Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Bréissel stellt sech op en Handelskrich mat den USA an
Neiegkeeten

Bréissel stellt sech op en Handelskrich mat den USA an

No der Ukënnegung duerch d‘USA, den Import vu Stol an

Lëtzebuerg: eng Chance fir e friddlecht Liewen fir d’Flüchtlingen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg: eng Chance fir e friddlecht Liewen fir d’Flüchtlingen

Den 16. an 17. August huet Lëtzebuerg 43 syresch Refugiéen

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?
Neiegkeeten

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?

Um haitege Mëtteg hunn a ganz Europa Protester géint den

Ginn et genuch Patientebetter am Nordspidol?

Ginn et genuch Patientebetter am Nordspidol?

Wann et mam demographesche Wandel an dem Wuesstem am grousse ganzen esou virugeet, datt sech d‘Awunnerzuel am Norde vu Lëtzebuerg während den nächste fënnef Joer sollt verduebelen, also de Kap vun den 120.000 Residenten iwwerschratt gëtt, dann huet dat en Impakt op de CHdN (Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck a Wolz). Hei gouf et Froen un de Gesondheetsminister.

Déi Deputéiert Martine Hansen a Marco Schank (CSV), wollte vum Minister Etienne Schneider wëssen, wat hie gedenkt ze ënnerhuelen, vu datt d‘Zuel vun der Better zu Ettelbréck net onendlech ass, a Wolz jo emol sollt ganz zougemaach ginn. Et wier allerdéngs scho bal eppes wéi e Wonner, wann d‘Regierung esou mir näischt dir näischt, den demographesche Wandel géif berécksiichtegen.

A si haten nach Zuelen am Gepäck: bis 2022 sollt de ChdN iwwer 2,65 Better pro dausend Awunner verfügen. 2017, huet de ChdN iwwer 327 sougenannt Behandlungsbetter, an nach emol 30 Better fir déi geriatresch Rehabilitatioun verfüügt. Am ganze Land waren et 2.795 Better déi de Patienten am Land konnten ugebuede ginn. Mat 3,55/p.d.A. huet een also liicht ënnert der Moyenne geleeën.

Déi huet op nationalem Niveau bei 3,76/p.d.A. am Joer 2017 geleeën, an 2018 wier dës Moyenne op 3,9/p.d.A. geklommen. Laut dem Spidolsgesetz, esou de Minister, dierf de CHdN iwwert 700 Behandlungsbetter verfügen. Den Etienne Schneider erënnert drun, datt de CHdN d‘lescht Joer eng Demande iwwer 321 Behandlungsbetter an 36 Better fir de „kuerzen Openthalt“ agereecht hat.

An dës Better sinn op 27 verschidde Servicer opgedeelt, woubäi d‘Demande vum CHdN 3,5/p.d.A entsprécht, wéi et aus den Donnéeë vum Statec ze enthuelen ass. 2017 huet d‘Land iwwert 2.251 Behandlungsbetter (dovunner 159 fir Intensiv-Soinen) verfüügt, während d‘Spidolsgesetz der fir d‘Land insgesamt 2.350 zouléisst. Vill Spillraum fir den Norden ass dat nawell elo och net grad.

Mee de Gesondheetsminister ass a bleift zouversiichtlech, an esou wéi den demographesche Wandel berécksiichtegt gouf, wéi d‘Gesetz vum 8. Mäerz 2018 ausgeschafft ginn ass, esou géif een och der weiderer Landesentwécklung Rechnung droen. Den Ament géif et e System zur Dokumentatioun vu Spidolsopenthalter. Heimatter sollten d‘Besoine vun de verschiddenen Haiser besser ermëttelt ginn.

Ähnlech Sujeten CHdN, Etienne Schneider, Marco Schank, Martine Hansen, Nordspidol, Patientebetter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel