wiere Geschäfter zerstéiert a geplëmmt ginn, wat sech net duerch de Mouvement justifiéiere léisst.

Am Hexagon si sechs Persoune verhaft ginn, wëll si zu Langueux (Côtes d‘Armor) mat Projektillen op d‘Poliziste geworf hunn. Op der A10, um Peage vu Virsac (Gironde), huet en Trupp Toperten d‘Installatioune saccagéiert an a Brand gestach. De Gestionnaire, Vinci Autoroutes, huet wësse gelooss, datt géint dës Persounen eng Plainte deponéiert ginn ass. Laut de Sondagen, ginn déi giel Gilete vu 75% vun de Fransousen ënnerstëtzt. Wéi wäit de Mouvement goe kann, ass net gewosst.

mat AFP

Foto: Méi däitlech wéi hei, kann een et net zum Ausdrock bréngen. © Sebastien Salom Gomis/AFP

Ähnlech Sujeten Force ouvrière, giel Gileten, gilets jaunes, Kafkraaft, Protest, Spritpräisser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel