Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert
Fir verschidde grouss Internetkonzerner, wéi beispillsweis de Streaming-Déngscht Netflix oder
Fir verschidde grouss Internetkonzerner, wéi beispillsweis de Streaming-Déngscht Netflix oder
D’USA hunn dem Venezuela weider Sanktiounen operluecht. Domadder erhéijen se
An der Nuecht e Mëttwoch sollt d’Parlament a Polen eng
Am Kader vum Championnat vun der „Ligue Karting Grand Est“ zu Mirecourt, de 24. a 25. Mäerz, ass och déi éischt Manche vum Lëtzebuerger Karting-Championnat gefuer ginn. Fir vill jonk Piloten eng Geleeënheet sech auszeprobéieren, ze kucke wou ee steet a wat alles méiglech ass.
Eis Piloten hunn sech dann, hire Méiglechkeeten no, gutt presentéiert, konnten awer géint hir franséisch Komerode wéineg ausriichten. Mee et huet awer och Iwwerraschunge ginn, déi fir Houfert am Parc Fermé gesuergt hunn. An dat net emol onverdéngt…
Bei de Minimes, war de Manolo Martin de Rosales ugetrueden. Dem jonke Pilot sollt et net geléngen sech de Ronnenzäite vu senge franséische Konkurrenten unzehuelen. Mat engem Ecart an der Beschtzäit vu 17 Sekonnen op den éischten, an nach ëmmer 6 Sekonnen op de Virleschten, ass et leider déi lescht Plaz ginn. Dat huet awer keen Afloss op eist nationaalt Championnat.
Manolo Martin de Rosales © ACL-Sport
An der Kategorie Cadets, war de Pol Leytem un de Start gaangen. Hie konnt sech an der Vir-Finale nach mat enger gudder 6. Plaz am staark ëmkämpfte Starterfeld behaapten. An der Finale selwer wollt et dann net méi klappen. Tour fir Tour huet de jonke Pilot d‘Konkurrente misse passéiere loossen. Hie fiert dann och als Virleschten iwwert d‘Arrivée.
Pol Leytem © ACL-Sport
Bei de Cadets war dann awer nach e Lëtzebuerger ënnerwee, datt allerdéngs mat enger franséischer Lizenz. De Sam Even, dee fir d’Ecurie ASK Lommerange un de Depart gaangen ass, huet d’Landesfaarwen op déi beschte Manéier verdeedegt déi et gëtt. Hien huet d’Course einfach gewonnen an aus senger Freed um ieweschten Träppchen ze stoen, och kee Geheimnis gemaach.
Sam Even © ACL-Sport
Hoffnungen hat et och an der Kategorie National ginn. Hei ass d‘Lynn Even voll motiveiert un den Depart gaangen. D‘Knetzel hat sech an der Vir-Finale op Aktioun agestallt, huet mat 7 Zéngtel Retard op hir stäerkste Géignerin um Enn Plaz 8 beluecht. U sech zefridden, sollt et an der Finale leider keng Verbesserung ginn, an och hei kënnt d‘Pilotin vum ACL „nëmmen“ op Plaz 6.
Lynn Even © ACL-Sport
Bei de Senioren hunn déi Lëtzebuerger Hoffnungen op de Schëllere vum 17 Joer jonke Moritz Kohl geleeën. A béide Leef sollt den ACL-Pilot ënner 16 Starter, jeeweils als eeleften d‘Arrivée erreechen. Um Enn net déi schlechtste Placéierung, well hei ass d‘Konkurrenz ganz Staark. Et geet ëm Zéngtel, wat d‘Differenz vun 0,43 Sekonne bei der Beschtzäit däitlech mécht.
Moritz Kohl © ACL-Sport
Bis dohinner war de Weekend fir d‘ACL-Piloten a -Pilotinnen zimlech duerchwuess. Et ass un allem geschrauft, alles dräi, véier mol iwwerpréift ginn, an awer wollt et net wéi et hätt sollen. D‘Stëmmung bei de Lëtzebuerger war trotz allem gutt. Et geet een dat entspaant un, a besonnesch bei de Krapperten ass de Spaass an d‘Léiere nach dat wichtegst.
An der Kategorie Master-Gentlemen-Open huet de Gilles Leyers d‘Landesfaarwe verdeedegt. An dat mat enger gehéiereger Portioun Selbstvertrauen. An der Vir-Finale schonn emol direkt op déi zweet Plaz virgefuer, sollt de jonke Borscht et an der Finale op de Punkt bréngen. Souverän, trotz engem Ofstand ënnert enger Zéngtel, fiert den ACL-Pilot op déi iewescht Träppche vum Podium.
Gilles Leyers © ACL-Sport
Et war um Enn dann awer nach en erfollegräiche Weekend fir de Lëtzebuerger Karting. Sécher, et hätt ee sech besonnesch bei de jéngsten iwwert besser Placéierunge gefreet, mee et sollt ee bedenken, datt de Wanter grad emol eriwwer ass. Déi Kanner musse jo awer och d‘Zäit kréien hir Unhaltspunkten ze fannen.
Zudeem muss beduecht ginn, datt eis Piloten net déi selwecht Trainingsméiglechkeeten, wéi hir franséisch Kollegen hunn. Dat huet vill Grënn, mee et soll jo besser ginn. Ganz schued dann och d‘Feststellung, datt d‘Zoe Knebler, e Meedchen dat sech fir dëst Joer mindestens d‘ Kroun als Europameeschter krope wëll (a soll) déi éischt Manche vum Championnat verpasst huet.
1
74
0
0
6
8
6